Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Investor Protection: Bettel a Gramegna sollten sech un d’Gesetz halen oder demissionéieren! 

Investor Protection: Bettel a Gramegna sollten sech un d’Gesetz halen oder demissionéieren!
Image par mohamed Hassan de Pixabay

 

Et geet zanter 6 Joer ëm Mécken, ëm vill Suen. En auslänneschen Investisseur féiert e Pabeierkrich wéinst engem Konflikt ronderëm Investissementer via eng Versécherungsgesellschaft zu Lëtzebuerg. Dobäi gouf och eng Reklamatioun geschéckt un de CAA, un de commissariat aux assurances. A wann et ëm vill Geld geet, da gëtt mat haarde Bandage geschafft.

Investor Protection  këmmert sech dorëm. Eischt Bréiwer goungen un de CAA eraus, duerno un den zoustännege Ressortminister Pierre Gramegna a kuerz virun der Summervakanz un de Staatsminister himself: de Finanzminister géing sech net un d’Gesetzer halen, de Premier wär dovunner au courant, an also wär och seng Responsabilitéit mat involvéiert.

Weder Gramegna, nach Xavier Bettel hunn bis ewell op esou ee Schreiwes reagéiert. Dat foxt Investor Protection, den Inhalt vum Courrier fält vu Kéier zu Kéier méi gepeffert aus. De 7. Juni koum quasi en Ultimatum: entweder déi zwee Politiker halen sech un d’Gesetzer oder awer si demissionéieren! Natierlech geet et ëm de Prinzip, ma wéi gesot, och ëm vill Geld. An elo, ganz rezent, koum deen nächste Bréif.

Vill geännert huet sech net mat der Fuerderung, déi zwee Politiker sollten hiren Hutt huelen.De Fokus gëtt déi Kéier allerdéngs op den europäeschen Niveau gesat: zwee Minister déi sech net un d’Gesetz(er) halen, ass laut der Definitioun vun den europäeschen Institutiounen eng Violatioun vum Rechtsstaat.

Investor Protection geet an d’Beiennascht wullen. Polen an Ungarn kréie bekanntlech virgeworf, mam Rechtststaat ze briechen. An elo kréien d’Premierminister aus dësen zwee Länner, Orbàn a Morawiecki eng Copie vum Bréif, souzesoen fir hinnen ze pësperen, wat sech esou alles am Grand-Duché ofspillt. Domm gelaf!

Sollten déi zwee Politiker tatsächlech “Dreck am Stecken” hunn, ginn si d’Geschicht nach esou bal net lass. Sollten d’Beschëllegungen net der Wourecht entspriechen, wär et esou lues un der Zäit, sech zu Wuert ze mellen!

 

 

 

gkonline
gkonline
gkonline

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *