Zanter ronn 10 Méint gëtt d’Land vun enger schwaarz-bloer Koalitioun gefouert no 10 Joer Regierungsabstinenz vun der CSV. Bis ewell kee gréissere Faux-pas, ma dach d’Feststellung: eng éischter fad Equipe. Dat war sech wuel ënner engem nei-ale Luc Frieden net aneschters ze erwaarden. Donieft huet d’Diktat vum political correct déi lescht Joer voll ageschloen: fir richteg Déckkäpp ass an der Chamber an an der Regierung keng Plaz. No 10 Joer an der Oppositioun versteet et sech, datt eng Partie CSV-Ministeren – mä och vun deene Bloen- keng Regierungserfarung hunn. Ënnert hinnen ginn et der, déi falen op duerch dolce far niente, anerer duerch Flappsegkeeten. Den Aarbechtsminister Georges Mischo zum Beispill muss nach vill bäiléieren.
Wat de Fong vu sengen Iwwerleeunge betrëfft, huet de Mann u sech Recht. D’Gewerkschaften hu bei Wäitem net méi deen Afloss op Gesellschaft a Politik, wéi viru 40 Joer. Dat kritt ee schwaarz op wäiss bei Sozialwahlen ënnermauert. D’Participatioun léisst ze wënschen iwwereg, 56 Prozent vun de gewielten Delegéiert sinn iwwerhaapt net Member an engem Syndikat, a ville Betriber hunn d’Gewerkschaften hier Problemer, eng Lëscht zesummenzekréien; fréier war et eng Éier fir op enger Lëscht opzetrieden, haut muss een den eventuelle Kandidaten hannendru lafen.
De Minister huet sech komplett am Toun vergraff, op d’mannst wann een dem Tageblatt däerf gleewen, dat bekanntlech enger Gewerkschaft gehéiert: Bei der Sitzung heute Morgen erklärte der Minister, dass die Stellungnahme der Gewerkschaften für ihn keinen Mehrwert darstelle und dass er ohnehin nur da sei, um sich die verschiedenen Positionen anzuhören – er werde dann allein eine Entscheidung treffen, unabhängig von den Positionen, die die verschiedenen Parteien im CPTE vertreten.“ Staarken Tubak! Op Lëtzebuergesch: wat d’Gewerkschaften verzapen, asss kale Kaffi, ma ech lauschtere mol no -gaaps!gaaps!- a maachen et um Enn souwisou wéi ech et fir richteg fannen. Bei esou engem Saz ass et déi normaalste Saach vun der Welt, wann OGBL, CGFP an LCGB sech iwwerflësseg virkommen an also d’Dir klaken!
Et muss een nach laang net op alle Punkten mat de Syndikater averstane sinn, et kann an et soll een och si hannerfroen, kritiséieren, mä wann een si just als Tutebattie wëll behandelen, muss een och mat enger Retour-Kutsch rechnen. Et ass evident, datt d’Gewerkschaftler sech dergéint wieren, datt Kollektivverträg och kéinte mat Delegéierten ausgehandelt ginn, déi net an enger Gewerkschaft sinn; dat ass hire fonds de commerce.! An deem Sënn ass hir Positioun ale Brach, ma et kann an et soll een hirer Argumentatioun nolauschteren. Villäicht léiert een als bluttjonke Minister eppes bäi? Oder ëmgedréit; et fënnt een an der Diskussioun de richtege Moment fir d’Syndikater drop opmierksam ze maachen, datt d’Zäite sech geännert hunn.
Esou kann een hinne roueg ënner d’Nues reiwen, datt et scho zanter Joer sougenannten onofhängeg Lëschten an de Betriber gëtt a wou d’Gewerkschaften eng Zesummenaarbecht sichen. Oder gemëschte Lëschten: onofhängeg Kandidate zesummen mat Gewerkschaftsmemberen. Même combat! D’Zäiten hu sech effektiv stramm geännert, an d’Gewerkschaften mussen sech dorobber astellen. Dat ass allerdéngs net dem Minister Mischo seng Aufgab, dee genuch Aarbecht huet. An dee virun allem u sech selwer muss schaffen. Als Regierungsspunt huet hien et fäerdeg bruecht, déi dräi Syndikater géint sech an domadder géint d’Regierung opzelueden.
Dat hätt net musse sinn! Et ass Ueleg an d’Feier fir d’Luc Frieden-Kritiker, déi dovunner iwwerzeegt sinn – net ganz zu Onrecht-, datt dem Premier ee wichtegt Organ feelt: d’Häerz, mat all senge sozialen Oderen. De Georges Mischo – esou niewebäi och nach Sportminister- misst wëssen, datt Regierungspolitik Equippenaarbecht ass. Säin Optrëtt an der Liga FC Schinnegebeess war onnéideg a kontraproduktiv!
Wann een Inkompetenz mat Arroganz an engem Ministëschamt wëll verbannen, da stéisst een onweigerlech op deen hei genannten Numm vum Aarbechtsminister. Dee Mann ass eng absolut Feelbesetzung an dat an Zäiten, wou grad dee Sujet vum “droit du travail” politësch opgrond vun all deenen Erausfuerderungen an deem Gesamtkontext Aarbecht, “Worl-Life Balance” asw… immens wichteg wär. Onverständlech, wann ee weess, datt d’CSV mam Marc Spautz duerchaus eng am Dossier kompetent Perséinlechkeet gehat hätt, selwer aus der Gewerkschaftsszeen kënnt, déi awer grad opgrond dovun dem wirtschaftsliberalen Denken éischter “wenig hilfreich” , voire geféierlech gewiescht wär. Deen “nei-ale Luc” huet sech eeben déi Leit erausgesicht, déi him “genehm” an utile sinn – an eebe fad, langweileg bis iwwerhieflech-arrogant an awer farblos sinn a bleiwen. Alles huet am Plang vum Här Frieden eeben ze klappen, “mit Kalkül” eeben – och déi Personalien a senger Regierungsequipe. Wee wonnert dat och?