Recent Posts

Post Categories

E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....

Blog Post

Divers

Hanner Biekerech sackt eng Strooss an! Käschtepunkt? Just Steiersuen! 

Hanner Biekerech sackt eng Strooss an! Käschtepunkt? Just Steiersuen!

Den Thierry Lagoda ass houferege Buergermeeschter vu Biekerech an zugläich, e geplote Mann! D’N24 am Ausgang vu senger Uertschaft an Direktioun Hitten ass zum Deel gespaart. Ponts et chaussées kënnen net schaffen, net well si net wëllen, ma net duerfen. D’Strooss ass nämlech op engem klenge Stéck agesackt a Schold dorunner ass eng Familjen Dachsen, déi ënnert der Strooss hire Bau installéiert huet. P&C huet schonn am September zejoert eng Autorisatioun am Ëmweltministère agereecht, well den Dachs steet zanter 1984 ënner Naturschutz. Den 19. Mäerz dëst Joer- also 6 Méint duerno- koum endlech de feu vert. D’Strooss däerf gefléckt ginn, allerdéngs just ënner bestëmmte Conditiounen. Kuckt Ierch den Text unn, deen de Buergermeeschter u seng Awunner verschéckt huet; einfach nëmme genéissen:

https://www.dropbox.com/s/smvz4ox4oyo9cby/IMG_1247.JPG?dl=0

Verwurrelt Situatioun also! Esou en Dachsbau kann 800 Meter laang ginn! Biekerech géif quasi vun der Baussewelt ofgeschnidde ginn. Villäicht läit d’Léisung doranner, datt de Buergermeeschter eng Koppel Wëllef op Amazon bestellt: hien ass bekanntlech den natiirleche Feind vum Dachs an deen däerf dat!

Wat de Spaass wuel kascht? Bis ewell si jo eng Hällewull Leit schonn an d’Geschicht involvéiert:de Buergermeeschter a säi Personal, Ponts et chaussées, Personal am Ministère, ech ginn derfunner aus, de Feeschter (wee baut iwwregens deen artifiziellen Dachsbau? Muss deen vum Ministère als Plang ënnerbreet ginn? Speziell Gesellschaft?),Techniker oder Informatiker fir de Bau per Kamera ze iwwerwachen an déi 21 Deeg mol 24 Stonnen auszewäerten, etc. Gutt, datt mir eng Optioun geholl hunn op den 1,2 Mio.-Awunnerstaat!

D’Famill Frech-Dachs huet hieren Numm net geklaut.

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Annick Boltz

    Moien, merci fir aeren artikel. Zur info: et lait net hanner beckerich mé zu beckerich. Mir wunnen och nach do…… dir kennt gaeren bis luussen kommen fir e weideren artikel a fotos. Den dacks as eisen nooper!!
    Mir leiden ennert dem traffic dén hei nach mei laanscht rennt wei virdrun, net ze schwätzen vun den autos stecker dei mir schon hei opgeraaf hun wou et scho geknuppt huet. En plus as strooss total gerass an huet lächer. Weini fällt se an? Et as eng fro vun der zaitbomm…..
    Merci villmols. A.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *