Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Nei Welt? Och fir d’Déieren? 

Nei Welt?  Och fir d’Déieren?
Image par Anja🤗#helpinghands #solidarity#stays healthy🙏 de Pixabay

déi ganz Europäesch Unioun priedegt den Déiereschutz, Lëtzebuerg huet säi Gesetz nach virun zwee Joer moderniséiert. D’Léift vum Mënsch zum Déier geet extreem wäit, esou wäit, datt elo an Dänemark mir-näischt-Dir-Näischt tëscht 15 a 17 Milliounen Näerzer kënne dout gemaach ginn. Déi Déieren hunn souwisou kee schéint Liewen. Si ginn op Farmen a Käfeger gehalen a wann si bis grouss genuch sinn, ginn se gekeult, fir spéider als Pelz e Mantel ze dekoréieren. Elo mussen si stierwen, aus Léift zum Mënsch.

Den homo sapiens weess sech nämlech keen anere Rot. Am Pelz vun den Näerzer goufen et 5 Mutatiounen vum Coronavirus; dee Virus kann op de Mënsch eriwwersprangen, wat an Dänemark schonn bei iwwer 200 Mënschen de Fall war. Op der ARD housch et: “ Die Mutation bewirke möglicherweise, dass das Virus weniger empfindlich auf menschliche Antikörper reagiere – und damit ein zukünftiger Impfstoff weniger wirksam sei…” Möglicherweise! Einfach mol profilaktesch futti maachen. Nëmmen en doudegen Näerz ass e gudden Näerz!

Wäit a breet keng Manifestatioun géint gekeulten a uschléissend verbrannten Déiercher. Hiren Doud ass fir e gudden Zweck: d’Mënschheet retten! A wéi wär et, wa mir et géingen eescht mengen, mam Déiereschutz? Och an der Landwirtschaft. Woubäi ech betounen, datt ech net de Bauer wëll culpabiliséieren: déi allermeescht vun hinnen hunn hir Déiere gären, ma si goufen ënner dem Drock vun eis alleguerten, d’Affer vun der Geiz-ist-geil-Mentalitéit.

wien bereet ass, ganzer 40 Cent fir de Liter Mëllech auszeginn, däerf sech net wonneren, datt de Bauer seng Kou net an der Sonndesstuff iwwernuechte léisst. Wien e ganze Poulet keeft fir de Präis vun engem Knätschgummi, brauch sech keng Froen ze stellen iwwer d’Qualitéit vum Fleesch!

Net de Bauer ass d’Schold, ma keen aneren, wéi mir alleguerten. Mir hunn de Bauer wéi en Hamster an d’Riedchen gedriwwen, fir ëmmer méi Kilo fir manner Bores. Ee vun de grousse Feeler vu menger Generatioun! Et ass zwar super, datt jiddereen, och dee mam méi platte Porte-Monni sech kann de Bauch gutt fëllen, mä et ass elo un der Zäit, ëmzedenken. Et eescht mengen, mam Déiereschutz, mam Liewen!

Jidderengem säi Poulet op den Teller? Jo, awer net méi ënner egal wat fir Zoustänn! Och wann zu Lëtzebuerg d’Situatioun manner dramatesch ass, esou seet eng Statistik aus Däitschland méi wéi genuch aus: Mehr als 76 Prozent der Masthühner werden in Beständen von mehr als 50.000 Tieren gehalten. Den Hamster am Riedchen léisst gréissen!

Dee beschte Wee, deem entgéint ze wierken, besteet natierlech doranner, datt de Mënsch komplett op Fleesch an iwwerhaapt op Déiereproduit verzicht, also vegan lieft. Och wann vum moralesche Standpunkt hir absolutt näischt géint d’Astellung vun esou Leit vis-à-vis vun der Déierewelt anzewenden ass, esou bleift et dach frommt Wonschdenken, dovunner auszegoen, datt de Konsum u Fleesch op déi Manéier drastesch zeréckgeet.

de Biosecteur misst nach méi massiv ënnerstëtzt ginn a firwat en net bei eis am Land obligatoresch maachen? Menger Meenung no géif de Bauer mat op dee Wee goen, ënnert der Viraussetzung, datt hien op d’mannst fir eng laang Iwwergangszäit staatlech subventionéiert gëtt.

Ech si mir bewosst, datt et där Primmen elo schonn vill gëtt, fir déi traditionell Landwirtschaft esou gutt ewéi fir d’Bio-Landwirtschaft. Wär et awer net un der Zäit, en neie Wee ze goen? Kloer! Eist Fleesch wier am internationalen Ëmfeld präislech manner kompetitiv, ob d’mannst am Ufank vun der Ëmstellung. Do misst de Staat asprangen an zwar zu Gonschten vum Bauer an och vum Konsument. Wa mir eis Bus-Tram-Bunn gratis leeschte kënnen, misst e Paradigmewiessel och an Ackerbau und Viehzucht méiglech sinn.

No 30 Joer Bio-Landwirtschaft gëtt ee Stot bei eis am Land ëmmer nach nëmmen 12 Prozent aus vu sengem Budget fir Iesswueren (Statec). Net grad de Renner also. Do bleift Sputt no uewen, grad mat Gréngen an der ablécklecher Regierung. Si maachen zwar Drock op den LSAP-Landwirtschaftsminister Romain Schneider, ma bei Wäitem net genuch. Datt a 5 Joer 20 Prozent vum Secteur solle BIO sinn, kann ech nach ënnerschreiwen, schliisslech brauch all Ëmstellung hir Zäit. Datt awer déi 100 Prozent réischt sollen an 30 Joer areecht ginn, dat dauert mir ze laang.

Déi Gréng missten do en anere Gang aleeën, schliissslech dauert et keng 20 Joer méi, bis d’Fleesch in vitro um marché ass. D’Restaurant’s-Chaîne KFC huet ugekënnegt, panéiert chicken nuggets aus dem Reagenzglas op d’Menu’s-Kaart ze setzen! Eng gutt Nouvelle fir de Poulet, manner gutt fir Bauer a Schluechthaus. Et weist allerdéngs, datt och de Bauer net wäert vun de modenen Zäiten verschount bleiwen.

Dofir prësséiert et mat der Ëmstellung op BIO! Et wier allemol eng herrlech Reklamm fir eist Land – nom Steierparadäis, d’BIO-Land Lëtzebuerg!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *