Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Atmosphäresch Virkrichszäit 

Atmosphäresch Virkrichszäit
Bild von F. Muhammad auf Pixabay

Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres um Komme war an dat ass och haut de Fall. D’Gefor vun engem Drëtte Weltkrich ass tatsächlech net ze ënnerschätzen, de Risk ass ginn, datt autoritär Regimmer wéi Russland, China, Iran….op d’mannst probéieren, westlech Demokratien ze schwächen. Cyber-Attacken aus Russland sinn an dësen Zäiten alles aneschters ewéi Zoufall. A wat mécht dee Westen? Virop: wat mécht Amerika? De Weltpolizist schéisst sech selwer an de Knéi a schéckt zwee eeler Hären an d’Presidentecourse!

Am Hierscht kritt de Biden seng 82, den Donald Trump huet der dann 78. Hutt of, Dir Hären! Grousse Respekt virun ale, wäisse Männer zu deenen och ech gehéieren. Mat 80 Joer huet ee méi Liewenserfarung ewéi mat 50, et huet een aner Repèren, et kann ee besser vergläichen an ofweien. Ma Chef ze ginn oder ze bleiwen am Wäissen Haus zu Washington ass jo eng enorm Erausfuerderung an do mussen déi Zwee sech d’Fro gefale loossen: sidd Dir sécher am Laf vun Ärem eventuelle Mandat nach am komplette Besëtz ze sinn vun esou gutt den intellektuellen ewéi de physesche Capacitéiten?

Ass et net iwwerhaapt eng Schan fir d’USA, keng besser Kandidate kënnen an d’Course ze schécken?! Den Joe Biden huet d’Land méi geréiert ewéi gefouert, den Donald Trump steet als Symbol fir déi demokratesch Dekadenz. An elo schonn gëtt an de States dem Duell op der Televisioun entgéintgeféiwert, eng Show, méi net! Mediespektakel, dee schonn an normalen Zäiten der politescher Kultur méi schued ewéi notzt.

De Biden gouf viru 4 Joer net gewielt well hien beim amerikanesche Bierger esou iwwerzeegend eriwwer koum. Hie gouf gewielt, fir datt den Trump d’Wäisst Haus huet musse raumen. A genee dat soen och déi Kéier d’Sondagen: iwwer d’Hallschecht vun den Amerikaner wielen de Biden eenzeg an eleng fir datt den Trump net nach eemol un d’Muecht kënnt. Dat ass berouegend an beonrouegend zugläich. Sollt de Joe kënne bleiwen, dann ass hien fir weider 4 Joer an enger schwaacher Positioun, souzesoen de President vum klengeren Iwwel  Ausgerechent an dëse brandgeféierlechen Zäiten!

Duerch de Phenomen TRUMP huet sech déi lescht Joer déi amerikanesch Gesellschaft radikaliséiert. Een Deel huet sech komplett verblende gelooss, deen aneren Deel huet en extremen Haass op dee Mann entwéckelt. Déi zwee Deeler leien esou wäit vunenaner ewech, datt si nëmme schwéier kënnen zesummefannen. Weder de Biden a scho guer net den Trump wäerten dat fäerdeg bréngen. Grad an dësen Zäiten awer misst dat amerikanescht Vollek ewéi Gewier bei Fouss stoen! Dat mengen ech net militäresch, ma am Sënn vun Eenheet, aus Iwwerzeegung ewéi e Block hanner dem President stoen.

Beim traditionelle Mediespektakel wäert et déi Kéier leider net bleiwen. Déi sozial Medie ginn zu engem zousätzleche Schluechtfeld: fir déi kënschtlech Intelligenz ass et e Kannerspill, politesch Aussoen ze faken, d’Russe lecken sech elo schonn d’Fanger fir datt d’Wahlcampagne d’Kopplabunz schléit an déi amerikanesch Gesellschaft nach weider gespléckt gëtt.

An Europa? Do si geschwënn och Wahlen, ma et interesséiert keen! Hausgemaachten Dekadenz vun der Demokratie?

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Wéi sot schonn de Kurt Tucholsky: “Das Volk versteht das meiste falsch, aber es fühlt vieles richtig.”
    Den Här Kaiser awer versteet a fillt sou Villes richteg – an eis politësch Klass? Wëll verschiddenes net verstoen a fillt Villes falsch….Dat Gelaber vum MdB haut de Moien am Kontext “Pandemie” ass ee Paradebeispil vun inexistem Gefill a fragwürdegem Verstand. Egal wéi: Wéi elo d’Relatioun vu Verstand a Gefill bei deem och fir Europa sou wichtegem Walgang an Amerika ausgesäit, ass eng Fro, déi ee sech duerf stellen – besonnësch bei den US- Amerikaner…
    Eis intresséieren och d’EU-Walen – oder missten dat zumindest. Besonnësch intressant bei eis ass d’Ofschneide vun deenen “Traditionellen” an hiren eelere Polit-Protagonisten, déi an deem korrupte Polit-Theater zu Stroosbuerg an zu Bréissel do elo wëlle matmëschen, sech gemittlech nidderloossen, geleeëntlech iergend ee Gelaber vu sech ginn (dat souwisou keen intresséiert), besonnësch awer nach gutt asäckele wäerten…Wat hunn dann do eis Polit-EU-Leit déi lescht Joren do KONKRET ëmgerappt kann ee sech an der Naivitéit vum Wieler duerchaus froen?
    Datb ganzt ass een Trauerspill am Fong , awer an douteeschtem Kontext, wéi den Text hei et däitlech mécht…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *