Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Featured

Eis Renten an de Populismus vu lénks! 

Eis Renten an de Populismus vu lénks!

An e puer Joer ass et esou wäit, an eisem Pensiounsdëppen entsteet kloer Britt! D’Ausgabe gi méi grouss ewéi d’Einnamen. An anere Wieder: et gëtt méi un déi Pensionéiert ausbezuelt ewéi neit Geld via Cotisatiounen erakommen. Wierklech eng Iwwerraschung ass et net, ma déi Rout an déi Gréng schloen elo schonn op d’Blechtrommel: déi nei Regierung hätt wëlles, de Sozialstaat ausbludden ze loossen.  Hinnen äntweren ech: Kanner, packt Iech!

Wien war dann déi lescht 10 Joer an der Regierung? Wien hat dann déi lescht 30 Joer de Sozialministère a senge Ressortkompetenzen? Wann een déi Gréng a besonnesch déi Rout op de 700.000 Awunnerstaat ugeschwat huet, krut een d’Äntwert erofgeleiert: et steet alles beim Rifkin nozeliesen. That’s all folks! Méi wéi déi Zeil war ni ze héieren oder ze liesen. Ma d’Stonn vun der Wouerecht réckelt méi no, da ka kee méi sech hanner eidele Phrase verstoppen.

Bei de Genosse regéiert zanter Joerzéngten d’Crémant-Stëmmung. Vive de Sozialstaat, dee ronn d’Halschecht ausmécht vum Staatsbudget. Fir d’Sozialiste sinn d’Zäite scho laang eriwwer wou sech Gedanke gemaach goufen, wou déi (vill) Suen hierkommen. No der Ära Jeannot Krecké a virun allem an deenen 10 Joer Gambia huet de Motto gegollen: et kascht, wat et kascht!

E kuerze Verglach mat eisem Noper déisäits der Musel. An Däitschland sinn d’Paien net schlecht, leien esou guer dacks iwwer eisen Tariffer. Ma wuelverstanen: am Brutto! An Teutonien blecht een nämlech 39,75 Prozent u Sozial-Cotisatiounen, dorënner 18,6% fir d’Renteversécherung. Zu Lëtzebuerg komme mir op déi berüchtegt 3 x 8 Prozent! 8 Prozent bezilt de Staat, 8 Prozent de Patron an 8 Prozent de Salarié.

Photo by Pixabay: https://www.pexels.com/photo/man-standing-beside-woman-on-swing-34761/

Déi niddereg Lounniewekäschten hunn eis extreem kompetitiv vis-à-vis vum Ausland gemaach, ma ginn elo mathematesch net méi op. Zanter iwwer engem Véierels Joerhonnert ass gewosst, datt de Grand-Duché e Wuestum brauch vun all Joer tëscht 3 a 4 Prozent fir de Schmant am  Pensiounsdëppe kënnen ze hale mat deementspriechend vill neien  Aarbechtsplazen. Also nach méi Trafic op de Stroossen, nach méi Gequëtschs um Wunnengsmaart.

Eigentlech hätt de Sujet op d’mannst déi Gréng mussen interpelléieren. Ma d’Partei vun Tram a Vëlo huet sech léiwer am Beichtstull verstoppt, si wosst wéi quokeleg de Sujet ka sinn. Et ass nämlech net esou einfach, dem Bierger matzedeelen, datt allgemeng muss op d’Brems gedréckt ginn. Dofir awer elo déck Bake maachen, ass net ubruecht,…et sief dann si wéilten sech selwer strofen.

Déi nei rout-gréng Allianz op der Säit vun den Oppositiounsbänken huet gläich um Ufank vun der Legislaturperiod kloer gemaach, a wéi eng Richtung si d’Diskussiounen iwwer d’Staatsfinanze wëlle féieren: déi al CSV mat hirem net grad esou neie Luc wëll spueren, spueren, spueren a mir mussen all bludde, bludde, bludden! Entschëllegt! Ma dat doten ass Populismus vu lénks!

Wien eng Grëtz Anung huet vun Ekonomie dee weess, datt a schwieregen Zäiten de Staat muss massiv intervenéieren, an also och Scholde maachen. Deen nämmlechte Staat muss awer a besseren Zäite probéieren, déi Scholde lues a lues ofzebauen. Et ass déi zweet Phase, déi gäre vergiess gëtt, an esou huet de franséischen Noper eng Staatsschold vun 3000 Milliarden!

Den ‘ale Luc‘ hunn ech am Laf vu bal 40 Joer Journalismus kennegeléiert, mat Spannung waarden ech op den ‘neie Luc’. Déi eeler Versioun huet an hirem Buch Europa 5.0 iwwer d’Renten ënner anerem geschriwwen: Ausgewogene Balance der drei Säulen macht Altersvorsorge zukunftsfest. Do mécht keen him eppes falsch, ma et bleift ofzewaarden, wat déi nei Versioun ënner “ausgewogen” versteet.

Den haitege Staatsminister ass nämlech en absolutte Fan vum drëtte Pilier fir de Rentesystem. Esou weist hien am Buch drop hinn, datt elo schonn an Däitschland ronn en Drëttel vun der Populatioun op dee private Pilier zeréckgräift, an datt zugläich dee fräiwëllege System nach an de Kannerschong stécht. D’Fro bleift: ass de Luc Frieden 23.0 sech bewosst, datt e groussen Deel vun de Leit sech eng Zousaz-Altersversécherung net leeschte kann a wann, da just minimal?

Do soll een allerdéngs dem neie Premier a virun allem der neier Sozialministesch Martine Deprez e bësselchen Zäit loossen. Ech perséinlech si scho mol frou, datt d’Problematik iwwerhaapt opgeworf gëtt….no 9 Joer Stëllstand ënner Gambia. Datt d’Rentendëppe keen Tischlein deck dich ass, huet schliisslech och de fréier-fréiere Minister Mars di Bartolomeo an der Zäit unerkannt an hien huet ëmmer vu Schrauwe geschwat, déi lues a lues kéinten ugezu gi fir entweder méi Suen eranzekréien, manner Suen auszeginn oder béides zugläich.

mdB on facebook

Just datt de Minister ni dru geduecht huet, de Sechs-Kant-Schlëssel erauszehuelen.Léiwer Zockerwäffelcher baken! D’Schrauwe goufen oxidéiere gelooss, keng Rascht fir de Sozialstaat. Elo allerdéngs muss reagéiert ginn: a 4 Joer ginn d’Reserven ugezaapt, a 15 Joer ass kee Speckgréif méi am Dëppen. Net onbedéngt fir ze panikéieren, ma et ass duerchaus ubruecht, elo a Rou doriwwer ze diskutéieren.

“Mir hunn eis virun 11 Joer absolutt net verrechent, sot de Mars Di Bartolomeo am RTL-Interview. Dat huet och kee behaapt! Et waren iwwregens an der Haaptsaach Berechnunge vum Patronat. A well déi richteg waren a sinn, hätt ee viru Joren kënnen déi nei-al Problematik thematiséieren.  E bësselche méi spéit am RTL-Gespréich wëll de Mars eis wakereg rëselen: “Ech spieren d’Spuer-Bestriewunge vun der Regierung a rëselen un der Alarmklack. Ech hunn Angscht, datt mir hei een Zweeklasse-Pensiounsregimm schafen.”  Wéi géing den Depardieu soen: wat huet deen eng Nues! 

Bild von Prawny auf Pixabay

Bei allem Versteesdemech fir Trommel-Kaméidi vun Oppositiounsparteien: dat do ass politescht Oprëschten! D’LASEP-Strategie steet fest, si wëll elo schonn d’Maginot-Ligne zeechne mat op där enger Säit d’Regierung an d’Patronat an op där anerer d’Salariat. Nach ier Gespréicher mat de Sozialpartner ugefaangen hunn, ginn d’Messere geschlaff, gëtt zum groussen Hallali geblosen. Schued! Eis Renten hätte méi Seriositéit verdéngt.

Ech kennen d’Madamm Deprez NULL, en onbeschriwwent Blat fir mech. Si wäert an de leschte Woche scho geléiert hunn, datt et an der Politik net duergeet, eleng eng gutt Mathematikerin ze sinn. An nawell soll een där Fra, soll een der Regierung d’Chance ginn, sech iwwerhaapt ze artikuléieren…fir d’Klappjuegd bleift ëmmer nach Zäit!

Related posts

4 Comments

  1. Frank Bertemes

    An Däitschland hunn déi Liberal een neien Ulaf geholl: Generationenkapital – an deen Numm dierft wuel Programm sinn…Den Här Frieden (deem dat net onbekannt sinn dierft) ass bekanntlech (EU oblige) ee groussen Unhänger – an den Här Kaiser bemierkt dat hei am Text – vum héchst zweifelhaten drëtte Pilier – der privater Zousazpensioun -… déi wéivill Leit sech kënne leeschten, onofhängeg mol vun där douteuser Prestatioun, wann et da mol souwäit ass??
    Absolut averstanen, mir mussen an der Renten- a Pensiounsversécherung endlech konkret ginn – awer onbedéngt an där éischter Seil, där gesetzlecher Altersversécherung bleiwen, déi et ze fianzéieren an och ofzeséchere gëllt. An dobäi si verschidde Méiglechkeeten, dat ze maachen: eng liicht Erhéigung vun de Cotisatiounen (déi d’Patronaawer bis haut net wëll) an endlech mol driwwer nodenken, och mol aner Sources de revenus vun der Besteierung fir d’Finanzéierung vun de Renten a Pensiounen (a jo, dat gëllt absolut och fir d’Pensioune vun de Spezialregimer vun de Beamten) erunnzezéien an domat de System insgesamt an zukunftsorientéiert ofzesécheren. A richteg: déi nei Ministësch huet hei een Dossier ze traitéieren, dee vill ze laang schleeft a sécherlech keen “Honigschlecken” duerstellt. An datt dat alles am Dialog mat de Sozialpartner muss oflafen, dierft an enger Demokratie, an där sech all Regierung muss hirer sozialer Verantwortung an der Solidaritéit vun de Generatiounen bewosst sinn, wuel evident sinn…

    1. Guy Kaiser

      Richteg Här Bertemes. Dobeai soen ech net kategoresch neen zum drëtte Pilier, et mussen allerdéngs méi contraignant Gesetzer kommen wat dVerspriechen vu spéidere Prestatioune betrëfft., Ech sinn nach ë nert en alt Reglement gefall: ech krut ausgerechent, datt ech 88 Joer géing al ginn an esou kréien ech all Mount 44 Euro Zousazpensioun. Wann ech dat Duebelt abezuelt hätt, wären et der 88. Dat geet net duer fir eng LSAP-Fläsch roude Wäin….

  2. Frank Bertemes

    …an eeben och absolut keen NEEN zum zweete Pilier, der betriiblecher Rent. All dat soll de Betriber an (wéi deen drëtte Pilier) de Privatpersounen an de Versécherer hir Saach sinn, dat muss jidderee fir sech an no sengem private Budget entscheeden, keng Fro! Grad esou wéi eng privat Krankevesécherung och… Just w.e.gl. net op Käschte vun där sakro-sankter staatlecher Sozialversécherung, dorëm geet et – an natierlech an deem Kontext och fir eng reng staatlech Sockelrent (déi da sécherlech niddreg ausfale géif ) ze vermeiden.
    Am Résumé: Mir mussen alles maachen fir eisn exzellente Sozialsystem insgesamt z’erhalen, ze stäipen an ofzesécheren.
    Dat misst dach awer méiglech sinn…Ech hunn do schonn eng gewëssen Hoffnung an eis nei Ministësch, déi mir absolut serieux ze si schéngt. Och do sollte mir där Fra vis-à-vis fair bleiwen …

  3. RF

    Alles richteg mais…., weini schwetzen mer dann emol vun den Staatspensiounen, an ganz allgemeng…., den horrenten Keschten vum Staatsapparat ?
    Virwat emmer den Privatsecteur? mir kreien keng 5/6 Pensioun, etcetc.
    En plus finazeiert Privatwirtschaft en gudden Deel vum Staatsbudget.

    Dat as och 2 Klasssengesellschaft.

    An elo soll keen soen , ‘Dier kennt jo och bei den Staat schaffen goen’, ne merci, ech hun 40 Joer land leiwer eng erausfuedernden interessanten Job gehat, an net musse no Burosstonnen an 5 Klippercher engageirt sin, vier meng Bestaetegung ze fannen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *