Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Hu sech déi Gréng komplett vertrëppelt? 

Hu sech déi Gréng komplett vertrëppelt?
Photo de Ann Zzz provenant de Pexels

et war ze fäerten! Aus der Geschicht Dieschbourg/Traversini loossen sech ëmmer nei Geschichte spannen. Flott fir den Observateur ass, dobäi ze notéieren, datt grad déi Gréng selwer dozou bäidroen. Et geet jo drëm, datt déi 60 Deputéierten soll(t)en iwwer eng mise en accusation vun der Ex-Ëmweltministesch diskutéieren. En uralen Text gesäit dat esou vir. Déi gréng Partei probéiert, d’Saach op déi laang Bänk ze schubsen…an dat wäert gehéiereg an d’Box goen.

Op Drock vun hinnen soten sech déi zwee aner Koalitiounspartner bereet, e neit Gesetz ze schreiwen, dat deen Ament géing reegelen, datt et definitiv de Parquet ass, deen zoustänneg ass fir d’Instruktioun. De Parquet wär eng neutral Instanz, aneschters ewéi d’Chamber, wou d’Affär Weekendhaus vum Traversini mat sengen Ausleefer an den Ëmweltministère evidenterweis eng politesch Dimensioun huet.

En neit Gesetz brauch bekanntlech seng Zäit, ausser, et geet esou séier wéi a Pandemiezäiten. An där Zäit dauchen dann ëmmer nei Geschichten op, mat enger misteriéiser Eegendynamik. Dat ass elo de Fall.

mat deem neie Gesetz géing also de Parquet mat der Untersuchung chargéiert ginn. Déi Gréng wëllen domadder mordicus verhënneren, datt déi 60 Deputéierten, -wuel éischter déi 29 vun der Oppositioun- pertinent Froen opwerfen, déi da spéider vun der police judiciaire un d’Carole Dieschbourg géinge weidergereecht ginn. An et héiert een, datt si an dësem Dossier de Woltesch Misch fäerten ewéi d’Feier.

wort.lu

Den CSV-Deputéierten war schonn virun zwee Joer an deem Kontext opgefall. Hien hat sech deemools schonn an d’Matière erageschafft, hat an der Chamber der deemoleger Ministesch eng Wäschmaandel voll Froen gestallt, si carrement an den Eck gedréckt. Dee Wolter- esou héiert ee weider- hätt sech déi lescht Wochen weider an d’Matière eragelies – den Dossier goung bekanntlech vum Parquet weider un all eenzelne Volleksvertrieder- an hien hätt elo schonn eng 80 Froen prett. Dat versprécht!

Déi Gréng hunn wibbeleg Knéien. Et ass sech nämlech duerchaus virzestellen, datt d’Madamm Dieschbourg ënner dem Drock vun der politescher Oppositioun a vun der Ëffentlechkeetkéint Aussoe maachen, déi entweder de Roberto Traversini belaaschten oder awer deen een oder aneren héije Fonctionnaire aus dem Ëmweltministère. An also ass et méi besser gutt, d’Carole Dieschbourg an d’Pan ze klaken a Rou an der Partei ze halen.

Zugläich muss een sech dann allerdéngs froen, firwat den Här Traversini protegéiert gëtt, ausgerechent dee Mann, duerch deen de ganze Schlamassel ugefaangen huet? An et soll och dee Mann sinn, dee fir déi Gréng Trëppeltouren organiséiert a sech dofir bezuele léisst!

An engem Siess gouf en dréchene Rapport vun der Cour des comptes héich interessant, scho bal brisant. La Cour constate que le parti a engagé en décembre 2020 des dépenses liées à l’organisation d’activités de loisirs (« Projektkoordination – Greng a Beweegung ») pour ses membres. Ces dépenses se poursuivent en 2021, et ce de façon mensuelle.
La collaboration entre le parti et son prestataire de service se base sur un contrat de louage d’ouvrage qui a été validé par le bureau exécutif le 10.02.2020 et signé le 12.02.2020.
La Cour se demande si ces dépenses sont conformes à l’article 13 de la loi modifiée du 21 décembre 2007 portant réglementation du financement des partis politiques qui doit être lu ensemble avec l’article 4 qui dispose que « les fonds des partis politiques provenant du financement public conformément aux dispositions de la présente loi peuvent uniquement être affectés à des dépenses telles que définies à l’article 13, alinéa 2 de la présente loi et directement liées aux objectifs définis dans les statuts ».

Den Numm Traversini fält dobäi net,

wikipedia

ma wann een 1 +1 zesummenzielt, kann et sech just ëm hien handelen. Déi Gréng streiden och net of, datt si sech vun engem prestataire coache loossen. Hei een Deel vun hirer Äntwert un d’Cour des comptes:Si la notion d’activités de loisirs, suggéré par la Cour, provient probablement du fait que dans le cadre de leur enquête nous avons fourni des explications permettant de clarifier des factures d’un prestataire qui organise des activités permettant de réunir nos membres dans un contexte différent que celui d’une réunion classique. Si ce prestataire nous organise effectivement le cadre de l’activité dans lequel nous accueillons des membres ou encore de potentiels nouveaux membres, en y intégrant des aspects plus ludiques pour rendre le contexte plus attractif, il est évident que ces rencontres s’inscrivent pleinement dans l’objet du parti puisque celles-ci jouent sur de nombreux facteurs. Elles jouent un rôle éducatif et de communication, elles sont un outil de prise de contact et de renforcement des composantes locales par la collaboration, l’échange de bonnes pratiques, elles permettent de mieux intégrer les nouveaux membres, renforcent l’engagement, la promotion du militantisme, etc. Dans le cadre d’un mouvement politique qui poursuit des objectifs, elles sont, en résumé, un moyen efficace permettant d’établir un pont entre participant.e.s (membres, mandataires, présidence, jeunes, moins jeunes, etc.) permettant d’améliorer la cohésion tout en réduisant une certaine hiérarchie.

wuelverstanen: et handelt sech heibäi ëm näischt Illegales! D’Partei kann duerchaus Suen fir en externe Coach ausginn, esou wéi dat och reegelméisseg bei anere Parteien de Fall ass, mat zum Beispill enger formation continue an der schrëftlecher a verbaler Kommunikatioun vun den Deputéierten. D’Kromm läit an der Heck mam Numm Traversini.

Do kann een natierlech argumentéieren, déi Gréng géingen ee vun hieren net einfach esou fale loossen, schliisslech huet de Mann als Déifferdenger Buergermeeschet an als Deputéierten demissionéiert. De finanzielle Fressnapf war also an engem Siess eidel! Mä, et handelt sech heibäi ëm activité de loisirs an och wann et näischt Illegales ass, stellt sech d’Fro: ass et richteg?

D’Parteien kréien finanziell Ënnerstëtzung vum Staat. Et handelt sech also ëm Steiersuen, also vun eis alleguerten. D’Tageblatt hat schonn am September 2020 geschriwwen: “Der 58-Jährige verdient sein Leben heute als Personal Trainer, auch im Auftrag von „déi gréng“.”
“Das erklärt wohl auch, dass die grüne Partei ihren Mitgliedern die Möglichkeit gibt, an von Coach Traversini organisierten und von der Partei bezahlten sportlichen Freizeitaktivitäten teilzunehmen.”

Deemools goungen bei kengem d’rout Luuchten unn, 20 Méint méi spéit kréien déi Fräizäitaktivitéiten eng aner Nues. An de Kreesser vun der Politiker-Politik gëtt sech zum Beispill d’Fro gestallt: war deen Deal d’Viraussetzung fir datt den Traversini fräiwëlleg vu senge Mandater zeréckgetruede war? Also e Kouhandel?

Dës weider Geschicht mécht elo hiren Tour. Et ass net déi éischt a mat Sécherheet net déi lescht. Déi Gréng schëppen a schëppen an an engem Joer si Wahlen an nach eemol Wahlen…

Related posts

2 Comments

  1. Phil

    Déi Gréng hun sech net nëmmen vertrëppelt… déi Gréng haben fertig, definitiv!

    1. Jean

      Ihr wort in gottes ohr.
      Wann ee dei resultater vun der katastrophaler grenger partei bein deitsche noper geseit kritt een d schudderen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *