Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Aussepolitik

Iwwer d’Feigheet vun der Press 

Iwwer d’Feigheet vun der Press
wikipedia

An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi d’Press plakeg do stoe léisst! Si, déi sech esou gären als véierte Pilier vun der Demokratie feiere léisst, hätt op deem Plang vill méi aktiv musse sinn. Si hätt de Gesondheetszoustand vum abléckleche President mussen hannerfroen. Kloer! Eng delikat Geschicht, bei där een net jidder Persoun iwwer 80 Joer  automatesch däerf als Parkinson- oder als Alzheimer-Kandidat disqualifizéieren. Also net mam Bulldozer, an awer dach konsequent.

D’Press wëll bekanntlech de Kontrolleur sinn vu Parlament, Regierung, Justiz. De Gesondheetszoustand vun engem héiere Politiker hannerfroen ass weder nei nach mënschenonwierdeg. Ech erënneren un de franséische Staatspresident François Mitterrand deen a sengem zweete Mandat kriibskrank gi war; hien hat déi Krankheet bis zum Schluss fir sech behalen. A wéi et dunn bis awer bekannt gouf, war déi publizistesch Welt ze kleng: et koum e Buch eraus mam Titel ces malades qui nous gouvernent an déi franséisch Zeitungen hu sech iwwerschloen, sech géigesäiteg iwwerbueden. Schonn deemools hat d’Press versot, well et konnt een dem Mitterrand d’Krankheet am Gesiicht ofliesen. Beim Georges Pompidou war et net vill aneschters.

Elo Rebelote an den USA mam Joe Biden. Schweigen im Medienwald. D’Ursaach fir dës Retenue vun der Press ass héich interessant. Keng gréisser Zeitung, keng Televisiounsstatioun huet et gewot, un den Image vum President krazen ze goen aus Angscht, an de rietsen Eck gestalt ze ginn, souzesoen als Supporter oder esou guer als Waasserdréier vum Donald Trump; grad déi amerikanesch Politik ass op dës Dualitéit ausgeriicht: wie géint deen een ass, ass automatesch fir deen anere Kandidat.

Och wann d’Behaaptung richteg ass, datt e kritesche Reportage iwwer de Gesondheetszoustand vum Joe Biden eng indirekt Hëllef an der Campagne vum Trump – op d’mannst fir eng kuerz Zäit-gewiescht wär, esou muss dat der Press egal sinn, schliisslech wëll si keng Politik maachen, ma d’Politik kontrolléieren, iwwerwaachen, kritesch begleeden, dem Bierger explizéieren. An déi nämmlecht Press huet jo all d’Fräiheeten vun dëser Welt, en änleche Reportage iwwer den Trump ze maachen.

Déi amerikanesch Medien hu léiwer de Kapp an de Sand gezappt, fir sech net der Kritik auszesetzen, de Steen un d’Rulle bruecht ze hunn an de Biden aus der Campagne ëm d’Wäisst Haus erauskatapultéiert ze hunn. Si huet sech -nees eng Kéier- selwer de Maulkuerf iwwergestrëppt an domadder op der ganzer Ligne versot.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *