Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Problem Rotationsprinzip 
Nach der Lektüre des rezenten Interviews mit den beiden emsigen, doch nun (leider) rotierenden Abgeordneten der Partei „déi Lénk“ im...
Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...

Blog Post

Ëmwelt

Bëschbränn: all Land muss sech dorobber virbereeden 

Bëschbränn: all Land muss sech dorobber virbereeden
Foto vum Tom Zeihen, Pompjee vu Lëtzebuerg op rtl.lu

Et hat ee sech dru gewinnt, datt Länner ewéi Frankräich, Spuenien, Portugal an der Period tëscht Mee a September wéi e Chrëschtbeemchen a Flame stinn. Et huet een déi Biller gekuckt, et huet een den Awunner vun dohannen nogelauschtert, déi entweder hate mussen evakuéiert ginn oder déi hiert Doheem scho verluer haten, an et war ee frou, deen Ament an enger gemitterlecher Fotell ze sëtzen. Éischter nei ass, datt dëst Joer de Bësch och an Däitschland -Saarland- an an der Belsch gebrannt huet.

D’Gefor koum deemno méi no u Lëtzebuerg erun! Dobäi huet am héije Venn – en Naturschutzgebitt!- net eleng de Bësch

rtl.lu

geflaamt, ma et waren och Felder, deenen hir Cultivatioune gebrannt haten. Mir kruten e klenge Virgeschmaach vun deem, wat am Katastrophefall op eis duerkënnt. D’Feier ass 40 Km Loftlinn vu Wäiswampech ewech, an dee Groussbrand konnt am ganze Grand-Duché geroch ginn. Et konnt ee sech d’Wierk vun de Flamen bildlech virstellen an et wor een nees eng Kéier frou, net mussen seng Fotell ze verloossen

.”Aus Feeler léieren”

Ech hat et schonn virun 3 Joer geschriwwen; ech kennen net genuch vu Forstwirtschaft, fir mir en Urteel ze erlaben iwwer d’Aarbecht vun der neier Generatioun vu Fieschter, nämlech esou wéineg wéi méiglech an d’Natur agräifen. https://bit.ly/4zip36p.  Doudegt Holz leie loossen, dat kann nach vun Déieren benotzt ginn (Igel an Insekten), net muttwëlleg Beem ëmseeën, fir datt se eventuell besser Iwwerliewenschancen hätten. Gréngewald a Bambësch solle kee Park sinn. Averstanen! Mä einfach alles trëlle loossen?

Beim Feier zu Bordeaux huet sech confirméiert, datt dat villt doudegt Holz an Ënnergehëlz eng enorm Gefor duerstellt am Fall vun engem Groussbrand. D’Flame si gutt zerwéiert…onméiglech do ze läschen! Et war ënner anerem dat, wat ee vun de Pompjeeën dem franséische Staatspresident Macron explizéiert huet. An dat bréngt mech op mäi Gedanken vu virun 3 Joer.

Wann de Bësch an der direkter Ëmgéigend ass vun enger Uertschaft, wär et do net ubruecht, nom klassesche Modus ze verfueren? De Bësch propper halen, keen doudegt Holz leie loossen. Et wier präventiv geschafft fir de Katastrophefall an et géing kengem en Zack aus der Kroun falen.  Eis Haaptstad -mat Grond, Pafendall, Clausen, Neiduerf-ass wéi agekesselt vu Beem! An et wier eng gutt Geleeënheet eng Diskussioun ze féieren iwwer d’Fro: ass de Bësch ze no bei den Haiser oder  ass et net éischter ëmgedréit?

 

Related posts

2 Comments

  1. Jeannot Weber

    Totholz an engem Naturbësch ass keng direkt Gefor, déi e grousse Bëschbrand provozéiert. Am Géigendeel: Et dréit aktiv dozou bäi, datt de Bësch manner séier brennt.
    Firwat Totholz de Bësch viru Brand schützt
    • Et wierkt wéi e Schwamm: Morscht Holz ass dacks vu Pilze besiedelt an huel. Et saugt d’Regenwasser op a späichert d’Feuchtigkeit iwwer Méint.
    • Klimatiséierung vum Bësch: Duerch dat gespäichert Waasser verdonscht d’Feuchtigkeit lues an hält d’Mikroklima am Bësch kill a fiicht.
    • Buedemschutz: Grouss Stämme um Buedem schützen d’Äerd virun der Sonn. De Buedem dréchent net sou séier aus.
    • Barriär géint d’Feier: Well Totholz bannen dran dacks fiicht ass, brennt et ganz schwéier un. Et ka souguer hëllefen, d’Ausbreedung vu Buedemfeier ze bremsen.
    Wéini kann doudegt Holz eng Gefor sinn?
    • Ganz dënnen, dréchene Geischt: Kleng, dréchen Äscht, déi un der Sonn leien, kënne séier brennen. Dat gëtt “Feinstaub-Brennstoff” genannt.
    • Monokulturen: An dréchene Fichten-Plantagen (ouni natierleche Mëschbësch) ass de Risiko méi héich, well d’Kroune vum Bësch oppe sinn an d’Sonn d’Holz komplett austréchent.
    Fazit fir den Naturbësch
    An engem intakten Naturbësch ass Totholz liewenswichteg. Et hält d’Feuchtigkeit am Ökosystem a mécht de Bësch resistent géint Feier.

    1. Guy Kaiser

      Da muss dee Beruffspompjee sech komplett geiert hunn…..

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *