Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Klimawandel tëscht Votum Klima a Ministesch Dieschbourg! 

Klimawandel tëscht Votum Klima a Ministesch Dieschbourg!
image credits: gouvernement.lu

Déi Gréng hu sech zejoert als Gewënner vun de Wahle feiere gelooss : ouni si hätt Gambia net kënnen e weideren Tour dréien. Dat bedeit, datt si méi Gewiicht hunn an der neier Regierung…an datt si am Fokus stinn net nëmme vun de Koalitiounspartner, ma och vun den Observateuren. D’Carole Dieschbourg war an der leschter Dräierkoalitioun ee vu villen nei gebakene Fësch an der Nationalpolitik. Si gouf bei Wäitem méi geschount ewéi Corinne Cahen, Marc Hansen oder Pierre Gramegna. Besonnesch opgefall ass, datt mouvement écologique a Greenpeace net vill gemuckst hunn. Dat hat säi gudde Grond : d’Carole koum jo aus hire Reien, an et späitzt ee sech bekanntlech net selwer op de Kënn. Elo awer schéngt déi laang Schounfrist fir d’Ministesch eriwwer ze sinn.

 

.A m Hannergrond muss een dat jonkt Greta aus Schweden behalen. Et kann ee vun dësem Phenomän hale wat ee wëllt, scho laang net méi war d’Ëmweltpolitik vun de Jugendlechen esou stark gefrot wéi grad an de leschte Méint. Souzesoen “die Stunde Null” fir gréng Ayatollah: ween elo net waakreg gëtt an opsteet, ass selwer Schold ! Déi Gréng mussen an dësen Zäite probéieren, aus där Jugendbeweegung Kapital ze schloen, op d’mannst däerfen se kee weidere Schued derfun droen. Well, d’Carole ass net nëmmen Ëmweltministesch, net nëmmen fir d’Nohaltegkeet zoustänneg, ma doriwwer eraus mat responsabel fir de Klima. An dee geet anscheinend d’Päif aus!

 

Votum Klima ass eng Plattform an däer 23 Netregierungsorganisatiounen dra sinn, ewéi Caritas, natur&ëmwelt, Greenpeace an de movement écologique.

image credits: pixabay

Am Mäerz koum ee Communiqué eraus iwwer d’Regierungspolitik a Saache Klima. Doranner ginn ausdrécklech d’Reduktiounsziiler vun den Zäregaser begréisst, nämlech bis 2030 e Minus vu 50 bis 55%; dat ass extreme ambitiös, well an Europa sollen déi Emissioune just ëm 40 Prozent erofgesaat gin. Lëtzebuerg wëll also eemol méi, de Bello markéieren, ma Pobeier ass gedëlleg, schreiwt Votum Klima.” So tendenziell positiv die Ziele, die sich die Regierung gegeben hat, auch sind, und so sehr sie die Unterstützung von Votum Klima finden, so unklar bleibt, wie die Zielvorgaben erreicht werden sollen. Eine zielführende Klimaschutzpolitik braucht konkrete Massnahmen! Die derzeitige Politik der Regierung wird es jedenfalls nicht ermöglichen, diese Ziele zu erreichen. Im Gegenteil!”

 

D’ Plattform kritiséiert, datt de Klimaschutz exklusiv als technesch Aufgab gesi gëtt. “Begriffe wie “Konsum, Lebensstil oder Suffizienz fehlen völlig!”, an anere Wieder, Votum Klima feelt eng Diskussioun an der Gesellschaft iwwer wirtschaftleche Wuesstëm, iwwer den ekologesche Foussoofdrock vu jidfer eenzelnem. Do wäre mer dann nees beim Greta-Syndrom, bei enger Diskussioun à la Schamflug . Dat bedeit fir Votum Klima, datt och transparent Berechnungen mussen op den Dësch geluecht ginn, fir kënnen nozevollzéien, wat fir eng Ziiler mat den eenzelne Moossnahmen och tatsächlech kënnen areecht gin.

Tësch den Zeile geheit d’Plattform der Ministesch vir, de Klimaschutz eenzeg an aleng vun hannert dem Schreiwdësch aus ze orchestréieren; dobäi misst si grad elo d’Zivilgesellschaft méi mat abannen!

Mä, d’Ministesch weess, wann si esou Diskussiounen an der Ëffentlechkeet ufänkt, laafen d’Scheewercher hier méi séier fort, wéi ee kucke kann. Esou einfach ass et net, d’Leit ze motivéieren, op Gewunnechten wéi Péngschtcroisère & Co ze verzichten….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *