Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Et huet gereent a gestiermt, wéi de Gramegna mat der Géisskan koum 

Et huet gereent a gestiermt, wéi de Gramegna mat der Géisskan koum
image credits:Luxemburger Wort

d’räierkoalitioun mécht et der Oppositioun, virop der CSV, esou richteg schwéier. Den 1. Staatsbudget vu Gambia 2 ass extreem zolitt opgebaut, zwar mat engem Defizit, dofir awer mat héigen Investissementer. Dat, wat ee kann kritiséieren, ass, datt méichlecherweis mat den Investitiounen iwwerdriwwe gëtt an datt net genuch vun der Geleegenheet profitéiert gouf, fir eppes op d’Säit ze leeën. Dobei muss een zegutt halen, datt zwar CSV vum “fonds souverain” geschwat huet, ma datt et Gambia 1 wor, déi hien en place gesat huet. Zanterhir goufen all Joer 50 Milliounen an deem Fong plasséiert. Kackhuetten, besonnesch wou 2018 wahrscheinlech mat enger schwaarzer Null wäert kënnen ofgeschloss ginn!

“…Matt dësem Budget start d’Regierung voll duerch…”

war den allgemengen Tenor vu Majoritéitssäit direkt no der Presentatioun vum Budget. A well d’Regierung aus dräi Parteien besteet, hunn d’Chifferen jidderengem op déi eng oder aner Manéier musse gerecht ginn: fir déi Rout ass déi sozial Cohesioun wichteg, fir déi Blo d’Kompetitivitéit a fir déi Gréng d’Nohaltegkeet.

image credits: pixabay

Eleng d’gratis Kannerbetreiung léisst de Staat sech dëst Joer 421 Millioune kaschten, de congé parental der 237; den Edukatiounsministère kritt 2,5 Milliarden, iwwer 2 Milliarden och fir de Minister Bausch. Et handelt sech zu engem groussen Deel ëm Chifferen, déi sech déi Joer drop widderhuelen, déi also och d’Budget no 2019 kënnen hypothekéieren.

 

.

Trotzdeem! Et hätt en duerchaus kënnen e puer Millioune méi op d’Säit leeën, an nawell ass et dëst Joer komplizéiert fir d’CSV, do eng richteg Attack kënnen ze reiden. D’Avantagen fir d’Bierger sinn einfach ze grouss: gratis ëffentlechen Transport, gratis Crèchen, 100 Euro méi fir de Mindestlouhn. Domatter gëtt ville Leit esou richteg gehollef, an et riskéiert een, sech lächerlech ze maachen, wann ee mat der Spuerstrëmp geschlach kënnt. Nach ëmmer ass de Leit d’Haut méi no wéi d’Hiem.

De Budget 2019 kënnen déi Chrëschtlechsozial vergiessen! Do ass fir si net vill Musek drann. Et geet hir esou wéi anere Parteien, déi an der Oppositioun waren ënner enger CSV-Regierung: wann d’Geld gespruddelt kënnt, léisst de Finanzminister et lafen!

image credits: pixabay

Dat war bei Juncker a Frieden net aaneschters, an de Wieler huet an der Wahlcabine dofir säi Merci ausgedréckt. D’Hoffnung gëtt op déi nächst Joer geluecht, wann et am internationalen Ëmfeld  wirtschaftlech manner gutt sollt rullen; da kéinten dem Gramegna seng Chifferen d’Kopplabunz schloen. Vum Brexit kann d’Land duerchaus profitéieren, ma et soll keen denken, wéi wann d’Finanzplaaz London net elo schonn un engem Plang “B” géing schaffen, fir an e puer joer nees op stramme Wueden ze stoen; firwat sos huet de Finanzminister kierzlech bei der ALFI (Associatioun vun den Investmentfongen) zimlech däitlech ze verstoe ginn, datt een eppes misst un der taxe d’abonnement änneren?! Doniewt bleiwt ofzewarden, wéi sech d’SOPARFI am Grand-Duché wäerten entwéckelen! Schonn eleng aus där Uursaach wier et méi gescheit gewierscht, dëst Joer d’Strenz net grad esou voll ze maachen.

Eppes muss ech awer nach lass ginn: déi “Oekosteier” um Sprit ass Mukkefuck. 1 Cent méi um Liter Bensin, 2 Cent méi um Diesel, et wäert jo hoffentlech kee vun de Politiker am Eescht drunner gleewen, datt doduerger den Tanktourismus ofhëlt?! Den différentiel vis-à-vis vum Ausland wäert ënner dem Stréch deen nämmlechte bleiwen. Et ass mam Spritt wéi mam Tubak: mir verdénge saugutt domatter, an esou soll et wuel och bleiwen. Just maximal 2,5 Milliounen soll déi Hausse op den Accisen d’Joer erabréngen, woumatter kloer gestallt ass, datt dës Steier näischt ze dinn huet, fir de gratis ëffentlechen Transport mat ze finanzéieren! Wéinstens dat…

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *