Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Europa

Lëtzebuerger EUROPA-Zirkus! 

Lëtzebuerger EUROPA-Zirkus!
Image par danydeseure de Pixabay

 

Déi politesch Aktualitéit kënnt dës Woch definitiv aus dem Europa-Parlament. Do gouf et den Tëschefall vun der Monica Semedo: d’DP-Vertriederin huet e gehéiregen Dossier vu Mobbing géint 3 fréier Mataarbechter unhänken. Den Dossier ass 100 Säiten déck a gouf am Laf vun 10 Méint zesumme gestallt. Et ass kaum dermadder ze rechnen, datt si d'”Saach” mat enger schrëftlecher Entschëllegung lass ass, ëmsou méi, wou Volkes Zorn grouss ass. Sollt si weider am Parlament zu Strossbuerg siegéieren, esou ass hiert politescht Mandat dach wuel futsch.

An dann hunn zwee aner Europa-Deputéierten gëschter fir d’Iwwerraschung gesuergt: Marc Angel an Tilly Metz, deen een, LSAP, déi aner Gréng. Am Plenum goung et gëschter ënnert anerem ëm Steieroasen, also och ëm Lëtzebuerg. D’EU-Parlament hätt gären, datt déi ablécklech Lëscht vun de Steieroasen completéiert gëtt, zum Beispill mat de Kaiman-Inselen, zum Beispill mat Lëtzebuerg. Dobäi gëtt kee beim Numm genannt, mä, wéi den Diego Velazquez et am Lëtzebuerger Wort beschreift: “„Das EU-Parlament unterstreicht, dass einige Mitgliedstaaten regelmäßig länderspezifische Empfehlungen der EU-Kommission erhalten haben, um die dort ermöglichte aggressiven Steuerplanung zu unterbinden“, so die Stellungnahme, in der das Parlament dann dafür plädiert, diese EU-Staaten „als Steueroasen anzusehen, bis wesentliche Steuerreformen dort durchgeführt werden“

D’Zäiten vun de Steieroasen missten tatsächlech eriwwer sinn, duerch si feelen ëmmerhin all Joer der ëffentlecher Hand an der Europäescher Unioun 500 Milliarden Euro. De Grand-Duché huet sech am Laf vun de leschte 25 Joer adaptéiert, dobäi allerdéngs ni d’Konkurrenz aus dem Ausland aus den Aen verluer. Wat notzt et, senger eegener Finanzplaz ze schueden, wann op aneren Ecker vun der Welt sech net och un méi modern Steiergerechtegkeet gehale gëtt?!. D’Adaptatiounen koumen also deementspriechend lues vun der Plaz. Politesch gouf et quasi eng helleg Unioun tëscht de grousse Parteien. D’Finanzplaz ass fir 50 Prozent vun eisem nationale PIB zoustänneg!

“…déi partei-politesch Unioun war besonnesch staark op europäeschem Niveau!…”

wann et ëm national Interessi goung, hunn déi lescht Joerzéngten déi 6 Lëtzebuerger Vertrieder am Europa-Parlament zesummegehal wéi Pech a Schwiefel: Entwécklung vun der Stolindustrie, Bankgeheimnis…Déi Traditioun hunn Marc Angel an Tilly Metz gëschter gebrach. Si hu gëschter fir dee Paragraph gestëmmt, déi 4 aner – zwee Bloer an zwee Schwaarzer- dergéint.

Och wann een der Meenung ka sinn, datt Traditiounen dofir do sinn, fir si engesdaags ze briechen, esou stellt sech dach d’Fro: firwat virun de Won lafen, grad elo? Well eis Finanzplaz ass um Punkt, eng Zensur ausgestallt ze kréien. Dee verhasste GAFI (groupe d’action financière) war nämlech am Hierscht bei eis zu Gaascht, fir d’Finanzplaz op Häerz an Nieren ze iwwerpréiwen. De Rapport gëtt sech an den nächste Méint erwaart. E Rapport an deem wéi gewinnt wäerten Recommandatiounen ze liese sinn.

De Vott Angel-Metz ass politesch onglécklech. Dorobber huet gëschter Mëtten am nationale Parlament den CSV-Vertrieder Laurent Mosar higewisen. Schweigen der Lämmer op de Regierungsbänken, ma et héiert een hannert de Kulissen, datt et domadder net gedoen ass. An der Politik ass d’Nospill bekanntlech dacks grad esou interessant ewéi dat, wat virdru koum….

 

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Naja, wann een kuckt op wat a wou heizuland Steieren an Taxen mussen bezuelt gin, sief et vun Privatpersounen, Geschäftsleit oder Firmaen, kann een wahrlech net soen, dass Lëtzebuerg eng Steieroase soll sin.
    Dass et Leit gett, meeschtens och nach gutt situéierter, déi bei esou “Versammlungen” sech wëllen ervirdoen an mengen an engem Acte vun politescher Bienpensée den Aascht missen ofseeën op deem sie an hir Matbierger setzen, ass an deenen heitegen Zäiten ferme verwonnerlech. Do fällt engem nëmmen dat Sprachwuert an, “Nur die dümmsten Schafe wählen ihre Schlächter selbst”.
    Dat selwecht zielt iwweregens och fir d’Steierrecetten vum Duerchgangstrafick.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *