Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Léiwe Felix Braz 

Léiwe Felix Braz
image credits: gouvernement.lu

Et ass schonn e ganze Strapp hir, datt mir zwee op RTL d’Fréischicht gemaach hunn. Du mat den Noriichten op portugisesch, ech op lëtzebuergesch. De Stress vun der Aarbecht huet et eis net erlaabt, Moies fréi laang Kosettercher ze halen, an nawell hunn ech Dech als joviale Mënsch a gudder Erënnerung. Dofir huet et mir wierklech déck gedoen, wéi ech an der Pensioun vun Dengem Häerzinfarkt héieren hunn.

Ech bedaueren och Deng ablécklech Situatioun, déi’s Du jo zimmlech ausféierlech an engem Interview mat der portugisescher Zeitung CONTACTO beschriwwen hues an deen dëse Samschdeg op Däitsch am Lëtzebuerger Wort nozeliese war. Et muss eng grujeleg Erfarung gewiescht sinn, no 6 Deeg am Koma lues a lues ze begräifen, datt een fir 3 Minutten klinesch dout war an no Woche gewuer ze ginn, datt een aus der Regierung erauskomplimentéiert gouf.

Ech liesen vill Verbatterung bei Dir eraus, déi ech awer zu 100 Prozent kann novollzéien. Ma wéi meeschtens ass d’Verbatterung e schlechte Beroder.

Du iergers Dech iwwer Deng ablécklech finanziell Situatioun. Ass gutt ze verstoen. Du liefs nach e puer Deeg vun deem sougenannte Waardegeld, op dat jidder Ex-Minister e Recht huet, bis datt hien berufflech anzwousch aneschters ënnerdaach ass. Deng Fra huet hir Aarbecht opginn, fir sech ëm Dech doheem ze këmmeren. Châpeau! D’Enn vun dësem Mount leeft dat Geld aus. An dann?

Du méchs Dir also déi gréisste Suergen, genee dat, wat een no engem Häerzinfarkt am mannste sollt maachen! Ganz schlëmm. “In den letzten 19 Monaten haben Sie mit 5700 Euro im Monat gelebt- für eine vierköpfige Familie zu wenig, um Rechnungen zu bezahlen” liesen ech am LW-Artikel, wou betount gëtt, datt vill Dokteschrechnungen net vun der Krankekeess iwwerholl ginn.

Dee Saz kréie -leider- vill Leit an déi falsch Strass. Et gi vill Familljen déi mat manner wéi 5700 Euro de Mount mussen auskommen. Därmoossen héich war d’Pai bei RTL jo och net, Trotzdeem. Du wars Minister an Du sëtz an zwou Wochen souzesoen op der Strooss! Onwierdeg.

Du iergers Dech awer an der Haaptsaach iwwer d’Manéier, wéi politesch mat Dir ëmgespronge gouf. Du bass den 22. August an d’Klinik ageliwwert ginn, an den 11. Oktober war Deng politesch Carrière um Enn. 50 Deeg. Aus Denger Siicht, ze kuerz. Aus menger Siicht als Observateur huet d’Regierung allerdéngs MUSSEN handelen. E Ministère ewéi dee vun der Justiz kann een net méi laang wéi 2 Méint ouni Chef loossen! An der Privatwirtschaft wier et wuel nach méi schëtzeg gelaf.

Den Grünen wirft er mangelnde Loyalität vor- insbesondere François Bausch, der seiner Ansicht nach den Prozess beschleunigt hat, um Braz’ Platz in der Regierung einzunehmen. Wann ech perséinlech dat däerf interpretéieren, heescht dat wuel: d’Sam Tanson als Nofollgerin fir de Ressort Justiz, dat ass ok, ma de Posten vum Vizepremier hätt een nach eng Zäit kënnen opstoe loossen. Dann hätt een am Laf vun de Woche gesinn, dass Du lues ma sécher kierperlech a geeschteg recuperéiert hues an dass Du en connaissance de cause Deng Decisioun selwer häss kënnen huelen.

Dat wär wuel eng Méiglechkeet gewiescht. Ma och do stellt sech d’Fro: wéi laang dann hätten déi Gréng solle waarden? Du wars deemools gesondheetlech kräfteg ugeschloen. Ech kann awer novollzéien, datt et vun der Form hier -a fir Dech och vum Inhalt- méi korrekt gewiescht wier, net gläich an an engem Zoch tabula rasa ze maachen.

Du bass wéi gesot vill verbattert. Wien vill Parteifrënn huet, brauch keng Feinden. Däi Fall weist, datt gesetzlech muss nogebessert ginn, fir datt och e Minister, deen uerg krank ass, ka finanziell iwwer d’Ronne kommen. Ech wënschen Dir an Denger Famill all Gutts! Dass Du séier virukënns op de Geriichter an dass Du weiderhin Fortschrëtter méchs a Punkto Gesondheet.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *