Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Lektiounen zéien aus dem Neiduerfer Drama! 

Lektiounen zéien aus dem Neiduerfer Drama!
rtl.lu

 

Et kënnt -glécklecherweis- net all Dag vir, datt e Verkéiersaccident quasi am eegene Virgäertchen geschitt. Dat war gëschter de Fall am Neiduerf. Ech sinn de Moien laanscht d’Onglécksplaz getrëppelt an allerhand Gedanken goungen mir duerch de Kapp.

  • Wéi ass esou e katastrophaalt Accident mat 3 Doudegen méiglech, matzen an enger Uertschaft? De Chauffeur muss jo wuel méi geflunn ewéi gefuer sinn! Mä waarde mir do d’Konklusiounen of vum Miess- an Erkennungsdéngscht.
  • Vill Gedanken ëm d’Familljen vun den Doudegen. Besonnesch ëm déi Fra, déi grad deen Ablack um Trottoir ënnerwee war: wollt si – ewéi vill Fraen a menger Ëmgéigend- fir eng Untersuchung bei de Gynécologue? Op alle Fall war si zum falschen Ament op der falscher Plaz. Grujeleg!
  • Ech denken och u mech. Ech trëppelen bal all Dag tëscht 10 an hallwer 11 laanscht déi Plaz mäin zweeten Tour mam nach jonken Hond, deen u Leit an Auto muss gewinnt ginn. Gëschter net. Ech hat Taxi gespillt fir eng aner Persoun. Glécklechen Zoufall!
  • Chance och fir déi Männer, déi zanter Wochen an deem Virgäertchen schaffen: d’Entrée fir an d’Garage gëtt frësch gemaach. Ausgerechent gëschter war kee vun hinnen do!
  • Aus engem Fréijoersgaart gouf bannent Sekonnen e Kierfecht. Iwwerreschter vum Auto leien nach verspreet tëscht Magnoliebaam a Pällem. Onbekannter hunn Bouquet Blummen op d’Maierchen geluecht.
  • Gedanken och fir déi Männer a Fraen déi gëschter am Asaz waren, déi d’Läichen hu mussen aus dem Wrack eraushuelen. Fir deen Job muss ee gemaach sinn!

    wort.lu
  • Am spéiden Nomëtten gouf den accidentéierte Won vun der Depanneuse matgeholl. Vill war net méi dovunner iwwereg. Op der Strooss hu sech Bensinn, Ueleg a Blutt vermëscht. Et gouf gekiert a mam Schlauch gebotzt. D’Course ka weidergoen!

“…eng geféierlech Plaz…!”

Ech schreiwen net gären iwwer e Sujet wou ech selwer dovunner betraff sinn. Ech maachen et trotzdeem aus deem einfache Grond, well ech gutt Bescheed weess an hoffen, datt endlech eppes geschitt, fir esou béiss Accidenter an Zukunft ze verhënneren.

D’Neiduerfer Strooss ass eng laang Träip. Wann de Chauffeur vu Clausen erfort uewen aus op der Bifurcatioun fir op den ale Findel oder op Kalchesbréck endlech ukomm ass, da gëtt reegelméisseg gebretscht. Schonn 200 Meter virun där Bifurcatioun gëtt op de Gas gedréckt, Vitessen vun iwwer 80 à l’heure si keng Raritéit. Ëmgedréit ass d’Streck vum ale Findel erof eng Rennpist. 90 sinn erlabt, 120 a méi entspriechen éischter der Realitéit.

Ech hat virun engem Joer mam stater Circulatiounsdéngscht iwwer d’Situatioun Rieds. Wann ech hannerzeg aus der Entrée wëll erausfueren, ass et ëmmer russesch Roulette. Wéinst den Auto déi do geparkt sinn, gesinn ech esou gutt ewéi guer näischt, an awer muss ech jo eraus. ça casse ou ça passe!

D’Gemeng Lëtzebuerg kann (eleng) näischt maachen. D’Neiduerf ass eng Nationalstrooss an do hunn Ponts-et-chaussées dat leschte Wuert. Déi wollten bis dato näischt ënnerhuelen a wéi duerch e Wonner waren déi leschte Joer ze soen keng Accidenter geschitt. Trotzdeem sollt een elo aus dem Drama vu gëschter Lektiounen zéien!

Firwat net aus där Plaz e Rond-point maachen? Hei wär deen ubruecht! Wann dat net geet – aus wat fir enge Grënn och ëmmer-, e Stoppschëld opriichten fir déi, déi vum ale Findel erof gedonnert kommen. Rout Luuchten? Radar? Ech iwwerloossen dat den Experten. Déi allerdéngs sollen sech elo endlech zesummesetzen an eppes ausschaffen. Dat schrecklecht Accident vu gëschter soll net ganz ëmsoss gewiescht sinn.

Der Gemeng Lëtzebuerg leeën ech un d’Häerz, d’Saach mat de Busarrêten ze iwwerdenken. Fréier goufen et Abuchtungen – wann d’Breet vum Trottoir et zougelooss huet- fir de Bus, sou datt d’Autoen konnten méi oder manner kammoud laanscht fueren. Haut goufen aus deenen Abuchtungen Ausbuchtungen: de Bus steet breet an der Strooss, d’Autoen si gebieden, hannert dem Bus ze waarden.

Dat kënnt nach aus der Zäit wou déi Gréng mat am Schäfferot souzen. De François Bausch huet do ëmmer vu Verkéiersberouegung geschwat. Mon oeil! Natierlech probéiert esou muncher Chauffeur nawell dee Bus ze passéieren, ëmsou méi wou de Bus reegelméisseg méi laang stoe bleift, well hien ze fréi un ass. Dat ass dann där Verkéiersberouegung ze vill. Besonnesch geféierlech ass et, wann et där Ausbuchtungen op deenen zwou Säiten vun der Strooss op där nämmlechter Héicht ginn!

Déi Ausbuchtungen goufen fir deiert Geld gemaach. Ech ka mir kaum virstellen, datt d’Gemeng Lëtzebuerg higeet a si nees eweghëllt. Et sollten allerdéngs op kee Fall Neier gebaut ginn.

Egal wéi! Et muss eppes geschéien op där Plaz. An et trëfft sech gutt: grad an Zäiten vu Gemengewahlen geet jo dacks Rieds vun Trottoirspolitik. Nees esou ee gelungenen Zoufall!

Related posts

4 Comments

  1. Frank Bertemes

    Dat do huet mech gëschter immens erféiert, wéi ech dat héieren hunn. No der Lecture vum Här Kaiser sengem Text kann ee sech just nach schudderen. Ech selwer hat schonn eng aner Plaz thematiséiert, wou et och immens geféierlech ass – d’Kräizung Cruchten-Rouscht-Biissen-Miersch, wou all Dag Camionen op d’Bauschuttdeponie kutschéieren an op der Kräizung oft keng gutt Vue ass (fir de Lénksofbéier ee lästegt Schëld, dat d’Vue Richtung Miersch hëllt).
    Ee laang gefuerderte Rond-Point ass mol fir iergend eng Kéier (awer réischt no zwee aneren op där Streck, eng Prioritàitelëscht , déi kee Mënsch versteet!)) envisagéiert – mir waarde mol of datt et och hei mol anständeg knuppt, gell? Och fir Foussgänger a Velofuerer (där een och mol geleeëntlech gesäit) eng spannend Plaz – Bonne Chance!
    A la “Grand-ducale” eeben ….
    A bon entendeur….

  2. Claude Welter

    Ech fueren all Daag do laanscht, Auto, Moto oder mol mam Bus, an all kéiers wann ech mam Moto oder Auto d’Kaalchesbréck erooffueren, fir weider an dNeiduerf zë fueren, pëtzen ech meng Arschbaacken zësummen a béi’ën no lénks oof, an der Hoffnung dat do nët awer ën Jetpilot fum Findel eroof kënnt.
    Am Moment stéet do nach eng Dixietoilett do (ex-Fierschterhaus) déi engem d’Vue an déi Böschstross do hëllt, wéi do Chantier war stung do eng Baubuud, mais kéen konnt do eppes ënnerhuelen well do war d’Vue komplett zou fir ze gesinn wien a waat do eroof fum Findel erausgeschoss kënnt.
    Ët schéisst éen déem aaneren de Ball, schlussendlech ass kéen zoustaenneg, an derbai wier ë esou einfach eng PROACTIF Sëcherhéet zë kréien. Ech kann nëmmen dëm GK 100 Prozent zoustëmmen, mais ech fannen ët pervers dat viirdéischt eppes schreckleches muss passéieren fir dat eppes adéquates ënnerholl gët. Daat gërenns, gefuers, iwerhuelen, gas a bremsen, queue de poisson, appart fun dën Electrotaxien fun der marque T , déi zéien esou eppes fun un, mengen déi mussen op dën Findel fliegeren! Fiirwaat waarde mir ëmmer bis d’Kand am Pëtz leit éiert mir dën Deckel drop maachen.
    Ech war gëschter och entsaat, traureg, enttäuscht an rosen…….

  3. Alain Fasbender

    Dat fannen ech ganz schlemm, einfach schrécklech. Wölle mir eppes doraus léieren oder net? Net nëmmen an der Neiduerfer Stroos oder op der Kräizung Cruchten-Rouscht-Biissen-Miersch mé och op aner Land- an Duerfstroosen ueschtert d’Land op am Norden oder am Süden wou ech vill ënnerwee sinn ass et oft kriminell beim Iwwerhuelen oder mat der Vitesse. Méi Radaren? Op dat d’Solutioun ass? Ech denken éischter, wou et méiglech ass, Drémpelen oder grous Blummebakken mol lénks mol riets ze installéieren ewéi zum Beispill (a firwat net) zu Eileréng op der CR110 (50 kmh), dan fueren d’Herrschaften mol automatesch méi lues. Oder wölle mir waarden bis dat nächst schrécklecht Accident passéiert? Déi Responsabel, wou er emmer hei am Land, sinn elo gefrot eppes ze ënnerhuelen. Action please!

  4. Misch

    Bei deem doten Akzident wier een dankbar wann et eng Blackbox an den Autoen géif ginn, esou wéi et an der Fliigerei den Fall ass. Dann kéint een erausfannen ob den Auto en techneschen Defekt hat, wéi d’Vitesse zustanen komm ass an réel war oder wat déi lescht Sekonnen virum Akzident am Auto ze héieren war. Ob Basis dovun an och an Zukunft kéinten Autopsien vläicht hëllefen erauszefannen op den Chauffeur effektiv en Häerzinfarkt oder malaise hat oder et eng aner Ursaach gouf.

    Mee dat alles ännert awer näicht un der Tatsaach dass mat der Ideologie vum Tempo 30 an den Ausbuchtungen vum Busarrêt d’Akzidentpotential ménger Meenung no souguer zouhuelen kann. Am Normalfall sinn vläicht tëschent 2 an 10 oder och méi Autoen zwëschent 2 Busarrêten op der Strooss ënnerwee. Wat d’Frequenz vum Bus méi grouss ass (en also méi oft an der Stonn fiert), kënnt et also méi oft zum Stoppen an der Ausbuchtung, also kommen an der Zäit méi Autoen hannert dem Bus un an et staut sech esou bei all Arrêt. Dat ass fir déi eng Stroossesäit den Fall, an op der anerer och. Wann een elo bedenkt dass et hei zB an der laanger Neiduerferstrooss eng relativ grouss Unzuel an Arrêten gëtt, kënnt esou zou enger regelrechter Autosschlaang hannert dem Bus wat och net zur Verbesserung vum Gemittszoustand vum Chauffeur bäidréit an et ass nun mol eben an der Natur vum Mensch op laang Siicht weiderzekommen an wann dann d’Iwwerhuelen am Prinzip an esou enger Strooss net verbueden ass, dann wärten mer ëmmer méi oft widderholl Iwwerhuelmanöver vum Bus gesinn (sief et op der rullender Distanz tëschent den Arrêten oder beim Arrêt un der Ausbuchtung), an dat kann einfach net gudd ausgoen. Esou Ausbuchtungen an Tempo 30 sinn an der Theorie vläicht um Pabeier schéin unzekucken mee an der Praxis immens geféierlech, mee et schéint mir oft esou ze sinn dass Politiker den réellen Bezuch zur Situatioun um Terrain guer net méi hunn.

    D’Installéieren vun engem Radar an der Afaart vun esou enger Strooss an och 1 oder 2 ënnerwee kéinten den Risiko drécken, awer net op 0 setzen.

    An dann nach eppes: och den Velosfuerer huet dann schéin brav beim Busarrêt an der Ausbuchtung hannert dem Bus stoen ze bleiwen, an sech net wéi souzesoen all Dag ze gesinn laanscht ze fuddelen, sief et um Trottoir oder laanscht d’Autoen ze quetschen. Mee den Velosfuerer ass jo haut esou helleg wéi eng Kou an Indien, et darf een nëmmen näicht dogéint soen, och net wann se Owes guer net beliicht ronderem fueren, ouni Reflektoren, gudd däischter ugedoen, ouni Nummerschëld anonym ënnerwee, an déi op den wéinegsten Kräizungen iwwerhapt bremsen well se op enger Velospiste fueren an mengen sie hätten iwwerall Virfaart…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *