et ass kee politesche Choix, schreift de Chefredakter vu Radio Lëtzebuerg, mam Argument, datt d’Ex-Ministesch Dieschbourg ersat gëtt duerch eng héich Beamtin. Wann en neie Regierungsmember genannt gëtt, ass dat ëmmer e politesche Choix! Mat Ënnerscheeder allerdéngs, an déi gëllt et, ze explizéieren.
D’Madamm Dieschbourg war fir déi Gréng am Ost-Bezierk gewielt ginn.
Liste No. 2 déi qréng DIESCHBOURG Carole 9752 KOX Henri 5995 GARY Chantai 4309 KLARES-GOERGEN Fernande 3405 KMIOTEK Christian 3560 SCHLECK Steve 4243 SEHOVIC Meris 3666 Total de la liste No. 2: 34930
D’Affär Gaardenhaischen hat Ausleefer op de Süd-Bezierk, wéinst dem Haaptprotagonist Roberto Traversini. Dee Bezierk vun de Gréngen, dee schonn virdrun gebeidelt gi war duerch de quasi forcéierte Récktrëtt vum Justizminister a Vizepremier Felix Braz wéinst engem Häerzinfarkt. Duerno koum d’Demissioun Roberto Traversini, Zweetgewielten viru 4 Joer a mat engem Virsprong vun 2000 Stëmmen op d’Josée Lorsché. Si ass zanter 11 Joer Deputéierten a wär fir de fräie Regierungsposten a Fro komm. Zanter dem ‘Depart’ vum Felix Braz huet de grénge Süd-Bezierk bekanntlech kee Minister méi, et wier also un hier gewiescht.
Oder awer dach léiwer eng Persoun vu baussen? Déi Gréng hunn dee Wee gewielt, grad ewéi d’Demokraten viru 4 Méint fir den demissionären Finanzminister Pierre Gramegna ze ersetzen. Mat engem net onwichtegen Ënnerscheed: d’DP huet mam Choix vun der Yuriko Backes schonn op déi nächst Wahlen tabléiert – also politesch!- iwwerdeems déi Gréng mat der Joëlle Welfring virun allem drop aus sinn, nees Rou an den Ëmweltministère an domadder och an d’Partei ze kréien- also strategesch!
Hannert där Decisioun ass wuel exklusiv de François Bausch ze sichen. D’Madamm Welfring ass bis ewell Direktesch vun der Ëmweltverwaltung, also fir de Ministeschposten net grad hannert der Heck gepléckt. Et ass dovunner auszegoen, datt si duerchaus déi néideg Kompetenzen huet an datt si als externe Kandidat de Ministère éischter berouegt kritt ewéi eng Partei-Zaldotin aus der éischter Rei.
“…über allen Gipfeln ist Ruh. Tatsächlech?…”
Iwwerraschend huet sech nämlech de Felix Braz zu Wuert gemellt. Op Twitter. Just zwee kuerz Sätz:
De Bausch spillt sech hei am Land op wéi wann hier de Premier wär.
Juste, dass een vun deem weder eppes héiert, nach gesäit… vläicht kuerz virun den nächsten Wahlen fir puer labber Sprëch lass ze loossen!