Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

COVID 19 – déi europäesch Blamage 

COVID 19 – déi europäesch Blamage
Image par Capri23auto de Pixabay

1Joer Pandemie, 1 Joer Krich. An 1 Joer europäesche Fiasko op der ganzer Linn! Wann déi lescht Schluecht bis geschloen ass, muss deen ale Kontinent Bilan zéien: wéi war et méiglech, datt Europa esou verpennt huet? Der “Flintenuschi”, also der EU-Kommissiounspresidentin eleng d’Schold ze ginn, wär zwar déi plausibelst, ma zugläich déi einfachst Äntwert.

Virun net grad engem Joer huet den Debakel an Italien ugefaangen. D’Stiwwelnatioun war uerg gepaakt, et gouf massiv gestuerwen, an de Rescht vum Kontinent huet interesséiert nogekuckt. Null Reaktioun vun der Kommissioun! D’Madamm von der Leyen war ze vill ageholl vun hirem green deal fir de bloe Planéit ze retten a wollt sech d’Spill net duerch esou e blöde Virus verdierwe loossen.

D’Reaktioun koum Wochen duerno, eigentlech vill ze spéit, ma ëmmerhin mat engem Mea Culpa. Méint drop kruten d’Italiener esou vill Geld vu Bréissel versprach, datt esouguer italienesch Populisten zu iwwerzeegten Europäer goufen. Kleng Schluechten, wéi déi ëm d’Masken, iwwersprangen ech a kommen zum Plat de résistance: d’Impfstoffer. Groussen Houfert viru 6 Méint: den éischte Vaccin koum vum europäesche Buedem, mat BionTech aus Däitschland. Kuerz drop, verdaddert Gesiichter ënnert europäesche Politiker: Länner ewéi d’USA, Groussbritannien, Israel…. hunn Europa lénks a riets beim Impfen iwwerholl.

Amerika ass bei 25 Prozent ukomm, d’EU bei 8! Hei louch de gréisste Feeler bei der “Uschi”. D’Kommissioun huet ze spéit bei de Laboratoire bestallt a wollt besonnesch gescheit sinn, andeem’s si de Präiss wollt drécken. De Feeler vun de 27 Gesondheetsministeren louch doranner, dem Waasserkapp Bréissel ze vill vertraut ze hunn.

“…Es ist so schön auf Erden,

drum lass sie gewäerden…”

A Bréissel huet weider laang just nogekuckt. Esou huet d’New York Times am Februar geschriwwen, datt 34 Milliounen Impffläschelcher, déi op europäeschem Buedem hiergestallt goufen, an Drëttlänner exportéiert gi waren, dovunner 9 Milliounen an dat net méi europäescht Kinnekräich Groussbritannien. Wéi 250.000 Dosissen vun AstraZenika sollten an Australien geliwwert ginn, huet Italien mol blockéiert.

AstraZenika? Do war dach eppes?! Den 8. Mäerz huet Éisträich dee Vaccin gestoppt, wéinst eventuellen Niewewierkungen. 4 osteuropäesch Länner haten nogezun, den 11. Mäerz koumen déi nordesch Länner derbäi, mat schliisslech de 15. Mäerz Däitschland, Frankräich an Italien. Bannent enger Woch stoung déi europäesch Impfstrategie op der Kipp! Déi vill gelueften europäesch Solidaritéit stoung a steet um Spill.

Et erënnert een sech: de 4. Mäerz goungen déi dänesch Premierministesch Frederiksen an den éisträicheche Kanzler Kurz op Jerusalem. Als cavaliers seuls, als Pilgerfaart: et soll eng nei Zesummenaarbecht ginn tëscht Danemark, Éisträich an Israel, ginn fir zum Beispill nei Impfstoffer ze entwéckelen, an der Haaptsaach géint d’Mutanten vum Covid-19. Deen ëmmer e bësselche schelmesche Kurz huet sech net genéiert, op enger Pressekonferenz ze soen: mir wëllen net méi eleng vu Bréissel ofhänken! Solidaritéit geet aneschters!

Et bréckelt och un der Ost-Front vun Europa. Den 1. Mäerz  huet d’Slowakei am Alleingang 200.000 Sputnik V- Fläschelcher aus Russland geliwwert krut- bestallt sin 2 Milliounen. D’Pandemie schléit an dësem Land besonnesch brutal zou. D’Tscheschech Republik huet och zu Moskau bestallt, plus zu Peking. An Däitschland lafe grad esou Traktatiounen, fir bei de Russen anzekafen, nach ier de Vaccin iwwerhaapt vun der ema zougelooss ass.

Do ass näischt dergéint ze soen. Gesondheetspolitik fält ënnnert d’Souveränitéit vun den eenzele Memberlänner. Et ass manner e medezineschen, ma virun allem e politesche Probleem, fir d’Responsabilitéiten ëmzetässelen….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *