En nächsten Dënschdeg bréngt de Marc Thoma op apart tv e Video-Reportage iwwer den Thema fauchage tardif. D’Séissel soll méi spéit an den Asaz kommen, fir datt virun allem d’Insektewelt sollt esou laang wéi méiglech vun der Bio-Diversitéit profitéiere kënnen. Gutt gemengt, ma wien hält sech strictement net drunn? Déi ëffentlech Hand, also grad déi, déi sollt mam gudde Beispill virgoen. Dee Reportage ass wéi gesot fir déi aner Woch programméiert, ma de Marc Thoma huet schonn elo d’Thematik kommentéiert.
“Et ass Fréijoer an d’Vullen, déi sinn rëm erwaacht, an d‘Margréitchen huet sech eraus och gemaacht , si huet d’wäiss Kolrettche rëm frësch ugedoen, esoubal si de Poufank gehéiert huet schlon…

A gréng ginn och d’Wise laanscht Weeën an d‘Pied, d’Vioule verstoppen sech heemlech am Schiet….An Sonn, déi rifft d‘Blumme schnéiwäiss, rout a blo, wéi d‘Stieren um Himmel, sou vill sinn der do. „
„Margréitchen“ hat de Lëtzebuerger Nationaldichter Mechel Lenz dëst Gedicht iwwertitelt, de Mechel Lenz – kéim hien haut erëm – géif d’Hänn iwwert dem Kapp zesummen schloen, wann hie geséich, wat d‘Mënschheet mat der Natur ugeriicht huet , wéi Inkompetenz , Rücksichtslosegkeet an Dommheet mat der Ëmwelt ëmsprangen. / Et gouf mol Zäiten, do war de Begrëff „fauchage tardif“ keen eidele Sproch. Haut duergéint sinn esou Schëlder meeschtens de Blech net méi wäert, op deem se fabrizéiert goufen .

Wëll a kengem anere Land wéi Lëtzebuerg gëtt esou fréi sou iwwerdriwen an esou radikal a massiv laanscht d‘Strossen, d‘Feldweeër, d‘Vëlospisten all Blummen, all Kraider, all Grieser, all Grashallem ëmgeméit. Eng Ursaach fir dëse kontraproduktiven, mat ëffentleche Suen ugeriichten, Non-Sens besteet doranner, dass vill ze grouss staatlech a kommunal milliounendeier Maschinerie ugeschaaft gëtt an de facto da muss eng Daseinsberechtigung hirhalen, gekoppelt un eng Art Beschäftegungstherapie mam fatalen Uerder …“propper ze maachen“. Dass déi rar Päiperleken déi dës Zoubetonnéierung vun der Landschaft an d‘Monokulturen iwwerlieft hunn an och Beien an Insekten Biodiversitéit dringend brauchen, ass muench implizéierten ëffentlechen Decideuren net déi Boun wäert. Nach ni gouf a gëtt sou radikal wéi déi lescht Joeren laanscht d‘Weeër gehaust . Beispiller gëtt et der queesch duerch d‘Land op deenen onméiglechste Plazen. Sou zum Beispill bei Diddeleng, wou iwwert d‘ Gewan e Wee bei d‘Autobunn féiert an do duerch héijen Zonk a Paart um Enn ass, well just do mol e Ponts et Chaussées Gefir kann hifueren.

An trotzdeem ass do op ëffentlechem Terrain schonns am Abrëll, wéi déi éischt Blumme sech gewisen hunn, alles ratzekal ofgeméit ginn. Niewendrunn déi Diddelenger Autobunn mat hiren CO2 Rekorder. Grad hei hätte Blummen a Grieser kee gehënnert, wa Blummen iwwerhaapt ee kënnten hënneren. / Vun Diddeleng eriwwer an den Uelzechtdall bei Hënsdref – Pretten, do wou déi iwwerflësseg, milliounendeier Vëlospist op engen dräi Kilometer elo wärend zwee Joer gespaart ass a just sech mol en Hues – wann et der nach géf ginn – do veriert. An och do – kaum ze gleewen mais wouer – laanscht déi 4 bis 5 Meter breet, eidel Vëlospist gëtt massiv geméit. Am Asaz do den CIGR Steesel- Luerenzweiler . Wéi gesot, op engen dräi Kilometer ass d‘Pist komplett gespaart, wou Insekten a Päiperleken, Beie fir all Blumm dankbar wären. Eigentlech missten déi Responsabel wéinst Naturzerstéierung a Verschwendung vun ëffentleche Suen zur Rechenschaft gezu ginn. Et la serie continue , eng zwee Kilometer méi wäit op der Héicht vu Goussel – Lëntgen en ähnlechen desolaten Szeenario. Och do ass eng breet Vëlospist, wou op béide Säiten meterwäit Blummen a Grieser keng Chance hu fir sech ze entwéckelen. An nach e bësse méi wäit tëscht Lëntgen a Miersch, wou och vill ze fréi geméit gouf, sinn zu allem Iwwel och nach gesond Beem ëmgeseet ginn.

Iwwerhaapt goufen dës Wantersaison queesch duerch d‘Land enorm vill gesond, jonk Beem mutwëllegerweis laanscht d‘Weeër mat ëffentleche Suen zerstéiert …. Klimawandel hin oder hier. Dass altruistesch Naturschützer, engagéiert Oekologisten, renoméiert Wëssenschaftler, national Natur– an Ëmweltschutzorganisatiounen virun esouvill staatlecher a kommunaler Stuer– a Rücksichtslosegkeet – virun esou massiven, kontraproduktiven Aktiounen – net verzweifelen an d‘Bengele bei Tromm geheien … grenzt schonns un e klengt Wonner.
Richteg, mais 4-5 m breet velospisten hun ech hei am Land nach keng gesin…
En onneidegen seitenhieb…
Vir den Rescht , alles richteg.
Walk the talk, get et net mei