Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Wat soll dat PCR-Gepiddels, Madamm Lenert? 

Wat soll dat PCR-Gepiddels, Madamm Lenert?
gouvernement.lu

 

Madamm Gesondheetsminister,

eng Koppel freet sech onmoosseg op eng Vakanz am waarme Süden. Si hat onglécklecherweis d’Rechnung ouni de PCR-Test gemaach.

Der Madamm hiert Resultat war positif faible. Grad wéi wann ee just e bësselche schwanger kéint sinn! D’Terminologie goung allemol duer, fir d’Vakanz ze sträichen an och e Vaccinatiouns-Rendezvous. Dobäi hat d’Fra null Symptomer.

Do wär u sech nach näischt dergéint ze soen, wann et da wouer wier. D’Fra – vun där ech ausféierlech an engem Artikel geschriwwen hunn http://bit.ly/3v1aMtw – huet der Saach komplett mësstraut. Si sollt Recht behalen!

Dat liicht positiivt Resultat koum Freides. 3 Deeg drop, also Méindes goung d’Fra an e weideren Test. Schonn Owes koum d’Resultat elektronesch erageflattert wéi eng wäiss Friddensdauf. NEGATIF!

Bannent 81 Stonnen also de komplette Revirement. Och op Ärer Helpline waren si der Meenung: wien eng Kéier positiv ass, riskéiert dat fir Wochen ze bleiwen. An där Logik kann ee just zu der Konklusioun kommen: op d’mannst eent vun de Resultater war falsch! Ma et kënnt nach besser. Santé! Hau den Lukas!

D’Koppel huet sech op hir levée d’ordonnances gefreet, d’Madamm eraus aus dem Isolement, den Här aus der Quarantaine. Flott! Has de geduecht. Santé is watching you! Fir d’éischt koum eng mail: Isolatioun a Quarantaine lafe wéi geplangt weider. Fir de Ministère de la santé ziélt deen éischte positiven Test! A 15 Stonnen nom Bescheed vum Test en Uruff: écoutéeuh, il va falloir que le docteur fasse une réévaluation de votre dossier. Op Lëtzebuergesch: den Dokter kuckt sech nach emol Ärt Resultat un. Laangt Warden beim Telefon.

Déi zwou Ordonnancen goufen tatsächlech opgehuewen. Explikatioun: well d’Madamm am éischten Test just liicht infektiéis war (soll gewierscht sinn), an elo am zweeten Test 3 Deeg duerno negativ war, kann den Alarm ofgeblose ginn. Vu positiv Zack op negativ, dat wär medezinnesch net méiglech. Wär dat de Fall gewierscht, hätt hien den Isolement net opgehuewen, sech also iwwer de Verdikt vum Laboratoire ewechgesat. Eng Iwwerleeung, déi den Zuelenzalot vun den (Nei)Infektiounen komplett duerchernee pucht!

D’Vertrauen vun där Koppel an déi TESTEREI ass net onbedéngt méi grouss ginn. Ween negativ ass, hat ebe Chance, positif faible oder och positif douteux geet duer, fir duerchzefalen. Dobäi ass et esou, datt ech perséinlech am Laf vun de leschte Méint vun zeg änleche Fäll héieren hunn, souguer vun engem stännegen Hin-an-Hier tëscht positiv an negativ bei enger an där nämmlechter Persoun! Grad wéi am Roulettespill: mol schwaarz, mol rout. Grad wéi wann den erwuessene Bierger näischt Besseres ze dinn hätt.

Et stellt sech ëmmer nach d’Fro vun der Fiabilitéit vun den Tester- och déi duerch d’Nues. An dorunner gekoppelt, d’Fro vun de Kollateralschied fir d’Wirtschaft. Dat PCR-Gepiddels huet jo d’Koppel ëmmerhin e puer dausend Euro kascht, déi elo vun der Assurance mussen iwwerholl ginn. Déi ass begeeschtert!

Dir proposéiert an Ärer Ordonnance vun der Santé d’Méiglechkeet, a Recours ze goen. Wéi schäinhelleg! Et huet een just dräi Deeg Zäit. Bannent deenen dräi Deeg, wou d’Persoun am Isolement ass, ass et verbueden an en zweeten Test ze goen. Recours géint wat also? A grad wéi wann d’Verwaltungsgeriicht kéint tranchéieren, wat dat dann elo bedeit: positif faible! E Riichter ass kee Medeziner. D’Kaz bäisst sech selwer an de Schwanz! Wat explizéiert, firwat bis ewell esou wéineg Persounen dee Schratt gemaach hunn.

Mä am Marien-Ländchen ass wéi ëmmer alles a Botter. Nëmmen näischt a Fro stellen. Mësch dech an näischt, da kënns du an näischt. Tout va bien au meilleur des mondes! Dir als Ministesch wäert gutt beroden, Iech fir dee “Mëssel” wéinstens ze entschëllegen.

Mat Respekt

Guy Kaiser

 

Related posts

1 Comment

  1. Gilbert

    D´WHO huet dozou jo och schonns eng Direktive erausginn. Ech froe mech wéi vill leit schonns zu onrecht an Isolatioun oder gesat goufen. Zum physeschen, psycheschen a wirtschaftleche Schued well ech mech elo léiwer net äusseren. Natierlech sinn déi PCR Tester déi eenzeg Méiglechkeet fir déi aktuell Mesuren an d´Panik ënnert de Leit oprecht ze halen.

    Hei de Link mat engem kuerzen Extrait:
    https://www.who.int/fr/news/item/20-01-2021-who-information-notice-for-ivd-users-2020-05
    Le document d’orientation de l’OMS sur les Tests diagnostiques pour le dépistage du SARS-CoV-2 souligne que les résultats faiblement positifs doivent être interprétés avec prudence. La valeur de cycle seuil (Ct) nécessaire pour détecter le virus est inversement proportionnelle à la charge virale du patient.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *