De Paul Heinen ass déi lescht Joer duerch seng fondéiert Artikelen am Lëtzebuerger Wort ënnert “Meinungen und Analysen” opgefall. Verschidde vu sengen Texter ginn elo och op dëser Websäit publizéiert, ganz am Sënn vum Meenungspluralismus. Mir fänken haut un mat engem Thema, dat méi aktuell net kéint sinn: d’Energie.
Jiddereen vun eis kritt et an der Tëschenzäit ze spieren. Bensinn, Masutt, Gas a Stroum fänken un, onmoosseg deier ze ginn! Wéi gi mir dee Problem Meeschter?
Den 23. Februar 2022 erkläert Russland der Ukrain de Krich.
De 24. Februar marschéiere russesch Truppen an d’Ukrain an.
D’Energiepräisser schéissen duerch de Plaffong. Europa gëtt sech bewosst ewéi ofhängeg eis Wirtschaft vu russeschem Gas, Pëtrol a Kuelen ass. An d’ëffentlech Diskussioun gëtt sech esou lues bewosst ewéi ofhängeg eise System iwwerhaapt vu fossillen Energien ass.
De 27. Februar stellt den däitsche Bundesfinanzminister Lindner an enger Ried fest, datt regenerativ Energien net nëmmen e Bäitrag zur Versuergungssécherheet leeschten, mä datt se eis och vun Ofhängegkeete léisen, an dofir wiere regenerativ Energien och „Fräiheetsenergien“.
De BEE (Bundesverband Erneuerbare Energie) an de BWE (Bundesverband Windenergie) applaudéieren dem Minister an hiren ëffentleche Stellungnamen. Dobäi wërft z.B. de sächsesche Landesvorsitzender vum Bundesverband Windenergie d’Fro op, ob d’Leit net awer léiwer op verschandelt Landschafte kucken, ewéi an e Kanounerouer vun engem russesche Panzer. D’Qualitéit vun esou Aussoen weisen eis d’Richtung wou et higeet.
Den 28. Februar annoncéiert den Energieminister Turmes dunn beim „Energiedësch“ kuerzfristeg Moossnamen, haaptsächlech am Kontext vum deiere Gas, a befënnt datt d’Léisung fir de Problem vun den Energiepräisser an de geopoliteschen Ofhängegkeeten mëttel- bis laangfristeg natierlech an dem Ausbau vu regenerativen Energien läit, well Wand- a Solarenergie schliisslech jo „Energië vum Fridde“ sinn mat deenen ee net erpresst ka ginn.
Säitdeem sinn och d’Medien gréisstendeels op dëse Message ageschwuer.
Iergendwéi verléiert een do awer dann den Iwwerbléck, well engersäits hat een den Androck, datt bei der Energie nach just alles „gréng“ wier wann d’Medien eis lafend berichten ewéi staark d’regenerativ Energien sech säit de ronn 20 Joer Energiewend Dag fir Dag entwéckelen, mä anerersäits stelle Journalisten awer och elo Froen am Stil „Hu mer d’Energiewend net verschlof, fir eis elo an där Situatioun erëmzefannen ?“
Konkret Äntwerte fënnt een ewéi esou dacks an de reellen Donnéeën.
D’Ausmooss vun der Erausfuerderung, där mer eis stelle mussen, gesäit een unhand vun haarde Fakten vum weltwäiten Energiesecteur. E Bléck op d’Donnéeën z.B. beim „BP Statistical Review of World Energy“ weist, datt eis industrialiséiert Gesellschaft komplett op engem fossille Sockel sëtzt. Tatsächlech bedréit de weltwäiten Undeel vu fossillen Energien iwwer 80% vum globale Verbrauch − an dat onverännert säit 20 Joer.
Vun der Gréisstenuerdnung hier trëfft dat och spezifesch fir Europa zou, awer och am Besonneschen z.B. fir eise Noper Däitschland, dee jo de Modell schlechthin ass fir d‘Energiewend déi Lëtzebuerg ustrieft.
Déi global statistesch Zuele weisen, datt Wand- a Solarenergie tëschent de Joren 2000 an 2019 weltwäit vun 32 Terawattstonnen op 2.126 TWh gewuess ass. Dat ass ëmmerhin e Plus vun opgerënnt siwendausend Prozent. Esou Zuele gi jo dann och an de Medien gefeiert. Déi offiziell Zuele weisen awer och, datt d’fossil Energien am gläichen Zäitraum weltwäit ëm 42.447 TWh geklomm sinn, d.h. ronn 20-mol méi staark ewéi Wand- a Solarenergie.
Esou stellen d’Wand- a Solarenergie, déi gefillt 100 % vun der politescher und medialer Opmierksamkeet genéissen, weltwäit manner ewéi 2 % vun der verbrauchter Primärenergie (ca. 170.000 TWh) duer ; an der EU sinn et manner ewéi 4 %, an Däitschland ronn 5 %. Wann dës Energie misst pilotabel geliwwert ginn, da géing de weltwäiten Undeel wéinst de Prozessverloschter op manner ewéi 1% schmëlzen. Déi konkret Zuele weisen, datt d’Klimaneutralitéit ëm 2050 nëmme kann erreecht ginn, wa nieft anere noutwendege Moossnamen och d’Ausbaugeschwindegkeet vu Wand- a Solarenergie am weltwäiten Duerchschnëtt ongeféier ëm e Facteur 20 géigeniwwer de leschten 10 Joer beschleunegt gëtt. Well mer no ronn 20 Joer Ausbau jo awer ëmmer nach quasi um Nullpunkt stinn, a well d’Zäit déi eis bis d’Klimaneutralitéit bleift ongeféier der Lafzäit vun de Wand- a Solaranlagen entsprécht an et dowéinst kaum e nennenswäert Recyclingpotenzial gëtt, leeft eng Strategie mat esou ressourcenintensiven Anlagen (cf. „Metals for a low-carbon society“ ; Vidal, Goffé & Arndt, nature geoscience) forcement op eng enorm Materialschluecht eraus. Wéi wierkt sech dat wuel weltwäit op d’Biodiversitéit aus ? Wësse mer eigentlech nach, firwat datt mer Klimapolitik maachen ?
Wéi wierkt sech dëse gigantesche Materialverbrauch op geopolitesch Ofhängegkeeten aus bei enger onauswäichlecher Ressourcëverknappung ? Wéi wierkt sech dës Ressourcëverknappung op d’Materialkäschten aus ? Wéi wierkt sech dat nees op d’Energiekäschten aus…?
Wéi héich ass de Risiko, datt dës Strategie a puncto Ressourceverfügbarkeet a Materialkäschten net opgeet ?
Misst bei der Wiel vun den Instrumenter net nees méi op Effizienzkrittäre gekuckt ginn ?
E gutt Beispill fir d’Widderspréch an der aktueller ëffentlecher Diskussioun ass de Gas. Elo héiert een effektiv d’Fuerderung, datt ee beim Ausbau vu regenerativen Energien soll „Gas ginn“, fir aus der Ofhängegkeet vum fossille Gas erauszekommen.
Gëtt bei esou Fuerderungen d’Realitéit, déi jo awer misst bekannt sinn, einfach just verdrängt ?
Vläicht muss een do einfach nees an Erënnerung ruffen wat an der Praxis stattfënnt.
A Spuenien z.B. ass déi fir d’Netzstabilitéit noutwendeg Leeschtung vun de Gaskraaftwierker strikt parallel zu der Entwécklung vun der Wand- a Solarenergie ausgebaut ginn.
Och Groussbritannien hat d’lescht Joer Problemer am Stroumsecteur wéinst der Ofhängegkeet vum Gas als Pufferenergie bei engem ëmmer méi héijen Undeel vu Wandenergie.
Anert Beispill Frankräich : d’initial Strategie gesäit jo vir, fir d’Nuklearenergie bis 2025 op 50% ze reduzéieren mat dem Ausbau vu regenerativen Energien. Et stellt een awer fest, datt een dowéinst d‘Kapazitéit vu Gaskraaftwierker misst signifikativ steigeren. Wuelgemierkt : steigeren, net reduzéieren.
Hei en Extrait aus dem Rapport Stratégie nationale bas-carbone vum Ministère de la transition écologique et solidaire aus dem Mäerz 2020 :
„Le Gouvernement a pris acte des études menées par RTE qui montrent que la réduction de la part du nucléaire à 50 % à l’échéance de 2025, telle que prévue dans la loi de transition énergétique pour la croissance verte, soulève d’importantes difficultés de mise en œuvre au regard de nos engagements en matière climatique. Malgré le développement volontariste des énergies renouvelables entrepris par le Gouvernement, et du fait de la faible maturité à court terme des solutions de stockage, la France serait en effet contrainte de construire jusqu’à une vingtaine de nouvelles centrales à gaz dans les sept prochaines années pour assurer la sécurité d’approvisionnement lors des pointes de consommation, conduisant à une augmentation forte et durable de nos émissions de gaz à effet de serre.“
No dësem Constat muss een a Frankräich elo op de Prinzip Hoffnung setzen an d’Objektiv gouf emol op 2035 verluecht.
Der Belsch ergeet et genau d’selwecht an decidéiert dofir elo de Prolongement vun AKW, natierlech politesch verpak mat dem Vermierk datt een awer gläichzäiteg an déi regenerativ Energien wëll investéieren.
E ganz gutt Beispill ass eise Noper Däitschland. Och wann een do elo plazeweis Kritik héiert, kann een eisem Noper awer kaum de Virworf maachen, datt net genuch a volatil Energien investéiert géif. Mat 64 Gigawatt installéiert Leeschtung aus iwwer 31.000 Wandanlagen läit Däitschland absolut gesinn weltwäit op der drëtter Plaz hanner USA a China. Op d’Landesgréisst bezunn ass Däitschland esouguer weltwäit d’Nummer 1 mat der héchster Densitéit vu Wandenergie. Och d’Fotovoltaik gouf staark developpéiert.
Gläichzäiteg ass de Gas awer technesch gesinn e feste Bestanddeel vun der däitscher Strategie ginn. Däitschland hat dowéinst och d’Ambitioun fir mat de gréisste Gas-Hub an Europa ze ginn, ier Russland hinnen elo e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet.
Dës konkret Beispiller weisen eng wesentlech technesch Contrainte, nämlech datt déi beschriwwe Strategie an der Praxis op 100% Backupkraaftwierker ugewisen ass, fir permanent d’Volatilitéit vu wiederofhängege Stroumquellen auszegläichen. An dat huet net just eppes mat „Dunkelflaute“ ze dinn.
Dës Realitéit gesäit een an de konkreten Opzeechnungen vun den europäesche Wandstroumproduktiounen, déi analyséiert a statistesch ausgewäert ginn (cf. „Windenergie in Deutschland und Europa“, VGB).
D‘ Leeschtungsprofil vum gesamten europäesche Wandanlagekollektiv (Onshore plus Offshore) iwwer e ganzt Joer gekuckt weist,
- datt d’europäesch Wandanlagen quasi synchron Leeschtungen aspeisen ;
- datt et also keng signifikativ Ausgläichseffekter tëschent de Länner gëtt ;
- datt et och keng nennenswäert Verstetegung duerch Offshore Wandanlage gëtt ;
- datt et abrupt kuerzzäiteg awer och saisonal Schwankunge ginn ;
- datt et quasi keng geséchert Leeschtung gëtt ;
- datt den opwennegen Opbau vun engem europäesche „Supergrid“ keng Léisung mä just eng Konsequenz vun dëser Volatilitéit ass (a nees zousätzlech héich Käschten an Impakter induzéiert).
Déi Joer fir Joer enregistréiert Leeschtungsprofiller vun der Wandenergie weisen och, datt d’Volatilitéit vun der Wandenergie proportionell zu der progressiv installéierter Leeschtung statistesch miessbar matwiisst. De Problem verschlëmmert sech also bei all weiderem Ausbau. Dat ass wëssenschaftlech nogewisen, esouwuel an der Praxis ewéi an der Theorie. Fotovoltaik bréngt och keng geséchert Leeschtung, dofir awer nach méi héich saisonal Schwankungen.
Wéi kéint een also dann − ewéi gefuerdert − méi onofhängeg ginn, andeem dës volatil Stroumquellen elo nach weider ausgebaut ginn ? Wëlle mer eis weider selwer beléien, just well eng Industrielobby dréckt a well d’Energiepolitik elo kuerzfristeg ënner Drock steet a liwwere muss ?
Datt dës Gas-Ofhängegkeet an der Zukunft net besser gëtt, weisen och d’Projektiounen vum Fraunhofer Institut, deenen een op alle Fall net ka nosoen, datt se d’Machbarkeet vun der volatiller Energiewend onnéideg ongënschteg géingen duerstellen.
De Fraunhofer Institut berechent déi laangfristeg Entwécklung vun der noutwendeger Kapazitéit vu Gaskraaftwierker an Däitschland :
Obwuel de Fraunhofer Institut ëmmer nach ganz optimistesch op geographesch Ausgläichseffekter vun der europäescher Wandenergie zielt (déi et jo awer net gëtt, cf. „Windenergie in Deutschland und Europa“, VGB), an och op grouss Potenzialer bei der Flexibiliséierung vum Verbrauch (déi awer keng saisonal Schwankungen ausgläiche kann), muss am Resultat d‘Kapazitéit vun de Gaskraaftwierker par rapport zu haut op d’mannst mat engem Facteur fënnef multiplizéiert ginn. Wuelgemierkt : net dividéiert, mä multiplizéiert.
Fir dës Realitéit elo politesch korrekt ze verpaken, gëtt da gesot datt dës Kraaftwierker laangfristeg misste mat „gréngem“ Gas op Waasserstoffbasis alimentéiert ginn.
Dat ass awer just eng Aarbechtshypothees. Wéi héich ass de Risiko, datt dës reng spekulativ Hypothees entgéint all Hoffnung net antriede wäert, an datt dës Anlagen dee Moment trotzdeem mat Gas aus den USA oder dem Katar mussen ugedriwwe ginn, mat dem onauswäichleche Risiko datt dës Ressourcen ëmmer méi knapp ginn ?
Dorop gëtt de Fraunhofer Institut selwer eng Äntwert („Eine Wasserstoff-Roadmap für Deutschland“, Oktober 2019) : bei enger héijer Integration vum Waasserstoff an den Energiesystem quantifizéiert de Fraunhofer Institut effektiv fir d’Joer 2050 e Stroumbedarf bis 2.850 TWh, also ongeféier déi 25-fach Wandstroumproduktion vum leschte Joer, wobäi Däitschland jo haut scho weltwäit bei der Wandenergie d’Nummer eent ass. Kann e weideren Ausbau an där Gréisstenuerdnung a puncto Flächen- a Ressourcëverbrauch wierklech als realistesch ugesi ginn ? Maachen d’Leit mat all den Impakter op d’natierlech a mënschlesch Ëmwelt do nach mat ?
Wéi soll eng dofir noutwendeg awer haut inexistent Elektrolysekapazitéit fir Däitschland am dräistellege Gigawattberäich an Zäit vun e puer Joerzéngten ausgebaut ginn ?
Wann esouguer e Land ewéi Däitschland mat sénger ganzer Wirtschaftskraaft a Know-how an dës Situatioun geréit, da kann een dës doutéis Perspektiv realistesch gesinn och op den europësche Moossstaf iwwerdroen.
Déi bescht Perspektiv, déi een bei dëser Strategie da nach hätt, wier also eng komplett Ofhängegkeet vun importéierte grénge Gas z.B. aus enger nordafrikanescher oder noëstlecher Produktioun.
D’Viraussetzung wier natierlech, datt dës Länner et géinge fäerdeg bréngen fir d’europäesch Produktiounskapazitéit op d’mannst ëm eng ganz Gréisstenuerdnung ze iwwertreffen. Ob et do just mat bessere Betribsstonne fir d’Solarenergie duergeet fir dat ze erreechen ? De Ressourcëproblem an d’Materialkäschten fir de Bau vun de noutwendegen Anlagen bleiwen op alle Fall ëmmer déi selwecht.
D’Viraussetzung wier natierlech och, datt Nordafrika bereet wier fir d’europäesch Interessien virun déi vum afrikanesche Kontinent ze stellen : de legitimme Wonsch no engem adequaten Zougang zu der elektrescher Energie, zu enger däitlecher Verbesserung vum soziale Niveau an e weidere staarke Bevëlkerungswuesstem wäerten op dësem Kontinent zu enger Explosioun vum Energiebedarf féieren, deen d’Equatioun fir Europa net onbedéngt méi léisbar mécht.
Beim grénge Gas stellt sech nieft der Ofhängegkeetsproblematik awer och d’Fro vun de Käschten.
Heiriwwer fënnt een Donnéeën bei Etüden z.B. vum Umwelt Bundesamt oder vun der Deutsche Energie-Agentur. Vun der Gréisstenuerdnung hier leien aktuell Produktiounskäschten bei e puer honnert Euro pro MWh. Déi prognostizéiert Käschte léiche mëttelfristeg bei ca. 200 Euro an och laangfristeg gutt iwwer 100 Euro, also ëmmer nach op engem héije Niveau analog zu den aktuell héije Präisser fir fossille Gas.
Déi annoncéiert relativ optimistesch Präisentwécklung ass awer och nees just eng Hypothees déi u Risike gebonnen ass, datt se eventuell guer net antrëtt.
Wéi héich ass dee Risiko ?
D’Hoffnung op Käschtereduktiounen baséiert zu engem gudden Deel op der Aarbechtshypothees, datt d’Produktiounskäschte fir volatille Stroum esou ewéi an de leschten zwee Joerzéngten weider fale géingen. Dobäi gëtt awer gären ënnerschloen, datt d’Präisentwécklung an de leschten zwee Joerzéngten der héijer Produktivitéit vun engem quasi exklusiv fossille System ze verdanken ass, deen awer elo schliisslech soll ofgeschaaft ginn. D’Präisentwécklung gouf och zu engem gudden Deel duerch eng maartféirend chineesesch Anlageproduktioun bestëmmt mat bis elo relativ limitéierte Loun-, Energie-, Ressourcen- an Ëmweltkäschten. Dës Situatioun misst sech awer an engem zukünfteg méi nohaltege System grondleeënd änneren. Den Drock vun der Ressourcëverfügbarkeet an den entspriechende Materialkäschten wiisst elo schonn. Pragmatesch gesinn kënnen d’Produktiounskäschten an der Zukunft also just nëmme nees klammen. Hei beléie mer eis also selwer.
Déi objektiv Zuelen, Gréisstenuerdnungen an Zesummenhäng weisen eis also, datt den aktuelle Käschteproblem weider bestoe bleift an datt den Ausbau vu volatille Stroumquellen just zousätzlech nei Käschte wäert schafen, déi um Schluss de Verbraucher treffen :
- Käschte wéinst duebele Kraaftwierksstrukturen (100 % noutwendeg Backupkapazitéit : egal wéivill volatil Anlagen zousätzlech opgeriicht ginn, déi konventionell Kraaftwierker musse quasi all um Netz bleiwen) ;
- Héich Stroumpräisser am Grousshandel wéinst Gaskraaftwierker déi mat ëmmer méi héije Grenzkäschten am Merit-Order ëmmer méi dacks de Präis setzen an engem Kontext wou AKW a Kuelekraaftwierker progressiv zeréckgebaut ginn fir duerch Gaskraaftwierker ersat ze ginn ;
- Systemkäschten duerch de noutwendegen Ëm- an Ausbau vun de Stroumnetzer, vu Späicheranlagen, …asw;
- Käschten duerch héich Wierkungsgradverloschter bei Power-to-Gas, déi dee Moment jo nees duerch zousätzlech Stroumproduktiounsanlage musse kompenséiert ginn ;
- Käschten déi duerch „Lastabwürfe“ (programméiert a net programméiert Stroumofschaltungen) an der Industrie entstinn ;
- Käschten duerch Brown- a Blackouts ;
- Käschten déi fir d’Gesellschaft duerch eng partiell Deindustrialiséierung entstinn wéinst der wuessender Volatilitéit esouwuel bei der Energieversuergung ewéi och bei den Energiepräisser ;
- eng Verschäerfung vum Käschteproblem duerch déi progressiv Verknappung vu fossillen Energien, déi quantitativ a qualitativ nëmme ganz mangelhaft duerch volatil Energien ergänzt ginn.
Op dës Manéier bleift d’Ofhängegkeet vu fossillen Energien erhalen an engem System deen op Wuesstem ausgeluecht an ugewisen ass. Dëse System ass ëmmer nach de selwechten, och wann en elo mat der grénger Camouflage-Faarf vum REPowerEU-Plang getarnt gëtt. Mat der virprogramméierter Rezessioun gëtt d’fossil Energie da bis zur leschter Drëps exploitéiert.
Zousätzlech entsti grad wéinst dem Ausbau vu volatillen Energien jo awer nees zousätzlech Ofhängegkeeten duerch :
- déi beschränkt Kapazitéit vu regenerativen Energien a puncto Produktioun, Elektrolyse a Späicherung, an déi bis elo hypotheetesch Ofsécherung vum System duerch Importer vu syntheetesche Kraaftstoffer ;
- de wesentlech méi grousse Bedarf fir Baumaterialien, d.h. Mineraler a Metaller (z.B. aus China), wéinst där klenger Energiedicht vun den diffusen Energiequellen ; dës Strategie gëtt also duerch d’Ressourcëverfügbarkeet begrenzt respektiv duerch déi zousätzlech Materialkäschten déi sech aus der Ressourcëverknappung erginn.
Wéi eng Alternativen gëtt et elo, fir déi hei beschriwwen Entwécklung ekologesch, wirtschaftlech a sozial ofzefiederen ?
Länner ewéi Frankräich, China oder Indien gesinn d’Léisung am technesche Fortschrëtt, mat anere Wierder an der Weiderentwécklung vun der Nuklearenergie (SMR, véiert Generatioun). A China wäert et scho kuerzfristeg zu konkreten Ëmsetzunge kommen. Och wann dës Innovatiounen an Europa eréischt an e puer Joer zum Droe kéimen, wiere se objektiv gesinn méi séier ëmsetzbar ewéi dee vu Lëtzebuerger Säit promouvéierte System, deen éischter op dem Prinzip Hoffnung berout, ewéi een un all den ugefouerte konkreten Donnéeë gesäit.
Och de Risiko vun engem Echec bei der zukünfteg noutwendeger Waasserstoffproduktioun ka bei der alternativer Strategie déi net op volatillen Energië baséiert wesentlech reduzéiert ginn, well just e Brochdeel vun der Kapazitéit fir Elektrolyseuren misst developpéiert ginn. Effektiv liwwere pilotabel Kraaftwierker hir Leeschtung no Bedarf a mussen dowéinst net déi héich onkontolléiert Leeschtungsspëtzte vu wiederofhängege Stroumquellen ofbauen, déi bei der Wandenergie jee no Standuert dräi bis fënnefmol a bei der Fotovoltaik ronn 10-mol iwwer den Duerchschnëttswäerter leien. D’Kombinatioun aus konventionelle Kraaftwierker an Héichtemperaturelektrolyse erméiglecht zousätzlech och nach wesentlech besser Wierkungsgraden fir de Produktiounsprozess.
Den technologesche Virsprong vu China bei der Kraaftwierkstechnik wäert zukünfteg och nees nei Ofhängegkeete schafen, well mer noutgedrongen dës Technologien vun do importéiere mussen, wann an Europa wéinst enger iwwerdriwwener Subventiounspolitik fir volatil Stroumquellen keng grouss industriell Motivatioun opkënnt fir sech weiderz‘entwéckelen.
Déi rezent Evolutioun vun der Taxonomie confirméiert déi beschriwwe Realitéit a weist d’Tendenz vun der energetescher Zukunft, wärend sech d’Lëtzebuerger Politik a Medien zu engem groussen Deel virdergrëndeg eens ze si schéngen, datt dëst keng zukunftsweisend Léisung ass. Déi néideg Erkenntnesser kommen dee Moment méi spéit − warscheinlech ze spéit − nodeem sech d’Situatioun da weider verschäerft huet.
Wéi héich wierke sech bis dohinner déi technesch, ekologesch, geopolitesch, wirtschaftlech a sozial Schied aus?
Kënne mer dee Moment ënner verschäerfte Bedingungen déi noutwendeg CO2-fräi Energiewend ëmmer nach ëmsetzen ?
Ofschléissend Bemierkung :
Bei viregte Bäiträg zu dësem Thema goufen a Commentairen dacks Froen opgeworf iwwer d’Nuklearenergie, wou Cattenom da nees 80% vun der Diskussioun ausmécht, obwuel et jo thematesch hei an éischter Linn ëm déi sougenannt „Erneierbar“ geet, déi haut vu Medien a Politik kaum nach hannerfrot ginn, obwuel se objektiv gesinn kaum eng Léisung duerstellen a vill kontraproduktiv Effekter provozéieren (Wand a Sonn si vläicht regenerativ, mä den opwennegen techneschen Dispositif fir dës diffus Energie anzefänken a notzbar ze maachen, ass leider ewéi bei villen aneren industriellen Aktivitéiten alles anescht ewéi regenerativ a nohalteg).
Dofir just dës Kloerstellung :
Dat hei ass net, ewéi dacks a Commentaire formuléiert gëtt, „eng Reklamm fir Cattenom“. Cattenom brauch guer keng Reklamm. D’Nuklearenergie ass do a gëtt weltwäit weider developpéiert, onofhängeg vun deem wat hei am Forum, an de Lëtzebuerger Medien oder an däitschen Talkshowen diskutéiert gëtt. Dat hei ass just eng Beschreiwung vun deem wat een am praktesche Liewen a puncto regenerativ a konventionell Energië gesäit, a wou op Aspekter higewise gëtt, déi an der allgemenger Diskussioun kaum zur Sprooch kommen.
De Sujet huet och näischt ze dinn mat enger Fro am Sënn vun „hu der léiwer Cattenom oder alternativ zwanzegdausend Wandanlagen ?“, well déi konventionell Kraaftwierker jo egal wéi wéinst der Netzstabilitéit zu quasi 100% a Betrib bleiwen an déi symbolesch „zwanzegdausend Wandanlage“ just zousätzlech dobäikommen. Cattenom gëtt leider och net méi sécher a nohalteg, wann et wéinst enger paralleller Wandstroumproduktioun manner Betribsstonnen an dowéinst manner Revenuen huet, d.h. dee Moment jo manner Moyenen fir an d’Sécherheet ze investéieren.
De Punkt ass deen, datt nom Doudschlag-Argument vum Klimaschutz, dee mam däitsche Modell jo noweislech net ze realiséieren ass (däitsche Stroum : 400 gCO2/KWh), elo mat der aktueller Kris dat neit manipulatiivt Doudschlag-Argument vun der Energieofhängegkeet aus dem Hutt gezaubert gëtt zwecks Akzeptanzsteigerung fir eng reng kommerziell Aktivitéit, déi hir negativ Impakter net méi verstoppe kann an dowéinst bei quasi all neie Projeten op méi oder manner Widderstand stéisst, deen elo op dës Manéier soll gebrach ginn.