Dat hunn ech mer geduecht, wéi ech gesinn hunn datt se alt erëm, laanscht engem flotte Fitness -Wee am Bësch bei Käerch, Beem ëmhaen an dobäi och nach deen Naturnoe Wee massakréieren. Déi lescht Joren sinn hei schonns eng 55 Beem direkt laanscht dëse schmuelen, circa 2, 5 km laange Fitness Wee verschwonnen. Ni si vill Beem beienaner gehae ginn, ëmmer Häpperchersweis, och elo sinn erëm circa 20 Beem ëmgeluecht ginn a mat decke Maschinnen aus dem Bësch erausgefouert ginn. Wat dat fir e Wee bei der aktueller Wiedersituatioun bedeit ass kloer, Bulli an déif Spueren, déi duerno de ganze Wanter bestoen bleiwen. D ‘Leit déi dëse Wee benotzen, iwwert deen och zum Deel den Auto- Pédestre feiert, musse sech dann duerch de Bulli kämpfen.
Dëse Wee ass virun iwwer 20 Joren ob Initiativ vun enger Ëmwelt- a Sportskommissioun zesummen mat dem Fieschter, direkt nieft dem Fussball-Terrain als een Natur beloossen en, net gefestegten schmuelen Trëppelpad, als Fitness-Wee nei ugeluecht ginn. De Bësch duerch deen dëse Wee féiert, ass en héichwäertegen naassen Hobichen- Eeche -Bësch,e Bësch -Typ mat enger immens héijer Bio-Diversitéit, deen awer och alt mol méi naass ass wéinst dem leemegen Ënnergrond, dofir fënnt een och hei flott Bësch- Weieren an -Dëmpelen.

Zanter e puer Joer ass dëse Wee duerch Bësch-Aktivitéiten ëmmer erëm massakréiert ginn; all Kéiers sinn da Barrièren opgestallt ginn. Mee firwat déi Barrièrë gutt waren, hunn ech ni verstan, well et war kloer wien ëmmer erëm dëse Wee zerstéiert huet..
Elo ass de Wee schonn nees abiméiert ginn. Eng Firma schafft do, eng Firma mat diversen Aktivitéiten, dorënner och Weeër bauen. Sollt also elo dëse klenge Wee nach méi verbaut ginn ?



De Wee war ursprénglech komplett Natur, onbefestegt a schmuel. Joren duerno huet de Pad e klengen festen Ënnergrond mat Steng kritt, ass awer schmuel bliwwen. Beem sinn bis viru Joren weder am Bësch nach laanscht de klenge Pad gehae ginn. Säit e puer Joer sinn dunn ëmmer méi Beem, eleng eng 55 Beem vun 2020 bis 2022, laanscht de Wee verschwonnen. Doduerch ass de schmuelen Trëppel- an Huesepad ëmmer méi breet ginn. Hei muss ee sech d’Fro stellen: firwat, a fir wien ?

Ausser laanscht de Wee sinn an dësem dach klengen 13 Ha grousse Bësch, fir Forstwirtschaft bis elo wéineg Beem gehaen ginn, an dowéinst brauch et och an Zukunft kee breede feste Wee. Brauch mer also esou grouss Agrëffer an e Bësch fir e puer Leit déi dréchens Fous hei kennen trëppelen oder joggen?

Wuel kaum. Bleiwen déi divers deck Maschinnen aus dësem relativ klenge Bësch eraus, ass de gréissten Problem schonns geléist, a jiddereen behält hei dréche Féiss. Déi puer Plazen, wou mol no enger Reeperiod Waasser steet, kéinten punktuell entschäerft ginn, zum Beispill kleng Dëmpelen zousätzlech uleeën, déi drainéieren an esou zousätzleche Liewensraum schafen.
Esou natierlech an einfach Léisungen sicht een an de Bëscher zu Lëtzebuerg vergieflech. Grad awer no esou Léisunge sichen déi no bei der Natur sinn, misst eigentlech d’Aufgab sin fir eng Naturverwaltung an hier Fierschteren. An well een esou Natur frëndlech Léisungen ni gesäit, oder zumindest probéiert ginn, froen ech mech ëmmer méi, firwat brauche mer nach e Fieschter ?

Direkt nieft dem Wee bei Käerch e flotten Bësch- Weier, eng Mardelle. Typesch fir si ass; iwwer Joer fale stänneg nei Blieder an d’Waasser; op déi Manéier “verlannt” d’Mardelle an huet meeschtens schonn am Fréijoer kee Waasser méi. Schued, esou ass dëst Fiicht Gebitt fir Amphibien oder divers Libellen keen optimalen Liewensraum. Mat engem klengen Agrëff an engem Biotop- Management kéint hei séier gehollef ginn.
Bei konkreten Froen zum Thema Bësch a Natur kontaktéieren ech dacks Fierschteren oder Vertrieder vun der ANF. Ech hunn natierlech och schonns virun e puer Joer, wéi ech ëmmer méi däitlech dëst Trauerspill mam Wee bei Käerch gesinn hunn, meng Froen ( schrëftlech) un de Fieschter (deen deemools nei war) gestallt, leider ouni Resultat.
Schued well bei direkten Gespréicher mat Vertrieder vun der ANF wei och mat dem Fieschter aus der Gemeng Käerch , huet e sech ëmmer erëm gewisen dat bei der allgemenger Beuerteelung zum Thema Naturschutz keng grouss Divergenze bestinn. An der Praxis allerdéngs gesäit dann Welt ganz anescht aus.
D?ANF ass de Patron vum Fieschter a fir den Naturschutz an de Bëscher zu Lëtzebuerg zoustänneg. Geneemegunge sinn Haut nieft der Gestioun vum Bësch déi Haaptaarbecht vun der Natur- a Forst -Verwaltung.
Beim prakteschen Naturschutz sinn zu Lëtzebuerg Naturschutz -Syndikater oder Biologesch Statiounen vill méi aktiv an hu bei wäitem méi grouss fachlech Kompetenzen, finanzielle Mëttelen, a Méiglechkeeten. De Fieschter spillt an de Gemengen bei den diversen Naturschutz- a Renaturéierungsaktivitéiten keng grouss Roll méi, ausser bei Avisen fir eventuell Geneemegungen.
De Fieschter huet zwar an den eenzelne Gemenge e Budget fir de Bësch respektiv fir d’Natur zur Verfügung. Mee souguer am Bësch selwer ass d’Roll vun engem Fieschter iwwer d’Joren komplett anescht ginn. Sou hunn Fierschter selwer ëmmer manner eege Leit zur Verfügung. Déi meescht Aarbechten ginn lo an de Bëscher iwwer Firmaen gemaach; wien a wat, bestëmmen oft Ausschreiwungen. Dat alles geet vir allem op d’Käschten vun der Natur. Soss wossten dem Fieschter seng Leit genee jee no Wieder, wéini a wat ee maache kann. Firmaen schaffen no hirem Kalenner, egal ob et do naass ass oder wéi och ëmmer; dacks si se och net grad zëmperlech, et muss alles rentabel sinn, well bei den Ausschreiwungen ass ëmmer dee Bëllegsten vir. Dernieft produzéiert des Entwécklung och nach vill onnéidegen Aktivismus, well och all Fieschter muss fir seng Daséins-Berechtegung en Noweis un Aktivitéiten kënne presentéieren, an d’Suen am Budget musse verschafft ginn. Esou kënnt et dann zu dësen Absurditéiten:

Am Summer gëtt ëmmer méi mat Päerd laanscht Bësch- Weeër bei dréchenem Wieder geméint. Firwat dëst ofmulchen vun e puer Kraider an engem Bësch gutt soll sinn, verstinn ech net. Nach bis virun e puer Joer huet keen iergend eng Noutwennegkeet gesinn, do ze méien.
Haut maache mer dat souguer an Naturschutz-Gebidder. Bësch-Weeër ginn, ob mat Päerd oder Trakter och just do geméint, wou dat mat enger Maschinn oder Päerd méiglech ass, also ob de bal 4 Meter breeden Weeër. Déi besonnesch bei Wanderer beléifte schmuel Huese-Pied, hei kuckt bal ni en duerno, mam Resultat, datt vill vun eise schéinsten Wander-Weeër am Summer dacks mat Gënst, Far oder Bréimen zouwuessen.

Mam Päerd schaffe mer am Bësch, wou se eigentlech net gebraucht ginn, mee just als rengen Alibi déngen. Elo oder am Wanter bei naassem Wieder, do ploue mer dann mat decken Maschinnen duerch de Bësch, ech mengen dat seet alles.
Fir esou Aarbechten brauche mer sécher kee Fieschter méi. D’Natur-Verwaltung ass och zoustänneg bei Verstéiss géint Naturschutz -Gesetz. Ech hunn dee leschte Wanter eng 10 administrativ Plainten zu Verstéiss géint d’Gesetz bei der ANF eragereecht . All Kéier hunn ech och dem jeeweilege Fieschter eng Kopie geschéckt. Weder vun engem Fieschter nach vun enger ANF ass an iergendenger vun dësen Plainten eng Nofro oder soss komm.
Brauche mer just eng ANF déi eis erkläert, wéi mer eis musse/solle beim Wollef verhalen ?
E Bauer oder soss brauch fir all Vergréisserung oder Ännerung vun engem Véi-Ënnerstand oder Änlechem an der Landschaft eng Autorisatioun. Fir e Bam ewech ze maachen gëllt dëst besonnesch, ob dëse Bam de Bauer bei sengen Aktivitéiten hënnert oder och e Sécherheetsproblem duerstellt, hei brauch et ëmmer eng Autorisatioun, woubäi de Bauer och nach eng Kompensatioun muss maachen: op d’mannst ee Bam muss geplanzt ginn!
Fir e Bësch-Wee, dee méi breet oder souguer komplett nei gemaach gëtt, ass eng Autorisatioun eng Form-Saach, bei där keng Auswierkungen op Natur a Bësch sérieux iwwerpréift ginn. Eng Kompensatioun fir dach grouss Agrëffer brauch et net. Weder fir e Wee wou divers Materialien an de Bësch getippt ginn, nach fir déi Beem déi ewech gemaach ginn, an déi Plaz déi dann jo fir de Bësch verluer ass. No der Opfaassung vun der Natur -Verwaltung gehéiert e Wee einfach zum Bësch, ass also quasi gläichberechtegt oder genee esou nëtzlech wéi Beem ?
Fir mech eng dubiéis Interpretatioun! Dofir bräichte mir fir esou Aarbechten méi onofhängeg an objektiv Beuerteelungen an Iwwerpréiwungen. Eng A.N.F., eng Administratioun vun Natur a Forstwirtschaft hun dorunner awer kaum Interessi!