Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Ass et der Regierung eescht gemengt mat Ëmweltschutz a Klimawiessel? 

Ass et der Regierung eescht gemengt mat Ëmweltschutz a Klimawiessel?
Image par Peter H de Pixabay

d’Fro stellt sech, wann ee sech den ordre du jour vum Chamberplenum ukuckt! Dës Woch geet et an der Haaptsaach ëm de Staatsbudget vum neie Joer. Direkt muer geet et um 14 Auer 30 lass: den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten mécht säi Rapport, duerno fänken d’Diskussiounen unn: Mëttwochs Moies um 8 Auer, wou sech och en Exposé ze erwaarden ass vum zoustännege Minister Pierre Gramegna iwwer déi budgetaire programmation plurieannuelle bis d’Joer 2023, mat nees engkéier enger Ried vum Budgetsrapporteur Yves Cruchten, Mëttwoch Mëttes geet d’Debatt weider iwwer dat deierst Gesetz vum Joer, a well sech fir dee Projet Jenni a Menni zu Wuert mellen, ginn d’Gespréicher den Dag drop an d’Verlängerung, nees engkéier vun 8 Auer unn. Da mussen déi Hären an Dammen Deputéierten kucken, wéi si laanscht de Stau Moies fréi op de Stroosse kommen. Ma et riskéiert och am Plenum ze stauen. Well wann de Budget bis ugeholl ass, geet et weider mam Projet 7466, mat Aennerungen wat d’Steiergesetz um Akommes betrëfft an och d’Konten vun der Chamber selwer fir dat laafend Joer musse gutt geheescht ginn. Et geet also mol virun allem vill ëm de Fric!

doniewt  stinn nach eng Partie Resolutiounen um Programm: d’Konten vun der Cour des comptes, d’Konten vum Mediateur an och d’Konten vum centre pour l’égalité de traitement. Alles Donneschdes Moies vun 8 Auer unn. An der Mëttespaus gëtt séier e Bréitchen eragefeiert an um 2 geet et weider, an zwar ënnert anerem zweemol mat Klimaschutz; eemol mat enger Aktualitéitsstonn, déi vun der CSV ugefrot gi war a wou eng Zort Bilan vun der COP25 zu Madrid gemaach gëtt an en plus nach eng Debatt iwwer den nationalen Energie- a Klimaplang. Am spéiden Owend geet et dann an d’Chrëschtdagsvakanz. De Plenum kënnt eng nächste Kéier zesummen eréischt den 21. Januar. Um ordre du jour fir déi parlamentaresch Woch am neie Joer steet den Ament nach näischt. Ma dozou bleiwt jo nach Zäit. Wourobber wëll ech eraus?

nun, wann een et eescht mengt mat Klimapak an esou, dann hëlt een sech och déi néideg Zäit. Wat an dëser Woch op d’Deputéierten duerkënnt, ass en “Hauruckverfahren”! De ganze Januar ass bis ewell eng eenzeg Woch fir Chambersëtzunge virgesin, idem am Februar. Et héiert een, et wär den Ament net besonnesch vill an der Pipeline vu Gesetzprojet. Et hätt een also duerchaus kënnen déi Ëmweltdiskussiounen an de Januar era verleeën, fir eng uerdentlech Diskussioun, wou ee gewëssene Quantum u Polemik sécher net wäert ausbleiwen.

Wat des Woch op parlamentareschem Plang geschitt, ass den Hopplahopp-Style, deen déi Gréng an hirer Oppositiounszäit regelméisseg der CSV virgehäit hunn. Zu Recht! Schued, datt si et elo d’nämmlecht maachen, an de Virworf, deen si sech musse gefale loossen, bleiwt deen nämmlechten: d’Parlament net eescht ze huelen, eppes ze verstoppen ze hunn, net genuch preparéiert ze sinn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *