Dat wat mir virun zwee Joer scho gesot hunn ass haut elo Realitéit: déi onméiglech Bréck iwwert d’Neiduerf wäert méi wei 40 Mio kaschten!
Deemools huet de Schäfferot eis ausgelaacht.
Mat Sécherheet geet dat nach net duer, well et steet jo nach ëmmer kee Steen um aneren. Riets geet vun engem plus vun 30 Prozent – aus der Täsch vum Steierzueler!
![](https://guykaiser.lu/wp-content/uploads/2024/10/monster-3652086_640.jpg)
Wat seet de bloe Conseiller, dee viru Joren am Neiduerfer Schoulhaff stoung a sech um Mikro vun RTL echaufféiert huet, des Bréck géif ze deier ginn? Wéi steet säi Parteikolleeg, de Fitschert, dee Mobilitéitsschäffen ass, dann haut zu senger Ausso: “ Versprieche gehalen”?
Des Bréck schéngt just e Gefalen ze sinn vun dësem Schäffen un déi Gréng, vun deenen hie sech Stëmmen erwaart fir erëmgewielt ze ginn.
A wat seet d’Buergermeeschtesch dann dozou? De Kanal am Neiduerf war hir ze deier ginn an se huet sech deemools massiv driwwer opgereegt. Dee Kanal ass awer vill méi wichteg wéi des Bréck. Geheit d’Madamm sech bei dësem onnëtze Projet da grad esou an d’Broscht?
An da schwätzen déi do vun Ëmweltschutz! Ma dës elitär Gesellschaft ass dach déi éischt, déi dee leschte Bam géif affere fir nëmmen e puer Euro.
Hei gesäit et aus, wéi wann des lénks geriicht, sozialistesch blo Elite-Partei alles géif duerchwénken a sämtlech liberal Wäerter iwwert de Koup geheien. An da sëtzen an de Kommissiounen och nach elauter Partei-Dackelen déi just nëmme mam Kapp wackelen!
Et ass traureg wéi hei mat eise Steiersue verfuer gëtt. Déi geheien eist Geld einfach zur Fënster eraus an dat just fir hiren Ego ze stimuléieren.
Wou sinn an dësem Fall Éierlechkeet, Oppenheet, Transparenz – vun der Biergerbedeelegung guer net ze schwätzen, well déi gëtt als éischt ënnergebottert.
Wéi wier et wa bei esou groussen an deiere Projeten d’Bierger emol no hirer Meenung gefrot géifen (Kommunale Referendum) amplaz datt alles vun uewen erof diktéiert gëtt? D’Politik pocht jo esou staark drop, dass mir an enger Demokratie liewen – oder ass dat och just nëmme Fassade?
Alternativen zu dësem Filigrane Monster sinn ni richteg ausgeschafft ginn a verschiddener goufe mol net gekuckt. Dach – eng Kannerzeechnung mat Strécher bei der Kierch, déi direkt verworf ginn ass. Viru Jore wei d’ Bréck bei der Kierch geplangt war, war déi Platz gutt an et war kee Problem se do opzeriichten. Se hu jo iwwer 60 Ar Terrain kritt fir se duer ze bauen.
A wat ass geschitt mat eise Petitioune vun 2015 an 2023, wou iwwer 90% vun de gefroten Haushalten ausd em Neiduerf, vum Weimeschhaff a vum Cents sech géint des Verschwendung vun eise Steiersuen ausgeschwat hunn? Näischt bis guer näischt, se sinn am Drecksbac gelant, soubal d’Kamera fort war.
Sollt een dëse Projet net einfach nei iwwerdenken an d’Alternativ bei der Autobunn net awer favoriséieren? Nach méi deier kann déi Variant kaum ginn!
SIL Neudorf
Roger Braun