Recent Posts

Post Categories

Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...
Séparation des pouvoirs, d’Basis vun der Demokratie 
D’Procureur général d’Etat Martine Solovieff geet a 4 Méint an d’Pensioun. Si war e leschte Samschdeg Invitée an der RTL-Emissioun...
Frank Bertemes: Rentendebatte und Bürgerbeteiligung 
„Sage es mir, und ich werde es vergessen. Zeige es mir, und ich werde es vielleicht behalten. Lass es mich...

Blog Post

Ëmwelt

Paul Heinen: Klimapolitik tëschent Illusioun a Wierklechkeet 

Paul Heinen:  Klimapolitik tëschent Illusioun a Wierklechkeet
Bild von Frank Harms auf Pixabay

 

Folgend offiziell Informatiounen an Zuelen aus dem provisoresche Klimabilan fir d’Joer 2022 goufen den 28. Juli 2023 publizéiert:

 

« Bilan provisoire des émissions de gaz à effet de serre de l’année 2022 et adoption du projet de la mise à jour du «Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg» par le Conseil de gouvernement (28.07.2023)

Communiqué par : ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable / ministère de l’Énergie et de l’Aménagement du territoire

Après 2020 et 2021, le Grand-Duché de Luxembourg a réussi à atteindre ses objectifs en matière de réduction des émissions de gaz à effet de serre pour la troisième année consécutive.

Les émissions de gaz à effet de serre provisoires de l’année 2022 attribuées au Luxembourg sont estimées à 7.077.564 tonnes équivalent CO2. En baisse de 12,3% par rapport à 2021, elles se situent 23,4% en-dessous du niveau de 2019 et même 30% en dessous du niveau de l’année de référence 2005.

Restant environ 700.000 tonnes équivalent CO2 (9%) en-dessous de l’allocation d’émission pour 2022, le Luxembourg est ainsi en bonne voie pour réduire ses émissions de 55% à l’horizon 2030, tel qu’exigé par la loi modifiée du 15 décembre 2020 relative au climat.

(…) »

Fir dass een dës Zuele korrekt anuerdene kann, wier et sënnvoll fir se an e méi differenzéierte Kontext ze setzen. Am Communiqué vun de Ministèren ginn d’Zuelen éischter an e politesche Kontext gesat a sollen offensichtlech demonstréieren, datt d’Lëtzebuerger Energie- a Klimapolitik effikass ass, an datt elo konsequent op dëser Linn muss weidergefuer ginn, fir d’Reduktiounsziler vum Joer 2030 ze erreechen.

Hei verweisen d‘Ministèren jo direkt op den aktualiséierte PNEC. A mat dem PNEC komme mer dann direkt zu de konkrete Moossnamen, an ënner anerem och op déi sensibel Fro vum Wuesstem, déi am PNEC behandelt gëtt. Effektiv liwwert de Statec am PNEC en Argumentaire, deen den aktuelle Wuesstemsmodell justifizéiert.

De globale politesche Message wier deemno graff resüméiert :

„Mir hunn alles am Grëff, mir hunn déi richteg Instrumenter a mir sinn et, déi d’Entwécklung steieren fir mat gréngem Wuesstem op déi gesaten Ziler ze kommen.“

Fir ze gesinn, ewéi pertinent dëse politesche Message ass, sollt een d’Entwécklung vun den Zäregasemissiounen net aus dem Bléck verléieren, déi de leschten dräi Joren virausgaangen ass.

Effektiv stellt sech jo d‘Fro, wat statistesch Zuelen ab dem Joer 2020 an engem Kontext vu multipele Krisen reell aussoe kënnen, fir weider Tendenzen an der Zukunft ze extrapoléieren :  Pandemie, Lockdown, duerno d‘Nowéien vum Lockdown op d’weltwäit Aktivitéiten, Problemer mat Liwwerketten, Energieverknappung an Europa duerch eng progressiv Reduzéierung vu steierbare Kraaftwierker verstäerkt duerch eng geopolitesch Kris an domat verbonnen Energiespuermossnamen — hei gëtt et forcement en Afloss op déi global CO2 Emissiounen, bedéngt duerch extern Contrainten, déi d’Politik net kontrolléiere kann, mä deene se einfach ausgesat ass.

Et ass frappant, datt am offizielle Communiqué vun de Ministèren dës besonnesch Situatioun vun de leschten dräi Joren net weider preziséiert gëtt.

Fir den eigentlechen politesche Spillraum ze erkennen, kann ee fir d’éischt emol d‘Zuelen aus dem Zäitraum virdrun tëschent 1990 bis 2019 kucken. Fir dës Period gouf et Enn 2021 nach e méi kompletten État des lieux, deen d’Regierung realiséiert a presentéiert hat. An deem Bilan gesäit een, datt tëschent 1990 an 2019 d’CO2 Intensitéit vun eiser Wirtschaft duerchschnëttlech pro Joer ëm knapp 4% ofgeholl huet (dovunner e gudden Deel direkt an de 90er Joren duerch d’Ëmstellung op Elektrohéichiewen bei der ARBED, uschléissend koume nees relativ séier divers Rebound-Effekter).

Am gläichen Zäitraum ass de PIB awer duerchschnëttlech ëm ronn 3,5% pro Joer geklomm. Rechneresch goungen dofir déi global CO2 Emissiounen duerchschnëttlech nëmmen ëm 5,8 Promill pro Joer erof (d’ass mathematesch :  CO2 Emissiounen = PIB x CO2 Intensitéit vun der Wirtschaft).

Eng duerchschnëttlech Reduzéierung vu just e puer Promill pro Joer ass objektiv gesinn relativ marginal, an eng absolut physesch „Entkopplung“ vun CO2 Emissiounen a Wuesstem gesäit anescht aus !

Wat och erstaunlech ass :  den État des lieux vun 2021 weist, datt am Zäitraum tëschent dem Paräisser Accord an dem Covid-Lockdown déi global Emissiounswäerter zu Lëtzebuerg esouguer Joer fir Joer gestiige sinn, esou ewéi wann et d’COP vu Paräis ni gi wier, bis datt dës Tendenz dunn vum Coronavirus gebrach gouf. Kann ee sech erënneren ob dëst politesch a medial un déi grouss Klack gehaange gouf ?

Bis dohinner hat d’politesch Aktioun also nëmme ganz „begrenzt“ positiv Auswierkungen.

Fir datt d’politesch CO2-Reduktiounsziler fir den Horizont 2030 nach kéinten erreecht ginn (dat heescht minus 55% par rapport zu 2005), sinn d’CO2 Emissiounen dowéinst tëschent 2019 an 2030 insgesamt ëmmer nach quasi ze hallwéieren (minus 47%), dat heescht se missten all Joer reng rechneresch ëm duerchschnëttlech 5,6 Prozent zeréckgoen, also en Effort dee ronn 10-mol méi héich ass ewéi deen an den dräi Joerzéngten virdrun (zur Erënnerung :  järlech 5,8 Promill). Esou eng Gréisstenuerdnung entsprécht de wirtschaftleche Konsequenzen vun engem Lockdown. Dës Gréisstenuerdnung bräichte mer dann also vun elo un awer all Joer, an zwar och ënner „normale“ Konditiounen, wa méiglech ouni all déi „multipel Krisen“ — a wa méiglech och ouni Klima-Lockdown.

Ee Land, dat eng Reduzéierung vun den CO2 Emissiounen vun der Primärenergie an där Gréisstenuerdnung an engem vergläichbaren Zäitraum fäerdeg bruecht huet, ass Frankräich an de 70er an 80er Joren, also virum Zäitraum 1990 – 2005.

Dat gëtt op folgender Grafik däitlech :

Déi gewise Kurv ass niewebäi bemierkt e perfekte Spigel zu der Entwécklungskurv vun der installéierter Leeschtung vum franséische Nuklearpark bis an déi fréi 90er Joren eran, an ass also staark gekoppelt mat der Ëmsetzung vum sougenannte Plan Messmer. Dat muss engem als gudde Lëtzebuerger net gefalen, mä et ass eben d‘Realitéit.

Déi selwecht Grafik, dës Kéier fir eisen däitsche Noper, gesäit iwwregens esou aus :

Wéi ee gesäit, ass d’mëttel-Neigung vun dëser Kurv säit iwwer 50 Joer onverännert. Déi däitsch Energiewend, déi ëm 2000 agesat huet, hat deemno keen erkennbaren Impakt op dës Neigung. Och dat muss engem net gefalen, mä d’ass wéi gesot d’Realitéit.

Déi frappant Donnéeën aus dësen zwou Kurven beleeën, datt eis Regierung mat hirem PNEC gläich zweemol net grad 100 Prozent bei der Wourecht bleift :  éischtens gëtt behaapt, datt een d’Klimaziler mat dem Ausbau vun „Erneierbarer“ ka realiséieren, an zweetens gëtt behaapt, datt dës Strategie alternativlos ass.

Wat een och gesäit — an dat ass elo wichteg :  déi virdrun ernimmten duerchschnëttlech järlech Reduzéierung ëm e puer Prozent vun der CO2 Intensitéit vun der Wirtschaft huet een tëschent de 90er Joren an 2019 vun der Gréisstenuerdnung hier net nëmmen zu Lëtzebuerg verzeechent, mä och am Frankräich oder an Däitschland, an och global strikt linear fir déi gesamt europäesch Unioun. Hei huet een e relativ konstanten Effizienz-Effekt.

Dat gesäit een op folgender Grafik vun der Banque mondiale :

Mat anere Wierder, dëse Parameter ass an der Praxis relativ onofhängeg vun de verschiddene politesche Verhältnesser a vun de verschiddene wirtschaftlechen an energeetesche Modeller an dëse Länner. Dëse Parameter ass also esou „zéi“, datt en ouni technologesche Quantesprong (wou wier deen, ouni en europäesche Plan Messmer ?), respektiv ouni kënschtlech statistesch grenziwwerschreidend CO2-Transferten, och an de nächste Joren an de verschiddene Länner stoesch esou weiderleeft.

Do wou et lo statistesch interessant gëtt :  fir datt mat dësem stoesche Parameter den uviséierte Niveau vun den Zäregasemissiounen am Joer 2030 dann awer ka realiséiert ginn, d.h. fir Lëtzebuerg all Joer minus 5 bis 6 Prozent (also méi ewéi déi knapp 4% bei der CO2 Intensitéit vun der Wirtschaft), da misst dee Moment zousätzlech nach de PIB tëschent 2019 an 2030 all Joer duerchschnëttlech ëm 1 bis 2 Prozent zeréckgoen. Wéi gesot :  CO2 Emissiounen = PIB x CO2 Intensitéit vun der Wirtschaft. Dat ass brutal Mathematik.

Fro :  Wéi eng klimabewosst Partei mécht dann elo folgend Walverspriechen :  „Fir d’Weltklima ze retten, maache mir eng systematesch Rezessioun vun 1% bis 2%, an zwar rekurrent all zukünfteg Joer bis datt mer klimaneutral sinn.“ …?

Sou vill fir d’éischt emol zur Statistik, zur absolutter „Entkopplung“ vu PIB an CO2 an zu dem Spillraum, deen der Politik zur Verfügung steet.

Fir de Kontext nach besser ze verstoen, misst ee no dësem méi globalen Historique natierlech och déi verschidde Secteure kucken, esou wéi et am aktuelle Bilan fir d’Joer 2022 gemaach gëtt.

Fir den aktuelle Bilan a seng rezent Entwécklung an deene verschiddene Secteuren korrekt anzeuerdnen, sollt ee sech awer och den Detail vum Bilan vun den CO2 Emissiounen aus dem Joer virdrun an Erënnerung ruffen, wou déi definitiv Zuelen fir 2021 de 15. Mäerz 2023 publizéiert goufen.

Fir d’éischt den Transportsecteur, deen am Joer 2021 mat ronn 60% Undeel dee gréissten Afloss op d’Zäregasemissiounen huet : hei ass tëschent 2005 an 2021 och déi gréissten CO2 Reduktioun ze verzeechnen (-31% innerhalb vu 16 Joer), mä de noutwendegen zukünftegen Effort bleift ëmmer nach ganz héich mat duerchschnëttlech -5% pro Joer fir d’sektoriell Zil vun 2030 ze erreechen.

Duerno déi véier aner Secteuren — Industrie/Constructioun, Bâtiments, Landwirtschaft an Traitement vun Offäll/Ofwaasser — déi zesummen da jo ëmmerhin ronn 40% ausmaachen, sinn ausnamslos tëschent 2005 an 2021 net gefall. Industrie a Constructioun sinn tëschent 2005 an 2021 am meeschte geklomm mat duerchschnëttlech +2% pro Joer a misste vun do aus elo all Joer duerchschnëttlech ëm ronn 10% falen (!) fir d’sektoriell Zil esouwuel mathematesch ewéi och praktesch ze erreechen. Vun plus 2% järlech op minus 10% rekurrent all Joer − dat wier jo dee Moment eng abrupt 180-Grad-Kéier fir eis wirtschaftlech Aktivitéit.

Et gesäit een also an dem Bilan mat den Emissiounen vum Joer 2021, datt et fir d’spezifesch Lëtzebuerger Situatioun iwwerspëtzt formuléiert relativ „einfach“ ass, wann ee global Klimaziler wëll anhalen, esou wéi et da jo och vun der Politik zimmlech pauschal annoncéiert gëtt („Après 2020 et 2021, le Grand-Duché de Luxembourg a réussi à atteindre ses objectifs en matière de réduction des émissions de gaz à effet de serre pour la troisième année consécutive.“). Effektiv, ouni soss vill ze veränneren, muss ee „just“ un der Haaptstellschrauf dréinen, also dem Transport. Dat kascht och kee groussen techneschen Effort :  engersäits setzt een de Präis op de Kraaftstoffer erop wouduerch een e statisteschen Transfert eriwwer an d’Nopeschlänner kritt (also keng Reduzéierung fir d’globaalt Klima), an anerersäits kann een dobäi och nach zousätzlech op eng onerwaart „Hëllef“ duerch multipel Krisen zielen, mat fir d’éischt engem Lockdown an dann duerno enger Energieverknappung, wou mer haut nach dranhänken a wou d’national Politik net onbedéngt vill Meritt huet, well se dëser Situatioun jo einfach ausgesat ass.

Et gesäit een an dem Bilan jo dann och, datt eis eigentlech Aktivitéiten, déi u physesch Fluxen gebonne sinn (Industrie, Constructioun) an hire Prozesser global gesinn bis 2021 net wierklech dekarboniséiert ginn. Fir e klengt Land wier et dann nees iwwerspëtzt formuléiert relativ „einfach“ fir am Respekt vum sektoriellen Zil op déi noutwendeg -10% pro Joer ze kommen, andeem ee seng Wirtschaft progressiv géing deindustrialiséieren a sech op Servicer spezialiséiert, déi di ausgelagert Aktivitéiten, déi u physesch Fluxen gebonne sinn, nach just finanziell an administrativ geréiert. Mä domat ass dem globale Klima jo alt nees net gehollef. Wat dat ubelaangt, misst déi desastréis Situatioun vun der Industrie bei eisem däitsche Noper jo och en ofschreckend Beispill sinn.

Nodeem de gesamte Kontext mat dësen Informatiounen méi kloer gesat ass, kann een dann och elo déi rezent Zuelen vun 2022 méi konkret anuerdnen.

Hei gesäit een da Folgendes :  vun 2021 op 2022 falen déi global CO2 Emissiounen ëm iwwer 12%, dat ass vun der Gréisstenuerdnung hier also ronn 10-mol méi héich ewéi déi duerchschnëttlech järlech Reduzéierung, déi een tëschent 2005 an 2021 konnt verzeechnen !

Fir déi eenzel Secteuren gesäit dat an dësem Zäitraum folgendermoossen aus :

Landwirtschaft an Traitement vun Offäll/Ofwaasser stagnéieren quasi ewéi déi 17 Jore virdrun.

De Secteur Bâtiments, deen virdrun och quasi stagnéiert huet, fält awer elo an engem Joer dramatesch ëm -14%.

De Secteur vum Transport, deen iwwer déi 17 viregt Joren järlech duerchschnëttlech ëm ronn 2% erofgoung, fält dat lescht Joer och wesentlech méi dramatesch, an zwar ëm -13%.

De Secteur Industrie/Constructioun, deen déi 17 viregt Joren duerchschnëttlech ëm ronn 2% pro Joer gewuess ass, war d’lescht Joer am fräie Fall mat -18%.

Dës spektakulär Variatioune kënnen offensichtlech kaum op en Effizienz-Quantesprong am Kader vu politesche Mesuren zeréckgefuert ginn.

Et kann een dës Reduzéierung och net op eng Dekarboniséierung vun eisem Stroumsecteur zeréckféieren, well Lëtzebuerg jo absolut keng Responsabilitéit fir d’europäesch Netzstabilitéit iwwerhëlt an dowéinst aktuell och keng fossil steierbar Kraaftwierker bedreift déi CO2 ausstoussen.

An esouguer wa mer dës Responsabilitéit géingen droen, da kéint een dës spektakulär Reduzéierung nach ëmmer net op d‘Haaptsymbol vun der aktueller Energiepolitik zeréckféieren, dat heescht op d‘Wandenergie, well wéi een unhand vun de rezenten Donnéeën vum ILR gesäit, ass d’Produktioun vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg trotz enger volontaristescher Steigerung vun der installéierter Leeschtung (plus 22 Prozent !) tëschent 2021 an 2022 esouguer liicht réckleefeg a läit aktuell bei just 6 Promill Undeel am gesamten Energieverbrauch. Statistesch domm gelaf. Dat verhënnert awer net, datt der Wandenergie am aktualiséierte PNEC eng nach méi wichteg Roll bäigemooss gëtt ewéi an der initialer Versioun.

Effektiv ass den Undeel vu regenerativen Energien zu Lëtzebuerg marginal. Déi aktuell presüméiert 11 Prozent muss ee sech duerch statistesch Transferten kënschtlech schéin-rechnen, grad ewéi déi zukünfteg Zuelen fir den Horizont 2030 aus dem aktualiséierte PNEC mat presuméierten 3,029 Terawattstonnen aus Biomass, Waasser, Wand a Solar am Stroumsecteur a mat projezéierten 3,994 Terawattstonnen aus gréisstendeels Biomass, Solar a Wärmepompelen am Wärmesecteur, déi also insgesamt um Lëtzebuerger Territoire am Joer 2030 op ronn 14 Prozent kéimen, bezunn op de Wäert vum gesamten Energieverbrauch an deem statistesch méi stabillen Zäitraum virun de “multipele Krisen” (an der Moyenne ëm déi 50 Terawattstonnen). Dat ass wäit eweg vun 100%.

Déi spektakulär Reduzéierung vun den CO2 Emissiounen d’lescht Joer versteet een och elo ouni weider gréisser Explikatiounen mat all de beschriwwenen Zesummenhäng vun de Jore virdrun. Mir si net méi an engem „normale“ Laf vun der Zäit, mä an enger Krisesituatioun, déi sech säit e puer Joer steigert. Den Afloss vun der Politik ass net wierklech ze erkennen, d’Contrainte gi vu baussen imposéiert.

Am aktualiséierte PNEC gëtt awer manifestement de selwechte Feeler gemaach ewéi deen, dee bei eisem däitsche Noper zum Echec vun der Energiewend gefouert huet, andeems klimapolitesch Ziler mat „gréngen“ industriepoliteschen Ziler respektiv mat de Business-Ziler vun der „grénger“ Finanz vermëscht ginn.

Ee ganz negative Nieweneffekt, deen een doduerch am aktualiséierte PNEC op der Basis vun dësem vermeintlechen Erfolleg vun der aktueller Energiepolitik gesäit, ass den zukünftegen Ausverkaf vum Naturschutz duerch eng verstäerkten hemmungslos Industrialiséierung vun der natierlecher Ëmwelt.

Effektiv soll et méiglech ginn, fir an haitegen Tabu-Zonen iwwer 200 Meter héich Industrieanlagen opzeriichten, déi awer en enormen Impakt hunn, wéi een an all Ëmweltverdréiglechkeetsetüd noliese kann. Dat gëtt am PNEC méiglech gemaach duerch eng Erweiderung vum Narrativ iwwer presüméiert Kompensatiounsmoossnamen, deenen hir Wierksamkeet objektiv awer net nozeweisen ass.

Zousätzlech ass virgesinn, fir d’Ëmweltprozeduren entweder ze beschleunegen, oder carrement d’Ëmweltetüden ofzeschafen, wa bestoend Anlagen duerch nach méi grouss Industrieanlagen ersat ginn, deenen hir negativ Auswierkungen noweislech awer nach méi héich sinn (Schall, visuellen Impakt, Avifauna,…). Dat nennt een da marketingwierksam „Repowering“, mä objektiv gesinn ass et net méi a net manner ewéi e Skandal fir de Naturschutz. Dës oppen Derogatioun gëtt et interessanterweis natierlech just fir déi privilegiéiert gréng Energieindustrie. Déi objektiv Ziler vum Naturschutzgesetz a vum Plan sectoriel Paysages ginn domat mat Féiss getrëppelt.

Mä, onofhängeg vun all den Zuelespillereien am Klimabilan respektiv am aktualiséierte PNEC, kann ee mat den Informatiounen, déi engem haut zur Verfügung stinn, mëttlerweil zur Erkenntnes kommen, datt mer warscheinlech vill manner Choix an der Fro vum Wuesstem a vun engem méiglechen Energiemodell hunn, wéi mer vläicht heianzdo gleewen. An dat huet eppes mat Rahmebedingungen ze dinn, déi sech ewéi hei driwwer beschriwwen tëschent 2019 an haut par rapport zum viregten Zäitraum 2005 – 2019 verännert hunn, an déi sech an der Zukunft nach wesentlech méi verännere wäerten.

Do kann de Statec am aktualiséierte PNEC nach esou vill Projektiounen iwwer den Ausbau vun „Erneierbarer“ a vu méiglechen CO2 Reduktioune maachen :  en Zenario ass keng Previsioun an ass ëmmer nëmmen esou plausibel ewéi seng Aarbechtshypotheesen. Leider kann een aus dem aktualiséierte PNEC net erausgesinn, ob dem Statec seng Zenarien all de Contrainten Rechnung droen, déi zukünfteg bei der Ëmsetzung vun enger grénger Transitioun op eis duerkommen.

Hei gëtt et jo eng Rei Aspekter − haaptsächlech am Zesummenhang mat Rohstoffer a fossillen Energien − déi e wesentlechen Afloss op d’Ëmsetzungsméiglechkeete kënnen hunn, ewéi zum Beispill

  • d’Verfügbarkeet vu kritesche Rohstoffer (Metaller) déi bei der grénger Transitioun a grousse Quantitéite gebraucht ginn ;
  • d’geographesch Konzentratioun vun de Biergbauaktivitéiten a vum Traitement vun de noutwendege Rohstoffer ;
  • den Afloss vu Klimaverännerungen op d’Biergbauaktivitéiten (z.B. d’Disponibilitéit vu Waasser) ;
  • d’Akzeptanz fir d’Erschléissen vu neie Minnen wéinst Impakter op d’natierlech an d’mënschlech Ëmwelt ;
  • d’Virlafszäiten bei der Erschléissung vu neie Minnen (zukünfteg och verlängert Virlafszäiten wéinst der Berücksichtegung vun Ëmweltimpakter) ;
  • d’zukünfteg Reduzéierung vu Metallkonzentratiounen am Gestengs ;
  • d’Verfügbarkeet vu fossillen Energien déi bis elo d’energeetesch Basis duergestallt hunn bei de Biergbauaktivitéiten, bei dem Traitement a bei dem weltwäiten Transport vu Rohstoffer, bei der Metallurgie an diverse chemesche Prozesser bei der Produktioun, beim weltwäiten Transport vu Baudeeler, bei dem Opriichte vu Wand- a Solarparken (am Besonneschen d’Verfügbarkeet vu Pëtrol ouni deen keng Globaliséierung mat weltwäite Liwwerketten entstane wier) ;
  • d’Verlagerung vun der Hierstellung vu Wand- a Solaranlagen aus Asien eriwwer an Europa, wou een dee Moment net méi ewéi déi lescht zwee Joerzéngten op eng bëlleg Produktioun hoffe kann mat chineesesche Lounkäschten, chineeseschen Energiekäschten, chineeseschen Ëmweltkäschten, chineesesche Rohstoffkäschten, …asw.

Geet och bei verännerte Rahmebedingungen d’Equatioun ëmmer nach op ?

Eppes ass offensichtlech :  déi haiteg Klima- an Energiestrategie baséiert op dem Credo „et kascht wat et kascht“. Et muss ee sech d’Fro stellen, wéi laang een dat ka vollekswirtschaftlech duerchhalen − besonnesch wann d’fossil Energiebasis als Garant fir d’wirtschaftlech Produktivitéit progressiv ewechbrécht. D’Präisser vu regenerativen Energien konnte net éiweg weider falen, wéi eis dacks haut nach ëmmer versprach gëtt, mä mat zukünfteg verännerte Rahmebedingungen wäerten des Präisser onweigerlech nach weider klammen, well dës materialintensiv Energien engem groussem Afloss vu Materialkäschten (Mineralien, Metaller, fossil Energien) an hire Liwwerketten ausgesat sinn.

Wéi eng Zukunft an deem Kontext hunn also dës „Fräiheets-Energien“, déi am aktualiséierte PNEC elo alternativlos ëmmer méi hemmungslos solle weider beschleunegt ginn ?

Abee, d’Realitéit vun der wirtschaftlecher Machbarkeet, déi vu physikalesche Gesetzer bestëmmt gëtt a net vum allgemenge Narrativ, kann een hei mat dräi konkrete Beispiller illustréieren :

Do huet een zum Beispill déi projezéiert dänesch „Wandinselen”, déi scho feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Energie-Narrativ sinn, mä wou d’dänesch Regierung elo bremst, well se zur Erkenntnes kënnt, datt de Projet ze riskant an ze deier ass.

Dat selwecht beim 1,4 Gigawatt-Wandpark-Projet Norfolk Boreas virun der Küst vu Groussbritannien, wou de schwedeschen Energieproduzent Vattenfall elo d’Noutbrems zitt. An och aner Projeten an der Norfolk-Zon (Vanguard East, Vanguard West mat 2,8 Gigawatt) sollen elo mol iwwerpréift ginn.

Dës Problemer wäerte sech zukünfteg net a Loft opléisen. Wat wäert dat „gréngt Nordséi-Kraaftwierk”, dat eréischt kierzlech vun eiser Energiepolitik als „gréissten Energieliwwerant vun Europa” annoncéiert gouf, eréischt kaschten, wann dem Jan De Nul seng Chantier-Schëffer net méi mat Schëffsdiesel, mä mat gréngem Syntheeskraaftstoff musse fueren, deen an der Produktioun op d’mannst 5-mol esou deier ewéi fossil Kraaftstoffer kascht ? Oder wann déi geografesch konzentréiert Rohstoff-Liwweranten d’Spillreegele nei fixéieren ?

D’Onshore-Anlagen hänke natierlech vun de selwechte Parameteren of. Déi dofir noutwendeg Erhéijunge vu Subsiden (rezent ouni vill ëffentlech Opmierksamkeet +25% an Däitschland) mussen alt nees vun der Allgemengheet gedroe ginn.

En anert essenziellt Element vun der grénger Energiewend si jo déi noutwendeg Gas-Backup-Kraaftwierker, wou Däitschland bis 2030 wëll — respektiv muss − eng 50 Stéck aus der 500 MW-Klass opriichten, fir d’Netzstabilitéit ze garantéieren (anescht ewéi Lëtzebuerg, dat jo strictement keng Responsabilitéit fir d’Netzstabilitéit iwwerhëlt). Do konnt een elo gesinn, wéi Bréissel sech strieft, fir dem Här Habeck heifir Subsiden ze accordéieren. Och zu Bréissel schéngt also keen esou richteg drun ze gleewen, datt dës Gaszentralen jee eng Kéier mat „gréngem” Waasserstoff bedriwwe ginn. Wat elo ass :  ouni dës Subsiden, sinn déi wéinst der Volatilitéit noutwendeg Kraaftwierker grad ewéi déi virdru beschriwwe Wand-Projeten kaum nach ze rentabiliséieren, an et wäert net esou evident sinn, fir dofir dann Investisseuren ze fannen.

Dës dräi relativ representativ Beispiller weisen, datt déi gréng Energiestrategie sech schonn haut selwer ofwiergt. Déi beschriwwen zukünfteg Rahmebedingungen wäerten d’Situatioun fir dës gréng Energiestrategie potenziell ëmmer méi schwiereg maachen (dobäi komme jo och nach d’Käschten fir d’Ëmstrukturéierung vum Stroumnetz, an och nach fir deen bis op Weideres ongeléiste physikalesche Problem vun der saisonaler Energiespäicherung op engem industrielle Niveau).

D’Loft wäert fir Lëtzebuerg an Europa ëmmer méi dënn ginn, wann an de nächste Joerzéngten déi fossil Energieimporter progressiv ewechbriechen, ouni datt zur Zäit op eng versuergungssécher a konzentréiert Alternativ zeréckgegraff gëtt. Da kënnt onweigerlech d‘Zäit vun de net kalkuléierbare Risiken : Stroumausfäll (mat volatille Stroumquellen keng Netzstabilitéit), geopolitesch Konflikter (Verknappung vu kritesche Rohstoffer a fossillen Energien), Klimafolgen (an der Praxis keng relevant CO2-Reduktiounen beim däitschen Energiemodell), Risiken fir d’Biodiversitéit (Industrialiséierung vun de Naturraim, noutwendeg Biergbauaktivitéiten fir d’Ëmsetzung vun der materialintensiver „grénger“ Transitioun), wirtschaftlech a sozial Risiken (global Verknappung vun der Energie mat enger dorunner gekoppelter Decroissance).

Mat all dëse net kalkuléierbare Risiken vun der aktueller Strategie, wier et vläicht méi smart fir alternativ déi kalkuléierbar technesch Risiken vu bestëmmten Technologien an déi domat zesummenhängend mëttelfristeg verfügbar Léisungen oppen ze diskutéieren, an dann op där Basis eng realitéitsno Energie- a Klimapolitik ze maachen.

Déi opgezielten Elementer gi weder am Klimabilan, nach am aktualiséierte PNEC groussaarteg thematiséiert. Mä egal wéi, eppes ass sécher :  Et bréngt näischt fir d’Realitéit einfach ze ignoréieren a sech un eng Dramwelt ze klammeren bis dass et ze spéit ass. Um Enn ass et jo awer d’Realitéit déi sech duerchsetzt.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *