Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: Kee steet iwwer dem Gesetz (Text a Video) 

Jeannot Weber: Kee steet iwwer dem Gesetz (Text a Video)
Jeannot Weber

Och wann ech net all Argumenter deelen, verstinn ech ganz gutt, datt d’ Baueren zu Lëtzebuerg wéi a villen Nopeschlänner op Problemer an der Landwirtschaft opmierksam maachen.

Fair Präisser fir Produkter hierzestellen déi mer all brauchen, eng Planung’s.- Sécherheet an engem Beruff dee vu ville Faktoren ofhängeg ass, sollten – grad ewéi eng Rei aner Grënn endlech, – well se jo net nei sinn- bei de Verantwortlechen e Geheier fannen .

Jeannot Weber

Mer brauchen d’Bauere fir d’Produktioun vun Liewesmëttel, doriwwer eraus brauche mer d’Baueren och, déi eis Kulturlandschaften erhalen; et sinn si, déi eis am einfachste  kënne beim Naturschutz hëllefen.

An spéitstens op dësem Punkt mierkt een ,datt haut d’Landwirtschaft aus villen ënnerschiddlechen Interessen an Acteure besteet.

Äusserst problematesch ass zum Beispill, datt et ëmmer manner Bauere ginn- knapp 1800, bannent 50 Joer e Fënneftel manner-, an déi Betriber déi bleiwen, ëmmer méi grouss Fläche beaarbechten. Dëst ass zanter Joren en Trend an dëst ass och esou gewollt. Wéi eng Litanei ass ëmmer erëm gepriedegt ginn: mir brauchen grouss a staark Betriber, déi mussen fit si fir um Weltmaart kënne matzehalen. Resultat vun dëse Beméiunge gesi mir elo. Et ginn haut manner Betriber,  manner Leit déi an der Landwirtschaft schaffen , dofir entstinn méi Ëmwelt- a Natur- Problemer duerch déi “produktiv Landwirtschaft “ .

Dobäi fléisst een Drëttel vum EU Budget an d’Landwirtschaft, déi och ouni esou eng Subventioun iwwerhaapt net méi iwwerliewe kéint, weder bei eis nach a groussen Deeler vun Europa.

Zu Lëtzebuerg hu mer eng Landwirtschaft erugezillt, déi ausser Mëllech a Fleesch net vill Weideres u Liewesmëttel produzéiert. Also erniere kann ons déi lokal a regional Landwirtschaft haut net méi. Mir brauchen dofir Haut net manner Baueren, éischter méi , a fir allem brauche mer Baueren déi Liewensmëttelen aus villen Beräicher méiglegst nohalteg produzéieren.

Jeannot Weber

Ech fäerten awer, datt grad an der Landwirtschaft selwer eng Rei Leit sinn, déi iwwer esou eng Richtung an déi néideg Diversitéit net frou sinn. Et gesäit esou aus, wéi wann eng Rei Baueren, éischter op nach manner Betriber hoffen, fir doduerch d’Chance op eng Vergréisserung an eng weider wirtschaftlech Verbesserung ze hunn.

D’Zukunft vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg betrëfft vir allem déi jonk Baueren a wann déi sech -wei lo kierzlech- solidaresch mat de Kolleegen aus de Nopeschlänner weisen, gëtt dëst direkt aus verschiddenen Kreesser aus der Landwirtschaft polemiséiert.

Et sinn och vir allem déi grouss Bauere -Betriber a  -Gesellschaften zu Lëtzebuerg, déi am meeschte vun de knapp 600 Milliounen Euro profitéiert hunn, déi un d’Landwirtschaft tëschent 2014 an 2021 als Hëllef ausbezuelt gi sinn. Vill vun dëse Bäihëllefe sinn als Kompensatioun geduecht, datt de Bauer méi nohalteg, méi Ëmwelt- an Naturschounend schafft . Datt awer déi Bäihëllefen net ëmmer der Natur och hëllefen, gesäit een elo zu dëser Joreszäit um Beispill vun der Natur- Heck um Flouer.

Jeannot Weber

D’Hecken sinn zu Lëtzebuerg schonns zanter den 80 ger Joren an der Landschaft geschützt. Zerstéieren duerf ee se net, mee erlaabt ass, datt se tëschent dem 1 Oktober an 1 Mäerz geschnidden ginn. Jo souguer aus Naturschutz Grënn ass et wichteg datt esou Hecken periodesch a richteg gestutzt ginn. Och dofir ginn et Hëllefen, a villen Gemengen schneiden souguer Naturschutz -Syndikater de Baueren Hecken gratis.

Wei absurd dëst dann an der Praxis um Terrain ausgesäit, weist mäi klengen Film mat e puer aktuellen a konkrete Beispiller.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *