Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesondheet

Op de soziaalen Netzwierker gëtt ëmmer méi, illegal geflutscht! 

Op de soziaalen Netzwierker gëtt ëmmer méi, illegal geflutscht!
image credits: pixabay

Fëmmen ass net gutt fir d’Gesondheet,géint déi Wouerecht ass kee Kraut gewuesst.Ma, ass et eng Léisung, de Präiss um Pak drastesch eropzesetzen, fir d’Leit vum flutschen zeréckzehaalen? De franséische Staatspresident hätt gären, datt am Hexagone an och sos an Europa de Paak à 20 Zigaretten soll op 10 Euro klammen. Grad Frankräich gëtt dowéinst an der Lescht heftech bestrooft, wéi viru Kuerzem franséisch Zeitungen, besonnesch den L’EXPRESS geschriwwen hunn. Et ginn nämlech ëmmer méi där Sargneel iwwer Internet verkaaf, an zwar fir vill méi bëllecht Geld.

 

 

image credits: Pixabay

Wat och net besonnesch schwiereg ass,wann ee bedenkt, datt e Pak Zigs a Bulgarien 2,70€ kascht. Et keeft een dohannen an, an et verkeeft een et bei eis. Lëtzebuerg ass do net schlecht opgestallt; et brauch ee just “Luxembourg/Tabac” an de Sichmotor ze dicksen, a schonn ginn eng Rei Fënsteren op. Op enger Säit steet geschriwwen:onse siège social ass an Europa, ons Zigaretten komme vu Lëtzebuerg! De Marcho schéngt gutt ze floréieren, d’Gewënnmarge ass extreem héich. Den L’EXPRESS schreiwt vun engem Site, tabac-boutique.com, deen all Mount 240.000 Connexiounen huet; wéi zejoert a Frankräich de Präis um Pak ëm 1 Euro eropgong, goungen d’Connexiounen ëm 80.000 an d’Lut, a 95% dofunner woren aus Frankräich.

 

“Ma och op Facebook gëtt Goss mat der Flutsch gemaach!”

De Probleem ass scho schwiereg genuch fir d’Douanier. Op der Post kann net jidfer Paak duerchliicht ginn, op Nikotine drann ass oder net.

image credits: pixabay

Ma, mat Facebook an aneren Netzwierker gëtt d’Saach nach méi komplizéiert! Do hu sech an der Tëschenzäit geschlosse Gruppen forméiert, wou een als “acceptéierte Frënn” ka seng Bestellung ofginn. Et kritt ee seng Commande och heem geliwwert, et solle schonn där klenger Motorieder ënnerwee sinn, fir ze liwweren: am Plaz Pizza, also en Cartouche. Elemng op Facebook sollen et 350 där “geschlosse Gesellschafte” ginn, matt allkéiers zigdausende Memberen. An aanere Wieder: d’Decisioun vum Macron, de Paak Zigaretten extreem deier ze maachen, wier konterproduktiv.

 

 

“Ausgerechent de franséische Staat verléiert massiv Steierrecetten!… “.

De franséische Staat géing -laut L’EXPRESS- an der Tëschenzäit 600 Milliounen Euro d’Joer verléieren; dobäi hätt déi Hausse vun engem Euro pro Pak, am Fréijoer zejoert, exakt déi 600 Milliounen sollen erabréngen! Aus dem geplanghe Plus gouf also e fette Minus

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *