Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Gemengewahlen an der Haaptstad: wat huet d’Colette Mart geridden? 

Gemengewahlen an der Haaptstad: wat huet d’Colette Mart geridden?

An der Gemeng Lëtzebuerg gi ronn 42.500 Bierger den 11. Juni wielen, dorënner net grad en Drëttel Auslänner. Grad si sinn besonnesch motivéiert fir däerfen hir Stëmm op engem hellege Sonndeg ofzeginn. Si maachen sech souzesoen eng Éier doraus. A bei hinnen ass de Peegel scho längst no där enger oder anerer Säit ausgeschloen, wëll heeschen, si wëssen, wat oder wien si stëmmen, – ausser eng Iwwerraschung an allerleschter Minutt! Hir Wahlziedelen kënnen also duerchaus an d’Gewiicht schloen. Déi wéinegst Parteien sinn sech dees bewosst an hunn sech deementspriechend wéineg ëm déi auslännesch Communautéit gekëmmert.

An der Haaptstad hu sech 6700 Bierger fir d’Bréifwahl decidéiert. Hir Stëmmziedelen ginn nach dës Woch eraus. Net grad all Sechsten mécht also vun dësem Weekend un säi Kräizchen, och fir dës Leit sinn d’Wahlen esou gutt ewéi gelaf.

Souwisou kënnt elo gläich d’Péngschtvakanz wou net nëmmen am Enseignement näischt bis guer näischt leeft. De Carnet vun de Politiker ass fir déi ganz Woch eidel. Menni a Jenni huelen d’Schwammbox eraus a fléien, fueren, paddelen an Direktioun Süden. Lëtzebuerg kënnt nees an den Tratt vu Méindes, 5. Juni un. D’Wahlcampagne dauert also maximal nach 5 Deeg.

“…War dat et?…”

Alea jecta est? Net ganz. Iwwerraschungen komme gären op de leschten 100 Meter. Fir déi huet an der Haaptstad d’Colette Mart gesuergt. Ausgerechent si! Eng u sech ëmmer ganz diskret DP-Schäffin zoustänneg fir d’Schoulwiesen.

D’Madamm Mart huet op Facebook e Post gedeelt vun enger Myriam Schank. An dee Post ass méi ewéi positiv fir d’DP-Kandidatin Corinne Cahen

gkonline

D’Corinne Cahen géif also ze soen iwwert sech erauswuessen a si géing als nei Buergermeeschtesch der Stad gutt doen. Stack-Stater-Meedchen, voller Elan, mat Iddien an esou guer mat enger sozialer Oder. Klenge Stouss an d’Rëppen vun der aktueller Buergermeeschtesch Lydie Polfer: d’Madamm Cahen wier nach wäit ewech vum Pensiounsalter.

Villäicht ass sech d’Colette Mart ëss net bewosst: wann een op Facebook e Post vun enger anerer Persoun ëffentlech deelt, dann bedeit dat, datt een mam Inhalt dovunner averstanen ass, et sief, et schreift een eppes aneschters als Kommentar. Dat ass hei net de Fall. An also mécht si sech zum Affekot vun der CC, setzt si sech ëffentlech dofir an, datt déi nei Buergermeeschtesch Cahen heescht. An der Tëschenzäit huet si alles op FB geläscht, betount mir vis-à-vis awer, datt si de Commentaire geschriwwen hätt: Mir brauchen e neie Wand an der Stater Politik an D’Corinne brëngt dee sëcher mat! 💙😘 Deen deed eiser ganzer Equipp gudd a wert och gudd si fir d’Stad! De Wieler soll decidéiren ween den 1. op eiser Lëscht gëtt a ween den 2 an den 3… 

Op hirer Facebook-Säit ass nach eng aner Foto, déi vun der DP-Equipe geholl gouf no den éischten Quartiersreuniounen.

facebook

Lauter frou Gesiichter, ma et héiert een ëmmer nees vun interne Spannungen bei de Liberalen, vun enger Atmosphäre wéi am Äiskeller. D’Madamm Polfer mécht wuel éischter gutt Minn zu béisem Spill, gedriwwen vun enger Persoun déi ewéi esou dacks nieft hier sëtzt an op hier Stonn waart.

Photo by Pixabay: https://www.pexels.com/photo/cards-casino-chance-chip-269630/

Déi meescht vun der aler DP-Garde ginn net eens mat der Corinne Cahen. Déi awer sëtzt um laangen Hiewel: si ass effektiv vill méi jonk, an och wann si just sollt an de Gemengerot gewielt ginn, esou ass et eng Fro vun der Zäit, bis d’Kaarten politesch net gestéckelt ginn!

Ma och fir si kann dat laang, ganz laang daueren. Well zanter Méint geeschtert d’Rumeur vun enger eventueller Dräierkoalitioun um Knuedler: d’CSV mat de Rouden an de Gréngen. Awer nëmmen fir den Noutfall…fir der Tse-Tse aus de Féiss ze kommen.

Fazit: et soll een mat senger Bréifwahl esou laang waarden ewéi méiglech!

Related posts

2 Comments

  1. Roger Braun

    Cahen als BUergermeeschtesch
    Da mescht hat dat wei an der Pandemie mat eisen eelere Leit
    Et leist jiidereen lenks leien a kemmert sech just em sech
    Geseit een jo schon wei et gesot huet op dem Weimeschhaff
    an de Neiduerf kann ee net goen do as dach nemme Wouscht

    Fir eng Kandidatin e stark steck
    Mä esou tick dei Schongverkeeferin
    Dei mengt et net eierlech

  2. Mart Colette

    Am Prinzip ass deen Artikel hei sans objet, vue dass du Guy, net matkritt haas dass ech e Kommentar geschriwen hat. An du e Kommentar mëchs zu der Tatsache dass ech e Post ouni Kommentar gedeelt hätt.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *