Recent Posts

Post Categories

D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...
Frank Bertemes: Es war einmal? 
Um eine Bewegung in Gang zu bringen, muss man Wünsche, Ängste und Triebe ansprechen. Das ist an sich bekannt. Von...
Frank Bertemes: Problem Rotationsprinzip 
Nach der Lektüre des rezenten Interviews mit den beiden emsigen, doch nun (leider) rotierenden Abgeordneten der Partei „déi Lénk“ im...
Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: Hecke schneiden am Sënn vum Naturschutz, dat wëll geléiert sinn! 

Jeannot Weber: Hecke schneiden am Sënn vum Naturschutz, dat wëll geléiert sinn!
Photo de Picas Joe: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/agriculture-vignoble-haie-terres-arables-11362964/

Wat ass hei Naturschutz ?

Dat hunn ech mech gefrot, wéi ech kierzlech laanscht engem flotte Vëloswee gesinn hunn wéi do eng Natur Heck geschnidden, oder kann een éischter soen, massakréiert ass ginn. An enger Heck hunn ech -wéi den Zoufall et esou wëll- e Schëld fond mat Infoen zu engem ekologeschen Heckeschnëtt. Grondsätzlech brauchen Heckenplanzen vun Natur aus keen Schnëtt. Heckeplanzen sinn Planzen, déi bei eis vun Natur aus an de Bëscher oder um Bëschrand virkommen.

Photo de Lisa Fotios: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/nature-buisson-chemin-arbre-5716410/

Fir d’Entwécklung vun verschiddenen Hecken zu engem optimale Liewensraum fir eng Rei Déieren, ass heiandsdo  e Réckschnëtt vun der Heck e Virdeel. Ëmmer erëm gëtt awer beim Heckeschnëtt betount, esou mann wei méiglech an net ze dacks Agrëffer virzehuelen. Mä firwat muss dann awer laanscht all Feld a Vëloswee Joer fir Joer esou een Heckemassaker gemaach ginn? Sinn Vëlofuerer a Spazéierleit keng Naturfrënn ?  Wat ass also beim schneiden laanscht Weeër do Naturschutz?

Ech hu mer an dräi Gemengen e puer Feld- a Vëlosweeër ugekuckt wat do esou schonns geschnidden ass a wat eigentlech do wiisst. Dobäi ass mäin Bilan méi wéi däitlech: vill Hecken -Aktivismus, awer keen Naturschutz.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *