Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Gesellschaft

Isolatioun ass besonnesch schlëmm fir eeler Persounen! 

Isolatioun ass besonnesch schlëmm fir eeler Persounen!
Image par congerdesign de Pixabay

um leschte Freideg Moien goung ech an d’Stad, vir bei der Tata Metzler ze passéieren. Mäin éischte Besuch an der Stad zanter 14 Deeg. Eng Gespensterstad. Just e puer Leit sinn duerch d’Groussgaass getrëppelt. Isolatioun eben. Et ass ee jo gebieden, doheem ze bleiwen. Stellt een e Sujet a Fro, andeems ee Froen opwërft?! Stellt een d’Regierungspolitik a Fro, wann ee sech gesellschaftlech Gedanke mécht?

Perséinlech fannen ech d’Isolatioun, déi Zort Quarantaine déi elo zanter 17 Deeg bei eis am Land gëllt, eng mënschlech Katastroph: Déi Moossnahm gouf an der Haaptsaach geholl, fir déi eeler Leit ze schützen an et si grad si déi elo dorënner leiden! Dobäi däerfen sech nach déijeeneg glécklech schätzen, déi doheem an hire 4 Maueren kënne liewen; ma och si sinn vum Rescht vun der Welt ofgetrennt, kënnen héchstens- wann d’Gesondheet dat erlaabt- an d’Epicerie. Kanner an Enkelcher sollen esou wäit wéi méiglech vun hinnen ewech bleiwen! Social distancing….

Dramatesch fannen ech déi ablacklech Situatioun vun eelere Leit, déi d’Zäit mussen an engem Alters-, respektiv Fleegeheim dout schloen! Si däerfen iwwerhaapt net virun d’Hausdir a scho guer net ob Besuch waarden. Et kënnt keen op Visite, well et däerf keen eran! Déi Situatioun gëtt kaum besser zanter gewosst ass, datt a verschiddenen Heemer a Foyer Infektiounen festgestallt goufen. Phantastesch fannen ech dofir d’Initiative vu verschiddenen Alters- a Pfleegeninstituter, datt elo déi eeler Leit wéinstens iwwer SKYPE kënne mat hirer Familjen kommunizéieren! Modern times!

Wann awer an dëse Wochen eng eeler Persoun an engem Heem um Stierwe läit, da brauch si sech guer keng Hoffnungen ze maachen, eng leschte Kéier de conjoint ze gesinn, keng Kanner a keng Kandskanner. Ech stelle mir dat esou richteg eekeleg vir. Et kënnt op den Titel eraus vun engem Artikel an der WELT:” Man stirbt einsamer! Bon! Virum Doud simmer all eleng, ma ouni ob empiresch Erfahrungen kënnen zeréckzegräifen, soen ech mir alt mol: et deet awer villäicht gutt, wann e puer bekannte Gesiichter deen Ament bei mir sinn.

“Loosst déi al Leit stierwen”! sangen d’Kanner wann se liichte ginn, an dorunner gëtt sech gehalen.

wann al Leit stierwen, dann ass dat eben esou. Dies irae! Viru 4 Joer waren a Frankräich un der Wantergripp 14.400 Leit gestuerwen! Bal alles eeler Persounen, vill vun hinnen an de Kliniken a bannent 10 Wochen! https://www.banquedesterritoires.fr/la-grippe-de-2016-2017-fait-autant-de-victimes-que-la-canicule-de-2003

An? Huet et ee gestéiert? Keen Hunn huet no hinne gekréit! An d’Situatioun an Italien war och viru 4 Joer schonn dramatesch. An der Neue Züricher Zeitung liesen ech:”Aber im Winter 2016/2017 wurden nicht weniger als 25 000 Grippetote registriert, davon 19 400 im Alter von über 65 Jahren. Warum wurden damals die Landesgrenzen nicht geschlossen? “ Déi al Leit hunn eben keng Lobby. Hinne feelt esou eng Stëmm wéi d’sécurité routière bei den Automobilisten, mat der Sonndesriedegt: All Verkéiersdoudegen ass een ze vill! D’Wantergripp schénge mir als ‘normal’ ze acceptéieren.

Ech wëll hei kee Verglach maachen tëscht dem covid-19 an der Wantergripp, fannen et awer bosseg wéi liichtfankeg mir mat där enger Krankheet ëmginn an déi aner voll mediatiséieren. Bei där enger stierwt een, a basta! Et gëtt een héchstens an enger Statistik zeréckbehalen. Bei där Zweeter stierwt een och, ma quasi live op allen Televisiounsstatiounen. Dramatesch Biller aus italieneschen, spueneschen a franséische Kliniken gi gratis an eis Stuff transportéiert.

dobäi ginn grad déi Al an déi Krank am mannste geschützt. Et stellt sech ëmmer méi eraus, datt esou massiv an italienesche Klinikken gestuerwe gëtt, well déi Gebailechkeeten eng regelrecht Virusschleider sinn. An de lëtzebuerger Alters- a Pfleegeheimer gëtt och fir déi nächst Deeg mat weideren Stierffäll gerechent. A virwat? Et goufen an et ginn net genuch Corona-Tester beim Personal gemaach! Et ass jo normal, datt déi Leit, déi vu baussen erakommen, de Virus kënne matbréngen; dofir misst dat Personal all 3.-4. Dag en Test gemaach kréien! Dat behaapten allemol bekannte Virologen bei eisen Noper!

Et geet mir net drëm, iergendwelleg Scholdzouweisung ze maachen. Ma et ass net verbueden, aus Feeler ze léieren….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *