Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesondheet

Impf-Politik a Partei-Politik 

Impf-Politik a Partei-Politik
HRS

Den Dokter Gérard Schockmel war schonn d’lescht Joer opgefall, mat senge kriteschen Iwwerleeungen iwwer PCR-Tester an large scale tracing.https://bit.ly/3Iv2Uai Den Infektiolog aus den Hôpitaux Robert Schuman huet elo op en Neits zougeschloen: am Interview am Paperjam weist hien ouni ze zécken mam Fanger op d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Et geet ëm d’Impfflicht. Si soll iergendwann eng Kéier kommen, fir d’éischt fir d’Personal aus dem Gesondheetssecteur, dann fir Persounen iwwer 50 Joer. Ma ausgerechent an de Reien vun der sozialistescher Aarbechterpartei sinn si sech net eens, an esou kënnt politesche Wischi-Waschi eraus.

D’LSAP ass vum Prinzip hier mat enger Impfflicht averstanen. Si soll kommen, awer net elo, am léifsten op Mokuchsdag. Eleng déi Positioun misst schonn duergoen, datt d’Medien op dach gréisser Meenungsdivergenzen an der Dräierkoalitioun hiweisen. Dat mécht dann elo an hirer Plaz den Dokter, net politesch, ma aus der Siicht vun engem Wëssenschaftler.

Hien hëlt kee Blat virun de Mond. Éischte Virworf: d’Madamm Lenert hätt ze laang den Appell ignoréiert aus de Reien vun den Experten. Déi Vaccinatiounsflicht kënnt op alle Fall ze spéit fir den Omicron an der Gitt ze halen, wouriwwer den Här Schockmel ironiséiert: Tout d’abord, one ne fait rien et, ensuite, on dit que c’est trop tard! De Mann präziséiert, datt esou eng Impfflicht zu dësem Ablack tatsächlech net vill bréngt, ma datt et drëm geet, elo den nächste Wanter ze preparéieren.

Deen Ament wier een also dem Virus e Schrack viraus! De Schockmel weist weider drop hin, datt d’Diskussiounen iwwer eng eventuell Impfflicht eng hallef Éiwegkeet daueren, datt Gesetztexter musse geschriwwe ginn, Vote an der Chamber, an datt een eng laang Ulafphase brauch, bis datt alles an der Praxis un d’Rulle kënnt. A wéi an Éisträich kéint een och bei eis drun denken, d’Sanktiounen géint d’Impfgéigner zäitlech ze staffelen.

Kee Mënsch kéint soen, wat no Omicron kéim. Just eppes stéing fest: de Virus bleift an der Circulatioun, et wär also och mat neie Varianten ze rechnen ( ech hat dës Zeile grad gelies, wéi e Push koum, datt Wëssenschaftler sech Suerge maachen ëm eng nei Variant, “BA2” genannt). Et wier op alle Fall elo net d’Zäit, d’Hänn an de Schouss ze leeën.

“…D’Verspriechen, keng Impfflicht anzeféieren, war vu vir eran Quatsch…”

esou paraphraséieren ech dem Här Schockmel seng Aussoen an dësem Artikel. Et hätt ee fir d’éischt e Cadeau gemaach fir déi Leit, déi sech net wëllen imfe loossen. Dann hätt een et de Spideeler an den Altersheemer verbueden, bei hirem eegene Personal nozefroen, wou si mat hirem Impfstatus dru sinn. Weider gouf den 3G agefouert, woumatter een indirekt de Message eraus gouf, datt den Test grad esou gutt ass wéi d’Vaccinatioun. Se tester trois fois par jour pendant six mis ne crée aucune immunité.

Déi Strategie vun der Regierung goung net op. Also volte-face! Et huet een déi net vaccinéiert Persounen extreem ënner Drock gestallt, den Ablack sinn si mam 2G  quasi aus dem soziale Liewen verdammt. Dës Leit kéimen sech verrode vir. Dat alles wier d’Resultat vun enger ganz schlechter Politik!

De Schockmel geet esou guer nach méi wäit. D’Experten hätte schonn zejoert eng Impfflicht recommandéiert, ma d’Ministesch Paulette Lenert hätt déi 12 Méint versträiche gelooss, ouni iergendeppes ze ënnerhuelen: si hätt u kengem Text gebastelt, keen eenzegen Debat organiséiert, kuerz: et gouf keng Méiglechkeet, iwwer eppes Konkretes kënnen ze diskutéieren. Dat ass hefteg , an et kënnt nach besser!

Den Dokter erënnert drun, datt d’Madamm Lenert an engem Interview den 29. Dezember zejoert d’Meenung vertrueden hat, et wier besser iwwer d’Impfflicht nozedenken, wann emol….d’Pandemie eriwwer ass. Zu deem Ablack loungen allerdéngs schonn d’Recommandatiounen vun de Spezialisten um Dësch: vu Spideeler, Altersheemer, Anästhesisten, collège médical. Si all sinn fir d’Impfflicht!

Schliisslech huet d’Justizministesch Sam Tanson iwwerholl. Den Dokter wëll d’Politik duerchkuckt hunn: et wollt een sech et nëmmen net beim Vollek verhondsen. Mat enger Impfflicht muss déi Partei am meeschte leiden, déi de Ressort vun der Santé huet, also d’LSAP. Am Fall vun esou enger Flicht ginn d’Impfgéigner bei den nächste Wahlen (2023! Zweemol!) éischter kaum de Sozialisten eng Stëmm. Il y aura donc des votes perdus!

Esou wäit zu der Analyse vum Monni Dokter, déi ech gréisstendeels deelen. Et ass d’Confirmatioun vun deem, wat ech zanter Méint ze héiere kréien: tëscht dem Staatsminister an der Gesondheetsministesch sténken d’Lompen. Hien wëll Gas ginn, si steet op der Brems. Aus parteipoliteschem Kalküll. D’LSAP huet déi lescht 20 Joer permanent u politeschem Gewiicht verluer, ass um schlechste Resultat ukomm an der Nokrichszäit. Mam Paulette Lenert gesouch een fir déi nächst Wahl-Échéance en Hoffnungsschimmer.

Stëmme fänken bei den Impffrënn…a sech och eng Partie Stëmmen huelen bei den Impfskeptiker, nom Motto: mir sinn déi lescht Bastioun vun der Demokratie! Mir hunn d’Grondrechter geschützt esou gutt et goung! Déi Rechnung riskéiert, net opzegoen. D’Sozialisten hunn u sech just zousätzlech bäigedroen, datt d’Gesellschaft ëmmer méi gespléckt gëtt. Kann een domadder Stëmme raafen?

Related posts

2 Comments

  1. Gilbert

    “….ma datt et drëm geet, elo den nächste Wanter ze preparéieren.”

    A wéi soll een dat da w.e.g. maachen? Mat wéi engem Vaccin soll en dann impfen? Et sinn ëmmer nëmmen déi selwecht Floskele vun de selwechte Leit. Den Dr. Schockmel seet dach och et géif een dem Virus ëmmer hannendrun lafen? Ass dat dann net de eigentlech firwat eng Impfflicht näischt wäert bréngen? Kann hien dann an d´Zukunft kucken a weess elo schonns wéi eng Variant am Hierscht kennt? Ech mengen den Dr. Schockmel wëllt just “SÄI KAPP” duerchsetzen, senge perséinlech Astellung well hien jidderengem opzwéngen. Däitsch Experten wéi Streek an Kekulé halen och net vill vun enger Impfflicht, sinn dat dann elo lauter “domm” Experten? Da mussen et där “Dommer” awer vill ginn, well et gi ganz wéineg Länner mat enger Corona-Impfflicht.

    Den Dr. Schockmel kann ech als Expert och net ganz seriö huelen, wéinst e.a. dësen Aussoen:

    “Eng drëtt Impfung fir jiddereen ass den Ament sécher net néideg, ënnersträicht de Gérard Schockmel, seet awer, datt et bei deenen eelere Leit eng Iwwerleeung wäert wier. ”

    “Et ass zimmlech sécher, datt een, wann ee geimpft ass, kee méi ustécht”

    “Dat géif bedeiten, datt manner Leit krank ginn an datt manner Leit op der Intensivstatioun leien. Wat elo déi indesch Variant ugeet, do misst ee sech keng gréisser Suerge maachen. D’Impfstoffer géingen hir Wierksamkeet an der Reegel behalen, egal ob et déi indesch, déi südafrikanesch, déi brittesch oder déi brasilianesch Mutatioun ass.”

    Dat sinn 3 Aussoen, wou Dr. komplett falsch louch, huet sech als Expert disqulifizéiert. Ech hunn allefalls kee Vertrauen an esou een Expert. Hei zu Lëtzebuerg schéngt et Usus ze sinn als Expert ugesinn ze ginn, wann een oft an de Medien seng Tribün kritt. Dat ass allerdéngs falsch.

    Falls dat mat der Impfflicht sollt kommen, an d´Impfung manner wierksam sinn wéi erhofft an a puer Joer zu vill e Nowierkunge sollte féieren, da weess ech elo schonns wat den Dr. Schockmel ons erzielt:

    “Deemools konnt een dat awer nach et wëssen….”

    “Déi deemoleg Etüden hunn awer eppes anescht gesot….”

    “Déi deemoleg Erkenntnisser waren awer…….”

  2. Phil

    Mai: “95% Schutz”
    Jun: “70% Schutz”
    Jul: “50% Schutz”
    Aug: “Schützt nicht, aber reduziert Ausbreitung”
    Sep: “Reduziert nicht die Ausbreitung, verhindert aber schwere Fälle”
    Okt: “Verhindert nicht schwere Fälle, reduziert aber die Einweisung auf die Intensivstation”
    Nov: “Reduziert nicht die Einweisung, aber man stirbt nicht”
    Dez: “Man stirbt, kommt aber in den Himmel”

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *