do ass esou munneches schiif gelaf an der Kommunikatioun vum Haff! D’Spannungen si grouss tëscht der Cour Grand-Ducale an der Regierung, an der Haaptsaach dem Premier Xavier Bettel, deen elo scho weess, datt hien, an zwar hien aleng, d’Zopp auszeläffele kritt.
Fir kleng unzefänken: den “Hofberichterstatter” Stéphane Bern huet d’Groussherzogin a Schutz geholl. Absolutt näischt dogéint ze soen. De Feeler läit an deem Saz :”Je pense qu’elle mérite autrement plus de considération que ce que ces petits journaleux ont bien voulu écrire sur le fonctionnement de la cour”…, mengt also,
d’Lëtzebuerger Journalisten géingen tatsächlech fir d’Doofpresse schaffen, wieren eng Zort Paparazzi, déi op eng gäil Story aussinn. Boufdeg! Dat ass eng an d’Genéck vun der ganzer Lëtzebuerger Presse, déi sécher net perfekt ass, ma déi séier seelen d’Monarchie hannerfreet, analyséiert, kommentéiert, op d’Schëpp hëlt. Eng pauschal an ofwäertend Aschätzung vun engem Mann, dee sech méi fir Leit mat Kroun um Kapp interesséiert a manner fir Leit, mam Griffel am Grapp.Et kéint ee jo higoen a behaapten, Hofberichterstatter géinge schaffen fir eng feuille de chou”, wat ech awer heimadder op kee Fall wëll behaapt hunn. D’Kolleegen wäerten sech dat verhalen! An hir Associatioun huet och schonn reagéiert, an zwar op de Bréif vum Grand-Duc:
Mit Befremden nimmt die ALJP zur Kenntnis, wie der Großherzog in seinem Schreiben vom 26 Januar 2020 zu einer Presseberichterstattung Stellung bezieht. Dass Journalisten nach einem kritischen Artikel Gegenkritik, zumal von Betroffenen, aushalten müssen, ist selbstverständlich und zählt zu den journalistischen Grundsätzen….
a weider
Dass danach Stéphane Bern, bekannter Adelsberichterstatter, und im Palais gern gesehener Gast, sich gegen die Medienberichte mit folgender Aussage positioniert, überrascht kaum: „Je pense qu’elle mérite autrement plus de considération que ce que ces petits journaleux ont bien voulu écrire sur le fonctionnement de la Cour.“ Dass er aber gegenüber RTL Belgien behauptet: „Je peux vous dire qu’à aucun moment dans le rapport on ne met en cause la grande-duchesse Maria Teresa“, lässt aufhorchen. Hat er den Waringo-Bericht gelesen, um solch eine Aussage machen zu können? Sollte er einen privilegierten Zugang zum Bericht gehabt haben, den bislang weder die Regierung, die Abgeordneten geschweige denn die hiesige Presse kennt?
Den zweete Feeler vun der Kommunikatioun läit am “oppene Bréif” vum Grand-Duc u seng Matbierger. An enger éischter Reaktioun fënnt een et mënschlech symphatesch, datt den Henri sech hannert seng Fra Maria Teresa stellt. Duerno allerdéngs stellt een sech d’Fro, ob dat huet musse sinn an ob de Groussherzog dat iwwerhaapt huet duerfe maachen?
Séier sinn Experten do, déi eis beléieren, datt de Grand-Duc esou gutt wéi guer keng Kommunikatioun däerf maachen, et sief, si ass mat engem Regierungsvertrieder esou ofgemaach a vun deem och contre-signiéiert, oder awer, säi Message ass reng privat. Ma wou hält dat “Ëffentlecht” op a wou fänkt dat “Privat” unn?! Dëse Bréif vum Groussherzog war zwar op neutrale Pabeier geschriwwen, hält awer op mam Saz:“Mir wäerte weider Ierch déngen, fir Ierch do sinn a fir Lëtzebuerg”. Hei manifestéiert sech also ganz däitlech de Staatschef an net de Mann vun enger Fra.
dat muss iergendwann riicht gebéit ginn, an de Staatsminister weess, datt hien dat muss maachen – eben, well dem Grand-Duc vun der Verfassung hir d’Hänn gebonne sinn. Aus sengem Entourage heescht et, hie wär nawell granzeg, wat bekanntlech sos esou net säi genre ass. An da leeft jo nach am Hannergrond e Prozess géint de Conseil national des femmes, well dee bekanntlech d’Fraëfederatioun aus senge Reihen ausgeschloss huet a wou et heescht, d’Madame Astrid Lulling hätt d’Grand-Duchesse un d’Pinsche bruecht.
Flott Geschichten…hätt, jo hätt Lëtzebuerg eng Boulevardspresse!
hei de ganze Communiqué vun der AJPL:
|