Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Spotlight vum Finn Overdick: de Film-Fong am däischtere Gewässer! 

Spotlight vum Finn Overdick: de Film-Fong am däischtere Gewässer!
Luxemburger Wort

Beim Film-Fong dréit et net wéi et soll. Insider wëssen dat schonn méi laang. Bekannt gouf et nees fir d’Ëffentlechkeet rezent mam Avis vum Lëtzebuerger Rechnungshaff https://bit.ly/3WCC7Af wou d’Kriticken an der Form zwar moderat formuléiert gi waren, ma déi inhaltlech vill Musek enthalen. Op alle Fall genuch fir den CSV-Deputéierten Felix Eischen op de Plang ze ruffen a fir an enger parlamentarescher Fro d’Suspensioun vum Direkter Guy Daleiden ze verlaangen http://bit.ly/3GaJmJC . An et goufen am Laf vun der Zäit Kollateralschied am Journalismus.

Luxemburger Wort

Reporter woren nämlech schonn virun Joren der Saach méi op de Fong gaangen a goufen ewéi duerch Gottes Hand ausgebremst. Bei RTL gouf d’Annick Goerens virun eng intern Ethik-Kommissioun geruff, beim Tageblatt gouf de Finn Overdick esou ausgebremst, datt hien ugëeekelt d’Pan geklaakt an de Journalisteberuff zu Lëtzebuerg un den Nol gehaangen huet. Hie schafft zanterhir am Ausland fir grouss Zeitungen.

De Finn Overdick huet nämlech nach all d’Ënnerlagen vu sengen deemolege Recherchen. Hei dat, wat hien an der Zäit zesummegedroen hat.

 

Dem Finn Overdick seng Aussoen sin och op apart TV ze gesinn.

 

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Dat do ass ee staarkt Stéck! Wqnn deem sou ass, da freet ee sech, firwat do juristësch a politësch keng offiziell Suite lafen. Dat do wär ee Bedruch och um Steierzueler, dee schonn eleng duerfir misst offiziell poursuivéiert ginn.
    Mä gëllt och hei deen onendlech belaaschtbare Lëtzebuerger Teppéch an d’Politik vun deenen dräi Afen ?

  2. Jean

    Eigentlech eng affaer dei mech weineg iwerrascht.
    Wann ee sech kann zu Cannes mat e puer staren fotografeiere lossen ass de Xavier emmer derbei a no de suen get dann och net sou genau gekuckt.
    Manner op zack ass hien wan et geet dorem e Letzebuerger geint d ausliwerung un dei mettelalterlech us justiz ze schuetzen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *