Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Schnoken

Fällt Lloret de Mar dëst Joer an d’Waasser? 

Fällt  Lloret de Mar dëst Joer an d’Waasser?
De 24. Mee geet eis Jugend nees engkéier net an d’Schoul, ma op d’Strooss: Freides Nomëttes gëtt fir de Klima gestreikt! Et gëtt sech elo schon drop gefreet, d’Rout Bréck ze besetzen an zouzemaachen. Dat gëtt bestëmmt flott! Super-mega-gäil! A vum Kierchbierg erfort geet et fir eng Partie vun deene Jonken den Dag drop op d’Péngschtcroisière oder a sos eng Vakanz. Déi, déi sech et kënne leeschten, päifen op den CO2.

Wann d’Primaner hieren Examen hannert sech hunn, wëllt et eng schonn aal Traditioun, datt déi jonk Leit feieren. Awer net zu Lëtzebuerg! Neen, et geet an d’Sonn! Op Lloret de Mar! Déi eng huelen de Bus, déi aner de Flieger! Et ass keng Kulturrees, fir sech

Image parbridgesward de Pixabay

weiderzebilden, et ass eng Erhuelungsrees, wou et an der Haaptsaach ëm saufen a biischte geet. Natiirlech sinn dat och zwou wichteg Bekanntschaften am Liewe vun enger jonker Persoun, an ech wäer net éierlech, wann ech géing behaapten, net och emol ze déif an d’Glas gekuckt ze hunn. Ma meng Generatioun huet dat nach a Clausen/Gronn gemaach; haut awer gëtt den “avion” geholl, fir wäit ewech ze feieren. Ech wënsche jidderengem vill Spaass dobäi.

Et wier allerdéngs eng gutt Geleegenheet gewierscht, hei en Exempel ze statuéieren an op déi Rees ze verzichten, eben, fir ze weisen, datt engem de Kampf géint de Klimawiessel net egal ass, datt een et wierklech eescht mengt! Op d’mannst hätt ee kënnen mam Zuch a Spuenie fueren, ganz nom Virbild vum Gretha. Elo ass et wuel ze spéit; dann ass et fir dat anert Joer! Haut waren et jo mol 8 Studenten, déi virun der Chamber fir de Klima demonstréiert hunn. Donneschdes Mëttes ass keng Schoul! Ma ëmmerhinn 8 Manifestanten, et ass alt dat!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *