Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

En Haus a säi patrimoine historique 

En Haus a säi patrimoine historique
Image parPaul Brennan de Pixabay

Munnechmol geschéien Leit Saachen am Liewen, do fiert een sech un de Kapp! Esou eng Geschicht gouf mir vum Jean-Paul Goergen zougedroen. De Mann ass zanter ronn 9 Joer an der Pensioun, mä, well hien ëmmer gewinnt war, ze schaffen, wollt hien säin aalt Haus zu Bollendorf-Pont ofrappen a sech eppes Neits fir seng Famill dohinner stelle loosen. Hie koum mat engem Promoteur an d’Gespréich, et gouf alles opgemooss an den Architekt goung mat de Pläng op d’Gemeng. Do allerdéngs koum dee berüchtechte Mann mam Hummer: dat Haus steet ënner Denkmalschutz! De Proprietaire war entsaat. Dofunner goung nie Riéds, schreiwt hie mir an engem méi laangen an opgewullten Text. Hie goung also an de service des monuments historiques nofroen, wou eng léiw Madame him no laangem Siche soot: “an all eisen Dossier a fichier um computer kann ech Aert Haus net fannen!”

Wat war dann do lass? Hat d’Berduerfer Gemeng aner Informatiounen, wéi den zoustännegen Service? Hat d’Gemeng sech net mat der zoustänneger Administratioun ofgeschwat?Den Hausbesëtzer huet sech net ginn an huet op Rot vun de monuments historiques sech en Expert geholl, deen him confirméiert huet, datt et kee Sënn géif maachen, dat aalt Haus ze restauréieren, well et baufälleg wier;

image credits: pixabay

et géif op alle Fall méi deier ginn, ewéi eppes Neits opzeriichten. Ma och deen Expert war op der Gemeng laanscht gangen, fir sech ze ëmfroen a krut do nach eemol d’Bestätegung, datt dat Haus am Joer 2009 klasséiert gi wor. Wor de Proprietaire dofunner an d’Bild gesaat ginn? Hat hien eppes a sengem Courrier iwwersinn? De Jean-Paul Goergen ass op alle Fall formell, datt mat him doiwwer nie Rieds gaange wier. De Mann seet sech entsaat a fillt sech komplett iwwerdubbert.

Wat ass genee hannert där Saach? Kann eng Gemeng en Haus klasséieren, ouni dem Besëtzer Bescheed ze soen, ouni am Viraus mat him doriwwer diskutéiert ze hunn? Et hätt jo kinne sinn, datt de Proprietaire sech et deen Ament aaneschters iwwerluecht hätt a matt der Gemeng iwwer e méigleche Verkaaf vum Haus an d’Gespréich getruede wier. De Jean-Paul Goergen schreiwt mir verbattert: “ech hunn näischt méi ze verléieren, ech hu jo scho bal alles verluer”. Den Terrain kréich hien nach verkaaf, ma matt engem Haus drop, dat delabréiert ass, wat deier kascht, fir renovéiert ze ginn, dat dréckt natiirlech de Präiss erof! Villäicht mellen sech no dësem Artikel nach aner Leit, deenen et ähnlech ergoung; vu politescher Säit kréien ech gesot, datt et virun 2 Joerzéngten effektiv där Ongereimtheeten an der Prozedur ginn hätten, déi haut allerdéngs komplett behuewe wieren. Et ass och en Ennerscheed ze maachen tëscht monument historique national an deem Patrimoine, deen eng Gemeng via d’Prozedur vun hirem PAG decidéiert.

Zu dësem Sujet och en Artikel vum Jochen Zenthöfer:

https://www.dropbox.com/s/7izoad07tzr4tfz/nouveau%20document%202019-04-08%2018.55.17.pdf?dl=0

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *