Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Doudestroof: en Trauerspill viru 40 Joer an der Chamber! 

Doudestroof: en Trauerspill viru 40 Joer an der Chamber!
image credits: pixabay

D’Land war deemols – Mee 1979-an den Zäiten vun enger blo-rouder Koalitioun, an déi war, 6 Wochen virun de Parlamentswahlen, um Enn. Dat hunn d’Diskussioune gewisen iwer d’Ofschaafen vun der Doudestroof, déi esou nierwebäi gesot, an eiser Verfassung mol net expressis verbis erlabt war. Et gouf just dranner festgehalen, datt déi Stroof verbuede war fir politesch Zwecker. D’Sozialisten – virop hire Minister Robert Krieps-wollten eng staark Liberaliséierung vum Stroofvollzuch, ma do huet de liberale Koalitiounspartner net méi mattgespillt. Et koum net zu enger Aennerung vun der Verfassung an domatter bestoung just nach d’Méiglechkeet, d’Doudestroof per Gesetz ofzeschaafen. Den 10. Mee haat esouguer eng Majoritéit vun den Demokraten géint d’LSAP gestëmmt.

 

Rapporteur vum Gesetz war de sozialistesche Volleksvertriéder Antoine Wehenkel, deen d’Doudestrof eng “Barbarei vun der Gesellschaft ”  genannt huet.Hie wollt allerdéngs aus Rooserei seng Ried fréizäiteg ofbriechen, well just nach 10 Deputéierten am Plenum souzen, keen eenzege méi vun der DP! Eng ganz Partie vun de Riedner hu sech iwwregens géint eng komplett Oofschafung vun der Doudestroof ausgeschwat, mam Argument, et sollt ee sech eng Dir ophalen, fir de Fall, wou d’Land géif en Affer gin vun Terrorismus; esou huet zum Beispill de Jean-Paul Rippinger vun de Liberale gemengt, den Terrorismus am Ausland hätt gruscheleg Ausmoosse kruut, an de Staat misst d’Recht behalen, sech ze wieren; de Josy Eyschen , och vun der DP, wollt drop hiweisen, datt a Länner, wou d’Doudestrof ofgeschafe gouf, den Terrorismus zu enger regelrechter Plo gi wär; de Camille Hellincks, nees e Bloen, war der Meenung, datt d’Doudestroof zwar barbaresch wier, ma awer den eenzege Wee, fir besonnesch schwéier Krimineller ze bestroofen; de René Mart, e liberaalt Schwéiergewiicht, goung esou wäit ze behaapten, wann d’Doudestroof géing ofgeschafe ginn, géif de Bierger wuel oder iwwel zur Selbstjustiz iwwergoen, an dat misst verhënnert ginn.

https://www.dropbox.com/s/w2ps99n47lok6yy/nouveau%20document%202019-04-27%2011.00.58.pdf?dl=0

                   “…de Justizminister Robert Krieps wosst domatter, datt hie keng Chancen hat, mat sengem                                                                           Projet duerchzekommen.. “.

 

I wwer 200 Minutten huet d’Diskussioun den zweeten Dag gedauert. De Journalist Josy Lorent huet am Lëtzebuerger Wort geschriwwen:” Als die gesetzliche Abschaffung der Todesstrafe zur Sprache kam, waren bloss 10 von 59 Abgeordneten im Saal….Als der Präsident schliesslich die Einwilligung des Plenums für die Tagesordnung der nächsten Sitzungswoche einholen wollte, warf er einen Blick auf die Pressetribüne, denn im Saal sass ausser dem – hierfür nicht zuständigen- Bautenminister kein einziger Volksvertreter mehr”.

D’Wahlcampagne hat schonn ugefaangen, d’Deputéierten haten Besseres ze dinn, ewéi am Plenum ze diskuttéieren: si stoungen beim Comptoir, fir matt de Wieler an d’Gespréich ze kommen. D’Diskussioun iwwer d’Ofschafen vun der Doudestrof war op alle Fall kee Meeschterstéck u Parlamentarismus, héchstens grousse Kino. Ma, d’Diskussioun huet d’Rëss gewisen an der blo-rouder Koalitioun. D’DP war sech bewosst, datt et net nach emol géing mat de Sozialiste klappen (mam Regierungsbett) an huet mat engem Aa op déi Schwaarz gekuckt, fir 6 Wochen drop an der Regierung als klenge Koalitiounspartner kënnen ze bleiwen. An esou koum et och: Pierre Werner, Staatsminister, Gaston Thorn Ausseminister a kuerz drop President vun der Europäescher Kommissioun….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *