Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesellschaft

De bâtonnier freet eng Entschëllegung vum Minister Kersch! 

De bâtonnier freet eng Entschëllegung vum Minister Kersch!
Image par Clker-Free-Vector-Images de Pixabay

den Aarbechtsminister Dan Kersch hat de 6. Abrëll op Facebook engem “FB-Frënd” geschriwwen, datt et quasi onmoralesch wier, deenen “décken” also “räichen” Affekote-Cabinet och eng staatlech Hëllef zoukommen ze loossen. Dorobberhin hat de maître Gaston Vogel de Griffel an d’Hand geholl an dem Minister e gepefferte Bréif zoukomme gelooss.

De Gaston Vogel ënnersträicht doranner, datt hie selwer kee Cent vum Staat wéilt hunn. Am genre: esou vills Eier misst ee schonn an der Panz hunn! Hie freet awer de Minister, ob deen sech iwwerhaapt bewosst ass, wat et bedeit, um Enn vum Mount eng ganz Maandel voll Peien mussen ze bezuelen, ouni datt an deem Mount och nëmmen e Waark un Akommes um Kont steet?!

An dat nämmlecht Holz schléit elo de bâtonnier François Kremer. Als Chef vum barreau fillt hien sech -stellvertriedend fir all seng Beruffskolleegen- blesséiert a verlaangt eng Entschëllegung vum Minister.

Courrier de Monsieur le Bâtonnier adressé � Monsieur le Ministre du Travail

De Bréif ass en anere Style wéi deen vum Gaston Vogel an awer kënnt hien op dat Nämmlecht eraus: de Minister hätt “ eng fléie gelooss” a misst sech dofir entschëllegen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *