Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Gréngen Affront! 

Gréngen Affront!
Image par Zoltan Suga de Pixabay

datt déi Gréng wëllen de Lëtzebuerger Automobilpark moderniséieren – méi CO2-neutral-gehéiert zu hirem Fonds de commerce: fir Natur an Ëmwelt sinn se gewielt. Datt et awer eleng eng staatlech Ënnerstëtzung fir den Elektroauto gëtt, ass eng Frechheet! Ëmsou méi, wou déi Primm sech op 8000 Euro beleeft, also kee klengen Dreck!

Déi Rechnung geet in fine net op. Ze wéineg Leit sinn op d’mannst den Ament un engem elektresche Won interesséiert. Den e-Auto huet net genuch Autonomie opweises, kann net non-stop vu Lëtzebuerg op d’Belsch Plage jauwen, a scho guer net erof duerch Frankräich bis op d’Côte d’Azur. Den e-Auto kann also just als Zweet-, respektiv als Drëtt-Woon säin Zweck erfëllen, also fir Persounen, Familljen, déi sech dat leeschte kënnen. An der Woch modern op d’Aarbecht getuckert, de Weekend de Porsche Cayenne aus der Garage geholl.

Image par Michal Jarmoluk de Pixabay

De Wort-Journalist Claude Feyereisen huet Recht, wann hien vu gréngem Klientelismus schreiwt. Hie gëtt e Wénk op dat, wat virun 13 Joer den deemolegen Ëmweltminister Lucien Lux probéiert hat: deemools goung nach bal keng Rieds vun e-Autoen, ma d’Autosteier gouf gekoppelt un den CO2-Ausstouss nom Prinzip pollueur/payeur. D’Populatioun war dorobberhinn esou rose ginn, datt de Lucien Lux net méi erëm gewielt gouf a finanziell Rettung ënner dem Staatsprabbeli hat musse sichen, mat Asyl am Staatsrot.

“Meinte sie (die Regierung) es ernst, dann wäre ihr Ziel, den nationalen Fuhrpark schnellstmöglich zu verjüngen, ganz gleich op Benzin-, Diesel- oder Elektromotor. Denn jedes alte Auto, das zugunsten eines neuen aus dem Verkehr gezogen wird, bedeutet eine Reduzierung des Co2-Ausstosses.” Déi gréng Primm adresséiert sech un déi gréng Wielerclientèle, un déi berüchtecht BOBO, d’Täschen gutt opgefëllt a mat engem zweete Wunnsëtz am Süde vu Frankräich oder am Norde vu Spuenien.

de klenge Mann vun der Strooss gëtt dobäi lénks leie gelooss! A grad dës Persoun hätt déi 8000 Euro batter néideg. Persounen a Familljen mat klengem Akommes kafen sech dacks eng Occasioun an halen dee Woon eng Dosen Joer, aus dem einfache Grond, well si sech näischt Besseres leeschte kënnen. Soll een dëse Leit elo dowéinst e schlecht Gewësse maachen?

Image par Peter H de Pixabay

Op kee Fall! Ma et sollt een éischter hinnen eng Primm zoukomme loossen ewéi Leit, déi d’Geld onnëtz drop maachen fir en Drëtt- oder Véierte-Woon. Deene méi Schwaachen wier gehollef an och der Natur; al Drecksschleider géifen aus dem Verkéier geholl an duerch nei bleche Kutschen ersat ginn, déi bedeitend manner Knascht produzéieren.

Ma déi Gréng fueren weider stur op hirer Ligne, Wonschdenken am Plaz Realpolitik. Hir geplangte Primm wäert sech zum Flopp entwéckelen. Also keng Entlaaschtung fir d’Natur, am Géigendeel, eng zousätzlech Belaaschung. Keng finanziell Entlaaschtung fir den Otto-Normalverbraucher, ma e weidere Cadeau fir Leit mat schlechtem Gewëssen a guddem Portmonni. Keng Entlaaschtung fir eise Fuerpark an och keng Ënnerstëtzung fir d’Garagisten, wou verschiddener scho mussen ëm d’Iwwerliewe kämpfen!

“…Bravo! Gutt geschafft! Awer näischt verstanen!…”

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Hieronimy Serge

    Moie Guy,
    flott geschriwwenen Artikel, ech kann dir op e puer Punkte net Rescht ginn…
    1) jo, et sinn déi Gréng déi de Sujet uginn… leider just déi Gréng, an déi sou ze attackéieren dofir ass schued!
    2) d’Autosindustrie blockéiert d’Entwécklung vun Alternativen (Elektro oder Waasserstoff) séit Joerzéngten, an d’Politik kuckt no… déi Gréng probéieren eppes ze veränneren, duerch d’Nofro vun de Leit. Wa vill Leit no Alternative froen, dann änneren d’Produzenten och. Do ginn et vill Beispiller (zb. Artikel déi duerch Kanneraarbecht bëlleg produzéiert ginn -> do wor weltwäit eng ‘Revolte’, an et ass besser ginn). Vir wat maachen d’Journalisten net méi e massiven Drock fir Verännerungen erbäizeféieren? Vir wat déi kritiséieren déi eppes wëllen änneren.
    3) Ass Elektroauto déi richteg Alternativ? Ech perséinlech menge net, zumindest net an der aktueller Form. Mee endlech geschitt eppes.
    4) De Lien tëscht em Lucien Lux an deene Grénge verstinn ech och net, hien ass jo awer Sozialist… ausser dass et eng ‘Drohung’ resp. een Opruff ass: maacht et wei mam Lucien Lux, wielt déi Gréng net méi… an da froen ech mech op däin Artikel net einfach Populismus ass géint déi Gréng ?
    5) Déi ganz Problematik ëm de Verkéier zu Lëtzebuerg ka leider just duerch eng Reduktioun verännert ginn. De Fuerpark ze reduzéieren ass effektiv e kruziale Punkt! Mee d’Alternative feelen. Firwat? Well d’Politiker (an d’Leit och) majoritär no sech kucken, hiren Intressi. Haut hu mir een Tram, deen net d’Léisung ass, mee een Deel vun der Léisung… Mengs du net wann zb d’Politik virun 20-30 Joer de Projet BTB realiséiert hätt (de BTB ass fir mech de Virprojet vum haitegen Tram), eis Situatioun eng ganz aner wier?
    Mat frëndleche Gréiss
    serge

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *