Politiker si kee Fräiwëld!

0
967
Image par cocoparisienne de Pixabay

D’Press léisst sech gären de 4. Pouvoir nennen an enger demokratescher Gesellschaft. An esou fären si déi aner 3 Pouvoiren am A behält, si kritesch begleet a kontrolléiert. Virop d’Politiker. Si sëtzen dacks un de Schalthiewel vun der Muecht, si gëllt et, ze iwwerwaachen. Do kann de Journalist roueg mat haarde Bandagen schaffen, an awer musse verschidde Spillreegelen respektéiert ginn.

De Vizepremier an Aarbechtsminister Dan Kersch war virgëschter Invité am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg. Nach ier et ëm d’Politik goung, krut de Sozialist eng Fro un de Kapp geknallt, wat seng Duechter betrëfft. Déi jonk Fra hat nämlech fir d’Europawahlen kandidéiert, war allerdéngs net gewielt ginn an huet elo eng Aarbechtsplaz am Kooperatiounsministere. Dee Ressort ass den Ablack an den Hänn vun de Sozialisten.

Also kann een zur Konklusioun, pardon, zum Verdacht kommen, datt dat no Favoritismus richt. Kann, muss awer net. De Minister gouf gebieden, doropper ze reagéieren, Stellung ze huelen, also kloer ze stellen, datt alles no de Reegelen vun der Konscht gelaf ass. Den Dan Kersch koum un d’Paddelen, huet esouguer aggressiv reagéiert. Eng Situatioun wou hien egal wéi net draus eraus konnt kommen. Eng Situatioun, wou ëmmer eppes bei den Nolauschterer hänke bleift! Wuel hätt de Mann kënne soen, datt senger Meenung no alles säi richtege Wee gaange wier an der Selektioun vum Meedchen, mä, hätten déi meescht vun eis et och gegleeft? E Schmunzelen wär duerch den Uelzecht’s-Dall gezunn….

De Mann a Papp Kersch huet nervös reagéiert. Et wier jo kee Verbriechen, wann d’Kanner vu Politiker géingen bei de Staat schaffe goen. Fir de Rescht hätt déi Fro näischt an esou enger Sendung ze sichen. Op deem Punkt iert sech de Minister. D’Fro ass duerchaus berechtegt, just datt de Journalist net weider konnt argumentéieren, firwat datt hien déi Fro gestallt huet. Just vun ‘ héiere-soen’! Die Beweislage ist sehr dürftig, géing de Kommissar Nick Knatterton grommelen, also wier et besser gewiescht, de Sujet guer net unzeschwätzen.

Den Dan Kersch ass wuel Minister, ma virun allem e Mënsch. Och dann, wann ee politesch net mat him averstanen ass. Bei senger Duechter schwätze mir vun enger jonker Persoun, déi grad ugefaangen huet, hiert berufflecht Liewen ze organiséieren. Fir déi Zwee muss d’présemption d’innocence gëllen! Hei awer gëtt mam Fanger op si gewisen. Stellt Iech vir, Äert Kand wier duerch esou een Ausrutscher d’Haaptgespréich op alle Stamineeën!

Grad déi lescht 10 Joer sinn ech enger Partie ” Décken Déier” iwwert de Wee gelaaf, net nëmmen aus der Politik, och aus der Wirtschaft. Déi, déi nieft dem Beruff Papp oder Mamm sinn, hunn dacks hiert Leed geklot: et géif een zwar vill Leit kennen, ma mol net am Dram drun denken mat deenen iwwer hir Kanner ze schwätzen. Et géing een sech scho genéieren, och nëmmen Informatiounen ze froen. Net ze schwätzen fir eng Plaz ze fannen. Eng Zort Auto-Zensur!

Natierlech gëtt et och där anerer. Vetternwirtschaft. An och ech sinn dervunner iwwerzeegt, datt déi déck Pätter hieren Nowuess besser a méi séier ënnerdaach kréien, ewéi déi mat de schmuele Schëlleren. An nawell fannen ech et net richteg, e Politiker mol einfach esou ze verdächtegen, an e schlecht Liicht ze réckelen. Dat ass de mauvais goût. Hei handelt et sech ëm e CDD op zwee Joer, deen normal ausgeschriwwe gi war. Sollt eppes an der Selektioun net riicht gelaf sinn, muss een scho besser Kaarten hunn ewéi just mol eppes an d’Landschaft ze setzen!

Ech geheien dëse Pavé an d’Waasser. Ënner de Journalisten gëtt reegelméisseg de Spréchelchen zitéiet:” Le journalisme mène à tout, sous condition d’en sortir à temps!” A grad an de leschte Joer hunn vill Journalisten hiere Beruff verlooss fir bei de Staat ze wiesselen. Si hate manner Journalismus an der Panz wéi si selwer duechten a wollten och endlech eng geséchert Plaz mat engem anstännegen Akommes. Näischt géint hir Decisioun ze soen.

A wien kontrolléiert de 4. Pouvoir?

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here