Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

D’Lëtzebuergescht, bald eng langue morte?! 

D’Lëtzebuergescht, bald eng langue morte?!
Image par Dimitri Houtteman de Pixabay

 

den Dr Tom Weidig schafft zanter 25 Joer am Beräich vun der mathematescher a statistescher Modelléierung bei Versécherungen, Banken a Venture Capital. Hien huet en Doktorat an theoretescher Physik an huet ënner anerem op der Universitéit zu Cambridge Fuerschung gemaach. Hien ass och den Chairman vun engem Internationalen Fuerschungsgremium iwwer Sproochstéierungen.

Den Tom Weidig sëtzt sech fir d’Lëtzebuerger Sprooch an, beim Wee2050 als President a bei der Actioun Lëtzebuergesch als Comitésmember, wou ën sech ëm administrativ an organisatoresch Saachen këmmert. Ech hu mat him en Interview gefouert, grad iwwert eis Sprooch.

 

Tom Weidig, nach ni gouf d’Lëtzebuerger Sprooch esou dacks benotzt wéi haut: Sms, Emailen, sozial Medien…déi modern Welt ass eng kräfteg Ënnerstëtzung fir d’Lëtzebuergescht, an trotzdeem sidd Dir pessimistesch, wat hir Zukunft betrëfft. Firwat?

Ech sinn net averstanen mat der Ausso dat “Lëtzebuerger Sprooch nach ni esou dacks benotzt gouf wéi haut.” Och wann déi Ausso vu munneche Politiker wéi eisem Premier benotzt gëtt, erënnert si mech un d’Schlusszeen aus dem franséischen Film La Haine: “C’est l’histoire d’un homme qui tombe d’un immeuble de cinquante étages. Le mec, au fur et à mesure de sa chute, il se répète sans cesse pour se rassurer : jusqu’ici tout va bien, jusqu’ici tout va bien, jusqu’ici tout va bien. Mais l’important n’est pas la chute, c’est l’atterrissage.”

Am Moment geet et der geschriwwener lëtzebuergescher Sprooch besser, well méi Lëtzebuerger hir Sprooch schreiwen an net méi Däitsch oder Franséisch. Virun 20 Joer ass eben nach net sou vill geschriwwen ginn wéi haut mat den Handyen an E-Mailen. D’Leit hunn sech méi telefonéiert an einfach méi geschwat. Haut schwätze mir d’Sprooch manner well si hir Roll als dominant Alldagssprooch verluer huet, a schreiwen se méi. Op dat elo an de Geschäfter ass oder mam Handwierker.

Ma da komm mir kucke mol wéi et der geschwater Sprooch geet. Wéi war hir Situatioun ganz fréier?

Et war déi dominant Alldagssprooch mat liewegen Dialekter am louthrengeschen Grenzgebitt, am Areler Land, an op der däitscher Säit vun der Musel a natierlech hei zu Lëtzebuerg. D’Sprooch aus haut quasi ausgestuerwen zu Arel an Diddenuewen wou virun 100 Joer nach jidderee Lëtzebuergesch geschwat huet, an haut nach vläicht 1%. Hir sproochlech Identitéit ass fir ëmmer verluer. Dialekter zu Lëtzebuerg sinn och quasi ausgestuerwen. Wien schwätzt dann nach richteg Miseler oder Eechternoacher? Just am Èisleck hält sech den Dialekt nach e bësselchen.

 A wéi steet et mat der dominanter Alldagssprooch zu Lëtzebuerg?

Lëtzebuergesch ass verdrängt ginn vum Franséischen a ville Gebitter vum Alldagsliewen, wéi an de Geschäfter an an der Privatindustrie, an zemools an der Stad an am Süden, wou se nach virun 30 Joer déi dominant Sprooch war. Dat huet jo den Alain Atten och schon um RTL Radio gesot.

Eng Sprooch iwwerlieft nëmmen wann se vun enger grousser Majoritéit vun der Bevëlkerung esou gutt geschwat a geschätzt gëtt, datt si se hire Kanner weidergëtt.

 An do ass dann enges Daags eis Sprooch vir bäi an hanne widder. D’Zuel vun de Leit, déi d’Lëtzebuergescht schwätzen klëmmt wuel, ma vill manner séier ewéi d’Zuel vun deenen, déi eng auslännesch Sprooch schwätzen, also an der Haaptsaach Franséisch oder Englesch….

Ech sinn net averstanen datt d’Zuel vun de Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen laangfristeg signifikant an d’Luucht gaangen ass. Éischtens ass eis Sprooch an de Grenzgebitter zu Lëtzebuerg verluer gaangen, bestëmmt 100.000 Mammesproochler manner. Déi Joerhonnertenal Sproochegrenz, déi een nach an de Bicher fënnt, ass bis op eis Grenz komm. Zweetens, däerf een net dei absolut Gréisst kucken, mä déi Leit déi Lëtzebuergesch esou gutt kënnen, datt si et hire Kanner als Mammesprooch weider ginn. Jiddwer Lëtzebuerger kann och e bëssen Englesch, mee d’Englescht géif trotzdeem ausstierwen wa mir déi Eenzeg wären déi Englesch kéinten.

Et ass richteg, datt d’Zuel an de leschte Joren warscheinlech geklommen ass wéinst der Immigratioun. Mee et ass en Denkfeeler en absolutten Zouwuess als Beweis fir d’Stäerkt vun der Sprooch ze huelen! Am Géigendeel!

A komplexen Systemer ass et dacks esou, datt et e Blow-up-before-a-collapse Phenomeen gëtt. D’Dynamik ännert sech an et kann temporär zu engem Zouwuess kommen virum Kollaps. Zum Beispill: D’Sonn wäert vill méi grouss ginn iér si dann kollabéiert. E Mensch deen erdrénkt huet ni esou vill Energie wéi kuerz virum Doud. Eng Diktatur mécht nach eng grouss Parade ier si ënnergeet.

Hei en einfacht Beispill fir eng Sprooch: 100.000 Lëtzebuerger liewen op enger einsamer Insel. Wa mir der 50.000 ëmbréngen giffen, dann hätt sech d’Zuel em 50% verklengert an trotzdeem wär d Sprooch staark a net bedrot well 100% se schwëtzen. Dei absolut Zuel ass hei net déi relevant Gréisst. Dofir steet och an de Critèrën vun der UNESCO, datt d’Proportioun an der Bevëlkerung e wichtege Faktor ass op eng Sprooch iwwerlieft oder net.

 

Souguer e Klamme vun deenen déi Lëtzebuergesch schwätzen kann e schlecht Zeechen sinn. Ass dat net absurd?

Nee, komm mir setzen elo 50.000 Fransousen op déi einsam Insel zesummen mat de 50.000 Lëtzebuerger. Wat passéiert? Éischtens, well 20% vun de Fransousen grouss Sproochtalenter sinn, léieren si Lëtzebuergesch. Dat heescht 10.000 méi Leit kënne Lëtzebuergesch. D’Zuel ass vun 50.000 op 60.000 eropgangen ass. Iwwerlieft elo d’Sprooch, well der méi se schwätzen?

Nee! Éischtens, ginn déi 10.000 Fransousen dei Lëtzebuerger Sprooch net weider un hir Kanner. Zweetens, Franséisch gëtt déi dominant Alldagssprooch fir d’Insulaner, well jo d’ Lëtzebuerger och Franséisch kënnen. A 75% vun de Gespréicher gëtt Franséisch geschwat, also ënnert de Fransousen an tëschent de Fransousen a Lëtzebuerger. An och a gemëschte Koppele wäerten se éischter Franséisch schwätzen mat de Kanner. D’Resultat: Obwuel méi Lëtzebuergesch kënnen, stierft d’Lëtzebuergescht lues a lues aus, well et ëmmer méi franséisch Mammesproochler ginn!

Wann also een seet: d’Zuel geet erop durch Migratioun, a net duerch méi Gebuerten, dat ass e schlecht Zeechen. Zanter d’Franken virun 1500 Joer an äis Regioun komm sinn an hir Sprooch matbruecht hunn, war et net néideg eppes ze machen. Wann elo also gefuerdert gëtt: et muss eppes gemaach ginn, dann ass e Problem do.

 

An anere Wieder: Op laang Siicht gekuckt, ass eis Sprooch condamnéiert. Gëtt se da wierklech vum Franséischen iwwerholl oder net awer villäicht vum Däitschen? Et wunnen zwar méi Francophonen am Land ewéi Germanophonen; ma déi zwou Sproochen leien no beieneen….

Jo, warscheinlech ass eis Sprooch condamnéiert, mee ech sinn och keen Hellseher. Ech soen just wat fir eng staark Dynamik do um Wierk ass, déi extrem schwéier ze briechen ass, zemools duerch déi staark Immigratioun wou mir bal bei 50% Auslännertaux leien. Bei 20% huet eis Sprooch dat nach gestemmt an den Achtzeger Joeren fir Net-Mammesproochler sproochlech ze intégreieren, ma kaum nach haut bei 50%.

Mee et gëtt och eng Géigendynamik. Am Geigensatz zum Elsass hu mir Gott sei Dank eisen Nationalstaat. D’Elsässer haten déi Chance net, si konnten hir Sprooch net schützen a sinn vum Zentralismus iwwerrullt ginn. Si sinn elo net mol méi en Departement, mee Deel vum Grand Est!

Mir konnten d’Stäipe fir eis Sprooch institutionaliséieren duerch d’Sproochegesetz vun 1984, wat de grousse Verdëngscht vun der Actioun Lëtzebuergesch an dem Lex Roth ass. Mir hu lo de Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Sproochekommissär an och den Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch. A virun allem hu mir de Lëtzebuergesche Schoulsystem wou Lëtzebuergescht déi dominant Sprooch ass a wou d’Net-Mammesproochler Lëtzebuergesch gutt leieren. Leider ass do och eng negativ Entwécklung komm duerch d’Liberaliséierung vum Schoulsystem, déi franséischsproocheg Précocen, a franséisch Couren an der Spillschoul, wouduerger de Kanner eng wichteg Chance fir sech sproochlech ze integréieren ewechholl gëtt.

Am Moment gesäit et aus wéi wann d’Franséischt géif gewannen, mee d’Englescht ass net ze ënnerschätzen. Däitsch gëtt definitiv manner benotzt, wat e kloere Nodeel ass fir eis, well et definitiv déi grouss Sprooch ass, déi Lëtzebuerger am beschten kënnen, well se no beieneen leien. 

Ass dat doten net eng extreem geféierlech Situatioun fir eist Land? Fir d’éischt sproochlech, dw gesellschaftlech? Reiwereien ënnert Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger wäerten do net ausbleiwen, oder?

Ech gesinn am Moment éischter Reiwereien zwëschen Lëtzebuerger selwer wat d’Lëtzebuerger Sprooch ugeet. Meng auslännesch Kolleegen sinn dacks voll fir eis Sprooch, well et se eebe soss néierens op der Welt gëtt. Si verstinn net firwat datt mir eis Sprooch net méi weisen am Alldag. Elo soll de neien Stadion “Stade de Luxembourg” genannt ginn a si verstinn net virwat net op Lëtzebuergesch. Ass dat net méi originell? Wéi kann eng Regierung Sproochecoursen organiséieren a soen “Léiert Lëtzebuergesch”, mee dann dem Stadion e banalen franséischen Numm ginn!

Nee, et sinn gären aner Lëtzebuerger, Stacklëtzebuerger, déi hirer eegener Sprooch Steng an de Wee leeën. Dacks mam absurden Argument, datt et géint Auslänner ass.

Jo, d’Potential fir Konflikter ass do. Ech stellen fest, datt sech Lëtzebuerg als kleng Natioun mat ville Gemeinsamkeeten lues a lues opléist, an dozou gehéiert och déi gemeinsam Sprooch mee och d Méisproochegkeet mat Franséisch an Däitsch.

Mir liewen haut a Parallelgesellschaften, déi hir Sprooch schwätzen an dann och nach Franséisch. Dat ass alles schéin a gutt. Soulaang et dem Land finanziell gutt geet, ass et: jusqu’ici tout va bien!

Ma opgepasst op d’Landung wéi gesot! Ganz vill där Auslänner ginn an Lëtzebuergesch Coursen, fir eis Sprooch ze léieren. Dat ass jo mol e gudden Ufank. Ma meng perséinlech Erfarungen mat esou Leit sinn net grad positiv: Britten hu kuerz virum Brexit eis Nationalitéit ugeholl, hunn den Examen an eiser Sprooch gepackt a schwätzen d’Sprooch null. Vu Fransousen kréien ech d’Entschëllegung: “on est trop gêné avec notre terrible accent!” Maache mir eppes falsch?

Ironescherweis packe munch Däitscher de Sproochentest guer net, well se eng Mëschung zwëschen däitschem Dialekt, Houdäitsch a Lëtzebuergesch schwätzen! Dat gëtt direkt Punktabzug! Ma grad mat deene kann een Lëtzebuergesch schwätzen! Absurd Welt.

Sproochecourse sinn super ma eng Sprooch beherrscht een nëmmen durch “Full Immersion” also d’Komplettantauchen an eng monolingual Welt. De grousse Problem ass datt d’ Lëtzebuergescht net méi déi dominant Alldagsprooch ass. Du kanns d’Sprooch zwar léieren am Klassesall, mee du bass net dauerend exposéiert a forcéiert se ze schwëtzen, entweder well’s de eng aner Sprooch muss schwätzen oder well d’Lëtzebuerger ongedëlleg sinn well den Thema subtil oder emotional ass.

Mir leeën awer och de Leit Steng an de Wee, dacks onbewosst. E Beispill:

“….Meng Fra huet d’ Sproochcourse gemaach a war houfereg drop. Du hunn se hir awer e BreiF fir d’ Nationalitéit op Franséisch gescheckt fir ze gratuleieren an ze invitéieren op eng Rezeptioun…”

Si ass net gaangen an huet fonnt, datt de Geck mat hir géing gemaach ginn. All déi Efforten fir e Bréif ze kréien an enger Sprooch, déi si net versteet! Si kann just Däitsch an Englesch. Eng Frëndin vun hir war dohinner an de Xavier Bettel huet anscheinend no e puer Wierder Lëtzebuergesch mat Franséisch weidergemaach, fir dat jiddereen versteet! Wat soll dat?

D’Lëtzebuergescht muss méi präsent ginn am Alldag. Och kleng Schrëtt hëllefen. Wann de Numm vun der Gemeng oder der Schwämm op Lëtzebuergesch do steet plus enger Ikon derbäi, da léiert een automatesch a mir weisen datt mir d’Lëtzebuergescht héich haalen. Dat selwescht mat Stroosseschëlder. All Auslänner kennt Bonnevoie, mee kaum ee vun hinnen kennt Bouneweeg.

Dat erënnert mech u mäi Brudder, deen als Enseignant mat senger Schoulklass vu Paräis op Lëtzebuerg gefuer koum. D’Reaktioun vun de Schüler war en Desaster: “On dirait la France! Pas de dépaysement”! Et gëtt – op d’mannst no mengen Erfarungen- och e positivt Beispill: am Gesondheetssecteur, dee vu Fransousen a Belsch erdëmmelt gëtt, gëtt an der Lescht ëmmer méi dacks eis Sprooch geschwat. Mä als Lëtzebuerger hunn ech dacks déi falsch Reaktioun: Ech switchen nawell gären an d’Franséischt eriwwer. Dobäi misst ech grad zu deem Ablack beim Lëtzebuergesche bleiwen. Iwwerdreiwe mir et mat der Angscht nëmmen net als Nationalist eriwwer ze kommen?

Gëschter hunn ech am Tageblatt gelies, datt eng Lëtzebuergerin aus dem Cap Verde et rassistesch fënnt, dat si op franséisch a net op lëtzebuergesch ugeschwaat get! Dofir, wann Dir kee Rassist wëllt sinn, da fänkt mol ëmmer mat ‘Moien’ unn, egal wéi déi Persoun ausgesäit!

Ech kann hire Frust an de Frust vun alle Leit verstoen, déi Lëtzebuergesch geléiert hunn.

Muencher vun eis fäerten mat hinnen op Lëtzebuergesch unzefänken, well aner Lëtzebuerger si verdaiwelen well mir anscheinend eis Sprooch imposéieren. Mee genau dat sech ‘Drunn-Haalen’ bréngt eng besser Integratioun mat sech!

D Lëtzebuergescht ass ënner Attack vun de Globalisten, dei probéieren hir Utopie vun enger Weltnatioun ze verwireklechen an do huet d’Lëtzebuergescht nu wierklech keng Platz. Si ass en néidegt Affer, well d’Sprooch jo ofgrenzt géint anerer.

Ma ech sinn fir e richtegen Multi-Kulti. Eng Kultur hëlt zwar op, ma si muss sech och ëmmer ofgrenzen. Dat mécht grouss a kleng Kulturen aus. Si sinn doduerch eenzegarteg. An dat ass och esou beim Mënsch. Grouss Artisten a Wëssenschaftler huelen op, allerdéngs si grenzen sech och ëmmer of. Nëmmen wann d’Natiounen hir Identitéit haalen, kënne mir och dei verschidde Kulturen erliewen a genéissen. Wie wëllt eng langweileg Universalkultur ouni Déifgang mat doudegen Sproochen an Traditiounen, dei just nach op YouTube existéieren?

Ech gesinn och d’Termen Natioun an Nationalist als neutral. Den Term seet just datt eng Persoun fënnt, datt d’Natioun déi beschten Organsatiounsform ass a grenzt sech domadder of vum eigenbrötlerëschen Regionalismus, an deem EU-Zentralismus a Globalismus alles platt a gläich maachen. Dei dräi Konzepter sinn wéi en Hummer: Du kanns e Nol dermadder aschloen oder engem domadder op de Kapp fachen.

Mir mussen de Spagat färdeg brëngen fir eis Geschicht an Identität esou wäit wéi méiglech ze haalen an zugläich oppen ze sinn fir d’Welt. An dozou gehéiert och, fir op eis Sprooch ze insistéieren.

An domatter soen ech Merci fir dat Gespréich!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *