Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Gesellschaft

Corona: Merci, klenge Virus! 

Corona: Merci, klenge Virus!
Image par Susanne Jutzeler, suju-foto de Pixabay

ech liese grad en Interview mam Ausseminister ouni Grenzen Jean Asselborn iwwert en Europa ouni Grenzen:“Die Grenzkontrollen machen mir grosse Sorgen. Wir müssen höllisch aufpassen. Wenn der Schengen-Raum fällt, dann fällt auch das Europa der Bürger”. Ech perséinlech stelle mir d’Fro: ass et net schonn ze spéit? War souwisou net alles e Loftschlässelchen?

Do gouf et e Reportage de 4. Abrëll am HEUTE Journal iwwer déi kleng Grenzuertschaft Petite Rosselle. Et ginn Kontrolle gemaach, en däitschen Uniforméierten genéiert sech kee Fatz, vun engem knaschtege Fransous ze schwätzen; ëmgedréit geet et och: an de soziale Medien vernennen d’Fransousen déi Däitsch sales boches! Kuerz resuméiert: Drecksäck op béide Säiten, feelt nach just de Putin an dann awer Franzos’ und Russ’ in Spiritus!

Kuckt Ierch de Reportage unn, vun der Minutt 9’30” unn:

Wann een dat esou gesäit an héiert, da fiert een sech un de Kapp. Et mengt een, et géif een dreemen! Grad wéi wann 25 Joer Spiele ohne Grenzen/Jeux sans frontières awer och guer keng Spueren hannerlooss hätten. Esou en itzibitzi klenge Virus huet bannent Deeg dat fäerdeg bruecht, wat bei honnertdausende Flüchlingen net esou richteg sollt klappen: d’Grenzen goufen zougemaach: Grenze zu, Affe tot, oder esou. Villäicht huet de Virus awer de Verdéngscht, datt hien d’Leit dat soe léisst, wat si wierklech denken! Ëmmerhinn méi éierlech!

solidaritéit an Europa war an den éischte Wochen Blamage pur! D’Italiener lounge schonn zu dausenden an de Spideeler, haten souzesoen den Doud virun Aen an déi grouss EU-Kommissioun hat sech net gemuckst. Elo mécht si dat, wat si am Beschte kann: Suen ausschëdden. Ob dat wuel duergeet fir dat politescht Iwwerliewen vun der Unioun? Zanter 6 Wochen ginn et allemol nees bedeitend méi Nationalstaaten, wou jiddereen exklusiv no sech kuckt!

D’Italiener an d’Spuenier stinn zimlech plakeg do. De Virus huet si ausgedoen. Déi zwee Länner hunn zwar och de staatleche Rettungsprabbeli opgespaant, ma dee gëllt fir enorm vill Leit guer net. Mam Virus gouf opgedeckt, datt an deene Länner nach vill ouni Kontrakt geschafft gëtt. E Skandal! Déi Leit ginn vum Patron bezuelt, wéi et deem an de Kapp kënnt, ouni Sozialversécherung, versteet sech. Dat ass keng kleng Minoritéit, dat ass eng kleng Majoritéit, zum Beispill och op de Kanareschen Inselen, wou mir esou gären eis mitt Schanken sech erhuele loossen.

Dat soll Europa sinn? Ech schumme mech! All dës Leit sinn elo quasi um Erhéngeren a stiermen – zu Recht- d’Supermarché, wéi dat zu Palermo de Fall war! Ech krut also d’Aen méi grouss opgemaach: ech war zwar derfunner ausgaangen, datt nach géing schwaarz geschafft ginn, ma ech goung net vun deem Ausmooss aus!

solidaritéit soll an dësen Zäite grouss geschriwwe ginn. Richteg! Ma huet d’Juegd op den Toilettepabeier ass net eppes aneschters gewisen? Solidaritéit mat de Camionschauffeuren? Si mussen elo nach méi bëlleg fueren: 300 Euro fir 500 Km, aus- an alueden mat abegraff! Solidaritéit mat dem Personal aus dem Gesondheetssecteur? Waarde mir mol déi nächst Tarifverhandlungen of. Verbal Wäertschätzung geet net méi duer! De GUTMENSCH schwätzt vun Ëmdenken, ech si gespaant. An den nächste Wochen a Méint ass mat groussen Tensiounen um Aarbechtsmaart ze rechnen. An net jiddereen, deen entléisst, ass automatesch e BÖSMENSCH.

En Ëmdenken gëtt et awer wuel dach, hoffentlech, an zwar grad am Gesondheetssecteur. Een Ëmdenken, datt eng Klinik net do ass fir nëmme Geld ze schäffelen, keng machine à fric ass, ma fir dem eenzelne Mënsch ze hëllefen, munnechmol am grousse Leed. De wirtschaftlechen Drock op déi wäiss Kittelen muss ofhuelen! Den Dokter muss d’Soen hunn an net den Ekonomist. Déi lescht Joer mat der Diskussioun ëm d’Fusiounen goung et dacks ëm d’Rentabilitéit!

An iwwerhaapt brauche mir en zousätzlecht Spidol. Och virun der covid-19-Period huet de Kranken dacks esou laang mussen op säin medezinnesche Rendez-Vous waarden, datt hien riskéiert huet, scho virdrun gestuerwen a begruewe ze sinn.

Schliislech kommen nach d’Globaliséierungsgéigner op hir Rechnung. D’Kris huet gewisen, datt grad den ale Kontinent sech ofhängech gemaach hat vun Drëttlänner: mir hunn Pëllen an Indien dréie gelooss, Bremsbeläg a China asw., fir engersäits dës Länner wirtschaftlech ze ënnerstëtzen, an anerersäits a virun allem eis eege Rechnung esou kleng wéi méiglech ze halen. Et ass dervunner auszegoen, datt vill Produktiounen nees an europäesche Länner wäerte gemaach ginn, wat bedeit, datt déi Produkter präisslech klammen.

De Virus huet bannent kuerzer Zäit vlles fäerdeg bruecht. Leider hunn zigdausende Leit wéinst senger dës Welt éischter musse verloossen a kee weess, wéi déi nei Welt wäert ausgesinn….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *