Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

SREL: eemol op Esch, aller/retour, iwwer Ëmweeër! 

SREL: eemol op Esch, aller/retour, iwwer Ëmweeër!
Image parcocoparisienne de Pixabay

Geschichten leie munnechmol 25 Joer zeréck a bleiwen trotzallem aktuell. E fréiere Polizist, deen wéinst Drogenhandel an de Prisong geschéckt gi war, hätt gären d’Revisioun vu sengem Prozess, e.a. well hien der Meenung ass, datt mat engem neien Zeien d’Blat kéint gedréit ginn. Ech verweisen an dësem Kontext op en aneren Artikel op dësem Site (http://3.127.214.33/?s=e+fr%C3%A9iere+polizist)  a gi fir haut méi an den Detail, wat eng aner Geschicht betrëfft.

 

Et gouf an den 90-ger Joer géint Polizisten zu Esch enquêtéiert, mat staarke Virwërf, wat d’Korruptioun ugeet. An engem Rapport vum Escher SREC heescht et ënner anerem « ….die nicht zu verantwortenden Kontakte zum Milieu, Diskotheken, Bars, ihren Besitzern und dem Auszahlen von Geldern, um bei Feierabend die betreffenden Lokale auf dem Escher Grenzviertel nicht zu schliessen… ».

image credits: pixabay

Dobäi war an där Zäit d’Kriminalitéit an der Minettmetropol kee Pippifax, et goufe Clanën, déi géinteneen am Clinch woren; op där enger Säit Jugoslawen, op där anerer Nordafrikaner, mat am Zentrum vum Geschäft den Handel mat Drogen.

Et gouf also géint verschidde Policebeamten zu Esch enquêtéiert, an der Haaptsaach géint den deemolege Policekommissär. An där Untersuchung geet et och ëm de Mord un engem Escher Geschäftsmann, dee sech an enger vun deenen Discothéiken hätt wollen akaafen: dee Mann war mat zwou verschiddene Pistoulen erschoss ginn; hie war op enger anerer Plaz dout gemaach ginn, ewéi déi, wou spéider seng Läich fonnt gi war. Et war d’Kripo Villingen-Schwenningen, déi de Mord schliisslech konnt opklären; si haat zwou Persoune festgeholl a präziséiert am Rapport, datt d’Spuer fir eng zousätzlech Untersuchung zu Lëtzebuerg kee Sënn géif maachen. De Rapport final vun den Enquêteuren goung awer eréischt iwwer 3 Joer duerno un de Parquet général.

“De Rapport final vun den Enquêteuren goung awer eréischt iwwer 3 Joer duerno un de Parquet général.”

An engem Rapport vun de Lëtzebuerger Enquêteuren heescht et ënner anerem : « Unterzeichnete (x/y) suchten am 16.9.94 den Club Venus auf. Zu diesem Zeitpunkt weilten dort in Uniform Inspektor-Chef … und ein Brigadier Chef….Sie standen an der Theke und konsumierten Wodka Lemon. Ihr Funkgerät stand auf der Theke. Fast alle Besucher des Clubs kannten ihn gut und redeten ihn mit seinem Rufnamen an…” An engem anere Rapport gëtt dann als Konklusioun festgehaalen: “Unsere Möglichkeiten waren stets durch den Verdacht des direkten oder indirekten Mitwirkens von Polizeibeamten stark eingeschränkt. In einem Bereich zu ermitteln, der, aus welchen Gründen auch immer, von einem Teil der lokalen Polizei, abgeschirmt ist, fordert ein Abweichen von den herkömmlichen Ermittlungsmethoden”.

Och den André Steffen kënnt mat an d’Spill : hien hat bei der Police Judiciaire mat der Enquête ze dinn. Hie krut vu sengem chef hiérarchique e puermol gesot, d’Fanger dervunn ze loossen. Dat huet deen awer net gemaach….eng Zäitchen méi spéit gouf hie selwer verhaft. Hien huet bis haut d’Meenung vertrueden, datt him an der Police selwer eng Fal gestalt gi war.

image credits: pixabay.com

Egal: hie krut Prisong, woumatter seng Carrière an der Police gelaaf war. Mä, domatter war d’Saach ëm déi “Escher” nach net gedoen: de SREL-Mann André Kemmer,deen am November de Prozess gemaach kritt an deen an där Zäit an der SREC zu Esch wor, gouf vum Procureur perséinlech mat der Affaire befaasst. De Kemmer koum zur Konklusioun, datt an dëser Saach sech zwee Beamten an där Escher Geschicht strofbar gemaach haten.

Awat koum ënner dem Stréch vun där Saach eraus? Näischt! De 5. Dezember 2001  huet de Procureur Robert Biever d’Enquête astelle gelooss ; d’Virwërf géint den Escher Polizist wore verjährt an et wor och keen Untersuchungsriichter drop gesaat ginn!. Duerch e glécklechen Zoufall kruut deen Escher kuerz drop an enger anerer Saach eng Prisongsstrof op sursis a konnt esou aus der Police entlooss ginn. Ouni déi geréngsten Ënnerstellung wollen ze maachen: pikant ass, datt déi zwee Beamten aus der police judiciaire an den Dossierën Bommeleeër a SREl-Affaire enquêtéiert hunn.

… wann am November d’SREL-Prozesser ufänken, ass wuel mat däer enger oder anerer Iwweraschung ze rechnen …

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *