Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

De Frank Bertemes äntwert dem Tageblatt an dem Robert Goebbels 

De Frank Bertemes äntwert dem Tageblatt an dem Robert Goebbels
Image par ronstik de Pixabay

De Frank Bertemes, iwwerzeegten Impfskeptiker, huet op dëser Plaz schonn op 2 Leitartikkel aus dem Lëtzebuerger Wort reagéiert. Haut dann ass et e gepefferte Bréif un d’Adress vum Tageblatt, wou de Robert Goebbels am Kontext Impfgéigner Kloertext geschwat hat. Déi géigesäiteg Konfrontatioun hëlt op alle Fall net of.

Ech fannen Är “Fairness” mat der Publikatioun vum Goebbels-Text am Forum vun haut vis-à-vis vu Leit, déi mat Argumenter, déi wëssenschaftlech ënnermauert sinn, an sech duerfir NET géint dee “Corona-Virus” impfe wëlle loossen, extreem bedauerlech.

Deen Här, deen als “Betons-Minister” mat gëllenem Bagger an d’Geschicht vum Land agaangen ass, dee seng  Respektlosegkeet der Natur, der Ëmwelt an domat dem Mënsch géigeniwwer scho jorelaang ënner Beweis stellt, a sengen (douteusen a polariséierenden) Texter seng “Klimaskepsis” scho bal stolz ëmmer erëm ënner Beweis stellt, d’Verherrlechung vu GenTech säit Joren ermiddend  praktizéiert an déi  permanent  liewensgeféierlech Atomenergie zanter Joren scho bal zelebréiert a sech dann haut erlaabt, mat anstännege Leit, déi an der Schoul de Kanner vill Guddes an Anstänneges, Mënschleches eeben,  ze vermëttele wëssen, de Geck ze maachen an ze beleidegen, da verstinn ech Iech als “Tageblatt” ganz a guer net méi, sou een infekten Text ze publizéieren.

Doriwwer eraus erlaabt dee sech, an illusterer Gesellschaft vun där iwwerhieflecher Madamm Schumacher vum Bistumsblat, eng allgemeng gesetzlech  Impfflicht ze fuerderen an den Drock op “onverantwortlech Matbierger” ze erhéijen.

Wat erlaabt dee sech? Fir wien hält deen Narziss an Egoman sech eigentlech?

Et gëtt dach kaum ee méi manifesten Egoist an Egozentriker, selbstherrlech süffisanten Ex-Minister a Salonsozialist wéi deen Här G., dee sech méi am “Wort” produzéiert, wéi bei Iech,  a sech erlaabt, d'”Land” ze zitéieren fir déi Dammen an all déi Leit, déi sech aus berechtegte Grënn net wëllen impfe loossen, via Är (an och meng!)  Zeitung ze beleidegen an als Leit ze bezeechnen, déi (Zitat Titel) “op enger  Inselwelt vun den Egoisten”  liewen. Doriwwer eraus erlaabt dee sech ze fuerderen, datt déi Leit missten entlooss ginn! Duerfir misst een de Goebbels eigentlech viru Geriicht zitéieren! Ech perséinlech géif direkt eng Plainte maachen!

Sinn absolut Egoisten, déi sech impfe gelooss hunn, doduerch vum Saulus zum Paulus (fir mol Pafejargon ze beméien) mutéiert, Leit, déi bis dohin mol net wossten wéi dat Wuert “Solidaritéit” geschriwwe géif ginn? Déi si scheinbar iwwer Nuecht  zu “Gutmensche” ginn, well se sech impfe gelooss hunn a  sech soss ni am Liewen iergendwéi engagéiert , ni eppes bénévol gemaach , ëmmer schéi brav de Bak gehalen hunn? Sinn dat déi Leit, déi Anerer kënne beleidegen – well där sinn der derbäi – nëmme just, well se sech “impfe” gelooss hunn?

Wann ech perséinlech an och aner Leit vun Ärer abonéierter Lieserschaft versichen, ee kriteschen Artikel am Kontext “C-Virus” an “Impfungen” publizéiert ze kréien, dann dréckt Dir deen einfach net of!

Firwat ignoréiert Dir dat einfach an huelt Iech mol ee Beispill un der “Zeit” an och aneren auslännesche Medien,  déi sech net scheien, am Sënn vun der Sträitkultur an der Meenungsfräiheet eebe grad absolut aner Meenungen, déi a ganz kritesch a beschtens argumentéierten, an och  fondéierten Texter ze publizéieren?

Hei schéngt et nëmmen eng EENZEG Wouerecht ze ginn, mä vergiesst net, datt mir (nach!)   eng Verfaassung hunn, déi d’Lëtzebuerger alleguer an hire Rechter schützt, an an engem  Rechtsstaat liewen  – an dat gëllt och fir dee Goebbels, och wann hie mengt, iwwer allem a jidderengem ze stoen! Dee Mann ass einfach eng Zoumuddung ginn an haut ass wuel den Zenit vun der Frechheet engagéierte Fraen vis-à-vis, déi sech an de Schoulen vill Méi mat de Kanner ginn,  an och mol ganz aner, spirituell Werter vermëttelen, ganz einfach erreecht!

Ech hoffen, datt deen Här eng Kéier dat erlieft, wat hie verdéngt huet….oder besser net, well mir Anerer sinn,  am Géigesaz zum Sieur Goebbels, Humanisten a Mënschen!

Ech sinn enttäuscht iwwer Är onfair Attitüd als Zeitung, déi ech ëmmer geschätzt hunn…

Frank Bertemes

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *