Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Finanzen

Geplangte Steierreform: de “klenge Mann vun der Strooss” net vernooléissegen! (3) 

Geplangte Steierreform: de “klenge Mann vun der Strooss” net vernooléissegen! (3)
Image parwal_172619 de Pixabay

D’Regierung huet eng weider Steierreform an Aussiicht gestalt. Et ass ze hoffen, datt déi Kéier net aleng – wéi déi leschte Kéier- privat Entreprisen gefrot ginn, fir dorunner matzeschaffen. Et ass och ze hoffen, datt dat ugekënnecht Resultat um Enn wäert stëmmen, datt et nämlech kee perdant soll ginn an datt esouguer vill Bierger géinge steierlech besser ewechkommen. Dës Ausso wërft natiirlech d’Fro op: woher nehmen und nicht stehlen?!”. Esou eng Reform géif de Staat eng Staang Sue kaschten! Wou wëll d’Regierung se siche goen?

D’Gewerkschaften sinn souwisou der Meenung, datt d’Aarbecht ze héich besteiert gëtt am Verglach zum Kapital. CGFP, OGBL, LCGB weisen ëmmer nees drop hinn, datt dat Verhältnis 3:1 zu Ongonschten vun de Privatpersounen vis-à-vis vun de Betriiber eng absolutt Ongerechtegkeet ass, déi misst aus der Welt geschafe ginn; mat där Astellung ginn hir Chance natiirlech méi kleng, mat un de Steierdësch invitéiert ze ginn. Ma d’Regierung schéngt schonn ze wëssen, a wat fir eng Richtung datt d’Reform soll goen. An hierem Programm heescht et ënnert anerem: “L’introduction du barème d’impôt unique vise également à alléger la charge fiscale des personnes physiques et en particulier des catégories de personnes vulnérables, tout en tenant compte de la présence d’enfants à charge. Dans un souci d’équité et de prévisibilité, le Gouvernement veillera  dûment à prévoir des mesures compensatoires appropriées et des phases de transition”. Dat bedeit näischt aneschters, ewéi datt d’Steierklassen sollen ofgeschaaft ginn. Méi séier gesot ewéi gemaach!

Image parSteve Buissinne de Pixabay

en alen Trick bei enger Steierreform besteet nawell gären doranner, datt een op där enger Säit Steiererliichterungen decidéiert, op där anerer awer keng Upassung mécht vun der Steiertabell un d’Präisdeirecht. Dat kënnt beim Normalstierflechen gutt unn: jiddereen rechent fir sech säi Steiergewënn aus a mierkt net, datt hie scho vu vir eran ënner Ëmstänn zu de Verléirer gehéiert. Säi steierleche Gewënn ass allemol net netto! Esou war et méi wéi eng Kéier geschitt, fir d’Lescht 2009 ënner dem Finanzminister Luc Frieden. D’CGFP huet an hirem Bliétchen “fonction publique” nach ganz rezent doropper opmierksam gemaach. D’Gewerkschaft pocht och weiderhinn op eng Spekulantesteier an der Héicht vun op d’mannst 5 Prozent. Déi Steier wär geduecht fir Leit, déi am Besëtz sinn vu richteg vill Immobilien. Dat fannen ech eng gutt Iddi a sinn der Meenung, esou eng Steier misst tatsächlech kommen, an zwar vun 10 Prozent. Si géing mat Sécherheet den Immobiliemaart entlaaschten. D’CSV an der Oppositioun mengt, et kéim ee wuel net derlaanscht, mä, ass eng DP- déi zum Deel eng aner Clientèle huet- och dozou bereet?

doniewt erënnert d’CGFP drunner, datt de superreduzéierten TVA-taux vun 3 Prozent am Fall vum Kaf vun enger éischter Wunneng vill méi generéis sollt applizéiert ginn: viru 17 Joer konnt een dofunner an der Héicht vu 500.000 Euro profitéieren, den Ament awer just vun 375.000 €.

All ze gären gëtt Lëtzebuerg als Schlaraffeland bezeechent. Dat stëmmt wuel fir extreem vill Leit- besonnesch fir déi aus der “zone protégée”-, ma et gëtt och een Deel vun der Populatioun, deen ëmmer méi muss wudderen, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Grad zanter ech an der Pensioun sinn, kréien ech ëmmer méi där Stëmmen ze héieren, gi vun Initiative gewuer, mat deenen sech géint “allméiglech Ongerechtegkeeten” soll gewiert ginn. Dacks héiert een do extreeme Frust eraus! Eng penibel Situatioun am Liewen, déi een berechtegt oder onberechtegt als Ongerechtegkeet empfënnt, geet duer, fir géint d’Demokratie, géint d’Regierung, géint Politik am allgemengen ze wiéderen; do sinn der bestëmmt derbäi, déi et als “sportlech Iddi” gesinn, an de soziale Medien iwwer “Härgott an d’Welt”  vu Moies an Owes erëmzekatzen, mä ech kennen och där anerer, déi ganz einfach ënner d’Rieder komm sinn, an déi sech vun der Gesellschaft am Stach gelooss fillen.

De sougenannte Mëttelstandsbockel soll méi flaach ginn, soen se esou gutt an der Politik ewéi an de Gewerkschaften, aus deem einfache Grond, well vill Leit an deem Mëttelstandsbockel dra kludderen a fir d’Politiker deementspriechend vill Stëmme bedeiten. 2016 goufen et iwwer 18.000 Steierzueler, mat engem Nettoakommes tëscht 100.000 an 200.000 Euro, an déi berappen ronn 900 Millioune Steieren. Da loungen virun 3 Joer 53.000 Persounen bei engem Akommes tëscht 60.000 an 100.000 Euro.

Op där anerer Säit gëtt d’Patronat net midd, ze ënnersträichen, datt iwwer d’Halschent vun de Leit glat a guer keng Steieren bezuelen. An der Tabell vum Wirtschafts- a Sozialrot vun 2016 leien ëmmerhinn 238.000 Leit an der Gehaltsklass vun 0 bis 30.000 Euro. Also bal eng Véierels Millioun! Gëtt vill iwwer des Leit geschwat? Sinn si en Thema an der Aktualitéit? Ëmmerhinn kommen dës Chifferen aus engem Gremium, an deem Patronat an och Gewerkschaften sëtzen! De Pobeier ass 3 Joer al, et wär un der Zäit, deen nees aus dem Tirang erauszehuelen.

D’Regierung huet decidéiet d’crèchen an den ëffentlechen Transport gratis ze maachen. Dat ass eng enorm Entlaaschtung fir Leit mat klengem Akommes! Extreem positiv ass och d’Aféieren vum tiers-payant am Gesondheetssecteur, och dat hëlt bei ville Leit de finanziellen Drock ewech. An deem Sënn muss weider geschafft ginn, net nëmmen um steierleche Plang, well do fir déi Betraffen net vill erausspréngt.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *