Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Innepolitik

Déi Gréng: Atomenergie? Jo, gären! Merci! 

Déi Gréng: Atomenergie? Jo, gären! Merci!
Image parJohannes Plenio de Pixabay

D’Ministesch Carole Dieschbourg kënnt mat der Warnung: wann och dëse Summer dréchen ausfällt, da muss jiddereen vun eis e bësselche méi spuersam mam Krunnewaasser ëmgoen. Logesch! Ma u sech missten déi Gréng sech selwer trei bleiwen an e kategoresche Neen ausschwätzen fir déi geplangte Jugurtfabréck zu Beetebuerg. Si eleng brauch esou vill Waasser ewéi eng Stad vun 20.000 Awunner. Dat nämmlecht gëllt fir de Stroum: google zu Biissen wier gläichzesetzen mat 10 Prozent vum Stroumverbrauch vum ganze Land! Also och do, e kategoreschen Neen?!

Déi Gréng streeën u sech de Leit Sand an d’An, wann se engersäits dermatter kommen, d’Konsommatioun vu Waasser a Stroum misst erofgoen – och wéinst dem Klima- an aanerersäits priedegen, et kéim genuch Stroum aus der Steckdous, wa mir e puer Wandmillen méi opriichten. Wer’s glaubt wird selig! Just de Géigendeel ass sech ze erwaarden!

DeStroumverbrauch wäert an den näechste Joerzéngten sech verduebelen bis verdräifachen. Einfacht Beispill: de Blockchain bitcoin. Eleng dës Platform brauch esou vill Elektresch, ewéi ganz Irland! Dobäi wäert et net bleiwen, et wäerten zeg aner Platformen entstoen! Den data centre google zu Biissen soll also ronn 10 Prozent u Stroum vum ganze Land brauchen, fir kënnen ze fonktionnéieren. A wou kréie  mir deen hier? Kloer: vu Cattenom oder vun der Braunkohle! Mä, mir maache léiwer, wéi wann et géing duergoen, d’Gromperen ze schiélen an duerch Gülle zu Stroum ëmzetransforméieren. Ass dat d’Ursaach, virwat d’Dräierkoalitioun sech zu Bréissel géint d’Ophiewen vum Veto op der Besteierung vun Energie ausgedréckt huet? Op deem Ponkt erwaarden ech mir allemol Explikatiounen vun der Regierung!

Image parColin Behrens de Pixabay

Et ass wéi gesot, de Leit Sand an d’A gestreet, besonnesch deene Jugendlechen, déi sech zu Recht Gedanken maachen iwwer d’Zukunft vum Planéit. Dobäi waren se bei de Gréngen nach intelligent genuch, ze schreiwen:“le passage à 100% d’énergies renouvelables le plus vite possible “. Dat kann also och Mokuchsdag sinn oder op Péngschtenneijoerschdag. D’Chambre des fonctionnaires et employés publics schreiwt an hirem Avis iwwer de Staatsbudget: ” Si la chambre soutient les efforts d’investissements annoncés, elle relève toutefois qu’il ne suffit pas de vouloir dépasser les objectifs dictés au niveau international, mais il faudra d’abord s’accorder sur des mesures cohérentes et socialement bénéfiques sur le long terme“. Bis elo läit de Biostroum bei 6 Prozent, et bleift d’Bagatelle vu 94 Prozent ze areechen! Peanuts!

 

Dat nämmlecht gëllt fir den Elektroauto a fir den ëffentlechen Transport:”il est en outre indispensable d’accompagner les efforts de soutien des moyens de transport alternatif à l’usage de l’automobile d’investissements conséquents en faveur de la recherche pour trouver des solutions durable à l’impact environnemental.Or, à court terme, de telles solutions font malheureusement défaut. An déi nämmlecht Chamber mécht an hierem Avis de Spunnes mat der Eropsetzung vun den Accisen um Spritt. Dat bréngt weder eppes fir d’Ëmwelt, nach dem Staatsbeidel!

et soll en ophalen, d’Leit hannert d’Liicht ze féieren. Déi sougenannten kënschtlech Intelligenz lieft och net aleng vun der Loft, ma brauch masseg Stroum.

Image parCapri23auto de Pixabay

Déi vill Robocoppen, déi elo schonn a chinesesche Stied fonktionnéieren, musse grad esou, regelméisseg un d’Steckdous suckele goen. Et wäerten an Zukunft net manner, ma bedeitend méi technesch Apparater erfonnt ginn an op de Mart kommen. Schiélt bis dohinner d’Carole Dieschbourg an hierem Ministère Gromperen, fir domatter e bësselche Stroum ze produzéieren? Mir brauchen vill éischter eng innovativ Wirtschafts- an Ëmweltpolitik, déi der 4.D-Revolutioun gerecht gëtt! Déi Gréng, déi 40 Joer Protestaktioune gemaach hunn, schéngen sech nach net dru gewinnt ze hunn, selwer un der Muecht ze sëtzen a politesch Decisiounen mussen ze huelen.

 

Related posts

4 Comments

  1. Kugener Jeannot

    Gudde Mëtteg, Här Kayser!
    Et ass net « Péngschtenneijoerschdag « , mee « Päifenneijooschdag »!
    « Ëm Päifenneijooschdag, wann d’Schleke bëselen an d’Vullen nei Ääsch kreien » (Luxemburger Wörterbuch).
    A Propos Waasser: fir Google zu Biissen geet d’Atert net duer, elo ass d’Uelzecht vu Kolmer aus an der Etüd…
    Alles Guddes!

    1. admin

      Merci fir d’Info. Dobäi huet d’Famill Kaiser elo e Liewe laang Péngschtenneijoersdag gesot, wa Péngschten an Neijoersdag op deen nämmlechten Dag faalen, also ni!

  2. Carlo Thinnes

    Nach méi Wandmillen?? A wann dann nees e Villchen säi Käppchen hänke léist, gët nees fir eng Woch zougemaach?

  3. Phil

    Wann een sech lang genuch eppes aried an et ëmmer erëm widderhëlt, kennt een op emol op de Punkt wou een et selwer gleeft, och wann een sech dobäi belitt. An dat ass d’Politik vun de Gréngen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *