Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Ëmwelt

Contournement zu Käerjeng: hunn déi Gréng se nach all?! 

Contournement zu Käerjeng: hunn déi Gréng se nach all?!

Déi Gréng ginn munchmol der Welt Stéiss, wou een sech muss un de Kapp fueren! Käerjeng soll jo e Contournement kréien. Den Tracé steet, d’Gesetz ass zanter bal 5 Joer gestëmmt, eigentlech kéint geschëppt a gebaggert ginn fir datt endlech de Verkéier an der Gemeng an iwwerhaapt am Süde vum Land entlaascht gëtt. Ugangs vum Mount Mäerz elo koumen déi Gréng mat engem komplett neien Tracé an de Projet steet nees bei Null. Ganz Käerjeng ass am Damp! Gréng wierkt eben.

E bësselchen Virgeschicht. Enn vun den 90-ger Joer goung scho Rieds vun enger eventueller Ëmgoungsstrooss. Geschitt ass laang Zäit näischt. Réischt 2012 koum den CSV-Mann Claude Wiseler mat enger éischter Variant an hat déi och op den Instanzewee bruecht. Kuerz drop: Neiwahlen! Gambia huet sech installéiert an de Contournement gouf zeréck an déi politesch salle d’attente geschéckt. 2016 schliisslech hunn de Minister Bausch an de Staatssekretär Gira hiren Tracé virgestallt.

Wichteg dobäi ass ze wëssen, datt an där Variant kee Millimeter Tunnel virgesinn war, an datt e Member vum Gemengerot op deem Punkt beim Camille Gira nogehaakt hat. Déi Gréng waren deemools strikt géint en Tunnel! Schonn nëmmen eleng well dat vill ze vill deier géif ginn. 2018 schliisslech gouf d’Gesetz fir déi Strooss gestëmmt. http://bit.ly/3JdEhAs  Wuelverstanen: ouni Tunnel! Käschtepunkt: 139 Milliounen. Nach am Mee zejoert war de François Bausch formell mat sengem Verspriechen: an 12 Méint fänke mir un mat Bauen! Dat wär elo a 6 Wochen. Esou lues hätten d’Schëlder mussen opgeriicht ginn.

Verspriechen sinn do fir si ze briechen, besonnesch an der Politik. An dësem Fall sinn déi Gréng awer besonnesch dreckeg virgaangen. Ouni déi geréngste Virwarnung haten si an de Ministär invitéiert -just mat engem Croquis an der Täsch-, fir matzedeelen: aus deem ale Projet gëtt näischt, mir weisen Iech elo, wéi et richteg geet!

Luxemburger Wort

De ganze Gemengerot stoung do wéi beseecht! De Buergermeeschter Michel Wolter invitéiert zanter engem Joer fir esou Geleeënheeten nämlech net eleng de Schäfferot, ma all d’politesch Parteien, déi bei him am Gemengenhaus vertruede sinn.

Op där Reunioun konnt sech also jiddereen eng Nues voll huelen a sech vun der grénger Arroganz iwwerzeegen, déi iwwregens kuerz drop an engem Communiqué vu François Bausch a Joëlle Welfring confirméiert gouf. An der Terminologie läit den Däiwel….

La nouvelle approche citée ci-avant, réduisant la perte d’espaces végétaux vitaux contribuant à contrer le dérèglement climatique et la perte de la biodiversité, ont conduit à la décision de réconcilier à nouveau tous nos objectifs par rapport au projet.

Bausch a Welfring hunn also deen neie Projet decidéiert!! Wëllen si d’Demokratie op d’Kopp stellen? Normalerweis ginn d’Ministeren mat engem Projet an de Regierungsrot an do gëtt dann decidéiert, op de Projet op den Instanzewee geschéckt gëtt oder net. An deen Ament hunn d’Ministeren och méi ewéi just e Croquis an e Löschblat am Grapp. D’Sektepartei (huet näischt mat Schampes ze dinn) schéngt dat aneschters ze gesinn an decidéiert, datt déi parlamentaresch Decisioun aus dem Joer 2018 mat engem Fiederstréch réckgängeg gemaach gëtt an decidéiert eng Decisioun ouni Regierungsdecisioun.

Esou spréngt een net em mat de Leit! Ganz dovunner ofgesinn, datt déi Gréng hiren eegene Projet vu virun 8 Joer an d’Poubelle schmäissen an domadder indirekt zouginn, datt hier éischt Aarbecht an deem Dossier esou gutt net war. Oder stécht eppes aneschters dohannert?

“…Hunn déi Gréng ze vill gefëmmt oder wat geet si un?…”

Natierlech muss een ëmmer e Projet “en cours de route” kënne liicht ëmänneren. Wann et sech allerdéngs wéi an dësem Fall ëm eng 180-Grad-Kéier handelt, brauch een e bësselchen Fangerspëtzegefill fir de betraffene Leit dat matzedeelen. Hei awer hunn d’Madamm an den Här sech beholl ewéi fréier de Bauer: de Kouflapp vun der Mëschtekaul mat eriwwer an d’Stuff geholl. Et geet net nëmmen ëm en Tunnel, ma de ganzen Tracé gouf geännert; déi eng Halschecht leeft laanscht Suessem, déi aner laanscht déi Käerjenger Aktivitéitszon.

Wat stécht hannert deem Revirement? D’Gesetz vum Contournement huet 2018 d’Parlament passéiert, also viru 5 Joer! Hätt een sech net kënnen éischter Gedanke maachen? 60 Méint ass eng laang Zäit! A wann den Tunnel deene Gréngen virun 8 Joer aus Käschtegrënn net an de Krom gepasst huet, wisou hunn si elo kee Probleem domadder. An der neier Variant kascht den Tunnel eleng iwwer 200 Milliounen! Déi aner Variant, déi bis den 3. Mäerz zeréckbehale gi war, kascht par contre am Ganzen 139 Milliounen! (Index 779,82)

le quotidien

Wat Saachen, wat Saachen, a kee Schaf fir si dran ze maachen.! Et kéint natierlech och sinn, datt déi Gréng eppes ze verstoppen hätten. An engem anere Gesetz steet nämlech och eppes iwwer déi berüchtegt Kompensatiounsmoossnamen. Wann wéinst engem Projet op der Plaz “x” mussen Beem an Hecken ëmgehaen ginn, da mussen déi op enger Plaz “Y” nei geplanzt ginn, sou datt sech de Schued op d’Ëmwelt a Grenzen hält.

Eng duerch an duerch gréng Iddi, ma et ass méi einfach, esou Gesetzer als Oppositiounspolitiker ze verlaangen ewéi si als Regierungsvertrieder an d’Praxis ëmzesetzen! Wann een sech mat deem Thema bretze kéint, hätt ee jo bestëmmt am Laf vun de leschte Joer déi eng oder aner Pressekonferenz organiséiert, fir sech an d’Vitrinn ze stellen. Kuckt mol hei! Wat mir alles fäerdeg bréngen! Nada!

An de Gemengen Käerjeng a Suessem ginn et zwou Biergerinitiativen déi sech zanter Joer fir de Bobësh a fir den Zämerbësch asetzen. Ëmweltfrënn also, déi zum Fonds de commerce vun deene Gréngen gehéieren. Villäicht loossen si sech duerch dës Tunnel-Variant zëssen?

Et ass duerchaus méiglech, datt d’Kolleegen aus dem Environnement op deem Plang net hir Aarbecht gemaach hunn, villäicht net konnte maachen, well net déi adequat Plaz fonnt gouf fir Eechen, Bichen a Spackelter nei ze planzen. Sollt ech falsch leien, sinn ech gäre bereet fir en droit de réponse ze publizéieren mam Detail vun dëse Kompensatiounsmoossnamen.

Wéi ass et dann elo mat deem éischte Projet, iwwer deen X Experten, Ingenieuren etc 9 Joer laang d’Käpp gebruckt hunn? Ass dat Gesetz tatsächlech hifälleg? Goufen de Regierungschef an déi zwou aner Koalitiounsparteien doriwwer an d’Bild gesat? Goufen si schonn hiren Accord?

Déi Gréng weisen ëmmer méi dacks, datt och si just mat Waasser kachen, nach laang net ëmmer mat Bio-Mëllech. Hei setzen si op d’mannst zwou Gemengen virun e fait accompli. Take it or leave it. Esou wéi ech de Buergermeeschter Michel Wolter an Erënnerung hunn, wäert hien am Keller schonn d’Krichsuniform strecken. Zugläich hunn Bausch a Welfring déi ganz Regierung an d’Brennnesselen gesat. Et mécht een eben wat ee kann, och wann een näischt kann!

Related posts

2 Comments

  1. Roger Braun

    GUdden Artikel
    Ass esou mat deene Grengen

  2. Pascal Ludovicy

    Dat do ass och genau een vun deenen Gren virwat die Greng als Verbouts Partei eriwer kommen.
    An dat schlemmst derbei ass dass se als Diktatoresch eriwer kommen.
    Dat do ass jo den Beweis dass Leit dobaussen an die allgemeng Meenung net aus de Loft gegraff ass.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *