Recent Posts

Post Categories

Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...
Séparation des pouvoirs, d’Basis vun der Demokratie 
D’Procureur général d’Etat Martine Solovieff geet a 4 Méint an d’Pensioun. Si war e leschte Samschdeg Invitée an der RTL-Emissioun...
Frank Bertemes: Rentendebatte und Bürgerbeteiligung 
„Sage es mir, und ich werde es vergessen. Zeige es mir, und ich werde es vielleicht behalten. Lass es mich...
VUN DACKELEN A FILIGRANE MONSTEREN. E Lieserbréif aus dem Neiduerf 
Dat wat mir virun zwee Joer scho gesot hunn ass haut elo Realitéit: déi onméiglech Bréck iwwert d’Neiduerf wäert méi...

Blog Post

Politik

Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 

Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken
cgfp.lu

De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt – wann et mol haart op haart kënnt- de Verwaltungsmënsch dat am Sëtze mécht. Den 29. Abrëll war grousse Protestmeeting, an et war ze soen e Sëtzstreik a Staminet-Atmosphär. Déck Téin goufe gespaut well d’Regierung op eng eklatant Manéier de Gehälteraccord an der Fonction Publique net déit respektéieren. An nawell schéngt sech den Toun elo bei der Gewerkschaft geännert ze hunn. An do däerf een sech dann dach wonneren!

Et geet am Sträit ëm de Gehälteraccord am Generellen an ëm de Bewäertungssystem an der Arméi am Speziellen. Am Mäerz schreift d’Gewerkschaft CGFP an der Nummer 61 vun hirem Informatiounsblietchen: eine Regierung, die sich in einem Abkommen mit der CGFP dazu verpflichtet, das Bewertungssystem im gesamten Staatsdienst abzuschaffen, dürfe danach keine absolut identische in einer Verwaltung wiedereinführen. A weider: Ohne das Gespräch mit der CGFP zu suchen, hatte die Dreierkoalition im Juni 2023 klammheimlich den Artikel 32 in das Gesetz zur Armeereform eingefügt. Dieser sieht eine Bewertung der Streitkräfte vor. Dat war also nach ënnert där aler Regierung geschitt.

 

Ma och déi nei Regierungsekipp a virun allem dem Luc seng CSV kritt den Dicks geriicht. Virun de Wahlen hätt si eng aner Sproch geschwat wéi duerno. Seitdem die CSV wieder stärkste Regierungspartei ist, hat sie diesbezüglich eine radikale Kurskorrektur vollzogen und somit einen Wortbruch gegenüber sich selbst begangen. Elo si se an der Regierungsverantwortung an elo si se verschwonnen! Bon. Kann de Minister Serge Wilmes selwer kucke wéi hien aus där Nummer erauskënnt. Hie war jo bis elo als éischte Schäffen domadder chargéiert fir owends- wann d’Mouken ufänke bëseleg ze ginn- an der Haaptstad d’Trottoiren eropzeklappen.

D’Arméi, casus belli?

Op alle Fall stoung an deem Artikel vun der CGFP méi ewéi just eng eenzeg Zeil iwwer de Fall ‘Härebierg’ Esou ënnersträicht d’Staatsbeamtegewerkschaft, datt si prett war fir de Paragraph iwwer d’Arméi ze sträichen an an der Konterpartie iwwer de Kasäre-Regimm separat nozeverhandelen. D’Kinder-Überraschung koum dunn am Mount Mee: en Editorial aus der Fieder vum CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger himself. A bei der Lecture vun deenen Zeilen war et tatsächlech ubruecht, datt ee fest op sengem Stull souz!

 

Do housch et: Wer bei der Protestkundgebung der CGFP am vergangenen 29. April auch. nur ansatzweise zugehört hat, müsste doch mitbekommen haben, dass keineswegs die Einführung eines Bewertungssystems bei der Armee im Mittelpunkt der mit rund 1000 Teilnehmern ausserordentlich erfolgreichen CGFP-Protestveranstaltung stand, sondern vielmehr nach einem eindeutigen Vertragsbruch durch die Regierung. Waasser-zéien nennt een dat, un der Schnouer vun der Schass manipuléieren! Vorwärts, Kameraden, wir flüchten.

Natierlech goung et ëm de Gehälteraccord, mä d’Gewerkschaft hat als Mannequin fir an d’Vitrinn d’Arméi erausgewielt. Dee Revirement liest sech, wéi wann d’CGFP-Bonzen awer nach zu der Iwwerzeegung komm wieren, datt de Bewäertungssystem an der Arméi eng international Norm ass. Eng MUSSE-Saach, eng Obligatioun. Wie Member ass an der NATO muss där hier Spillreegelen iwwerhuelen. Do ass déi lëtzebuerger Kleng-Kleng-Politik esou vill wäert ewéi de Peffermënztéi um Basar zu Marrakech!

Zanter Wochen muckst sech d’CGFP net méi. Et schéngt een agesinn ze hunn, datt een enger populistescher Interpretatioun vun der Problematik op de Läim gaange war. Also léiwer de Kapp anzéien an näischt soen, drop waarden, datt de Lëtzebuerger a seng wuel verdéngte Vakanz kënnt an dee ganzen ‘incident’ vergësst.

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Dee leschte Saz vum Här Kaiser ass souwisou deen typesche Stil vun där Staatsbeamtegewerkschaft,, déi mat vil Gedäisch ganz oft waarem Loft bléist an anerer sech d’Fanger verbrenne léisst – muss een duerfir rëm eng Kéier d’Eisebunnsgewerkschaften beméien, déi bei alle grousse Streikaktiounen kämpferësch opgefall sinn-Stéchwuert: Lounindex? Dee géif et ouni d’Eisebunner hei am Land nämlech guer net ginn! Ween intresséiert schonn ee “streikende” Staatsbeamten, deen den Dossier virun him um Pult e bësselche méi laang leie léisst?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *