Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Enseignement

Och de Jesus vun Nazareth war Bauhandwierker. Wou bleift d’Opwäertung vun den Diplomer haut? 

Och de Jesus vun Nazareth war Bauhandwierker. Wou bleift d’Opwäertung vun den Diplomer haut?
selbst.de

Wann s du näischt léiers, gees du ebe Steng klappen, sot mir meng Mamm all Kéiers wann ech mol mat enger Datz heem koum. Gemengt war: wann’s du net fir Kappaarbecht ze gebrauche bass, da mussen eben deng Tatzen hierhalen. A sous-entendu: dat eent ass eng propper a respektéiert Aarbecht, bei deem aneren stees du am Dreck an du bass näischt wäert an der Gesellschaft. Dat ass nëmme bedéngt wouer, well spéitstens wann d’Toilette verstoppt ass, wann e Kuerzen am Elektreschen ass oder wann d’Wäschmaschinn sech an e Streik getrommelt huet, leien déi mat der Kappaarbecht virum Handwierker op de Knéien.

Photo de Christina Morillo: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photo-en-niveaux-de-gris-d-un-groupe-de-personnes-leve-la-main-1181344/

Fakt ass awer, datt den Interessi ënner de Jugendlechen fir d’Handwierk zanter Joer a Joerzéngten staark ofgeholl huet. Déi Erwuessen sinn dobäi net onschëlleg, schliisslech gëtt d’Decisioun -Kapp- oder Handaarbecht- meeschtens exklusiv op der Basis vu gudden oder schlechten Notten geholl, mat Ënnerstëtzung vun den Elteren. En Dokter deen am Lycée an der Biologie ëmmer 60 hat, muss dofir nach laang net gutt sinn a sengem Beruff. A wéi ass et, wann deen Dokter Chirurg ass? Wou sech also Kapp- an Handaarbecht begéinen?

D’Iddi vum tronc commun vum fréiere sozialisteschen Minister Robert Krieps kënnt mir an de Sënn. Politesch längst vum Dësch, ma et kéint een deen nees aus dem Tirang huelen. Et ass nämlech scho bal irrational, vun engem jonke Mënsch ze verlaangen, datt hien mat 12 Joer weess, ob hie besser fir dat eent oder fir dat anert ass. D’Schoulpersonal kritt dat och dacks vun Elteren aus engem anere Land dohinner geplättelt.

Photo de Tima Miroshnichenko: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/bois-homme-femme-travailler-6790083/

Et wier absolutt un der Zäit, e gemeinsame Lycée anzeféieren fir jiddereen a wou réischt no der cinquième d’Weeër getrennt ginn. An ech si ganz beim pensionéierten Lycéedirekter Gaston Ternes, deen an enger rezenter Carte Blanche op RTL d’Meenung vertrueden huet, datt deen Ablack d’Offer vun de Fächer esou breet ewéi méiglech misst sinn. Op déi Manéier huet de Jugendlechen déi beschte Chancen, bei senger Berufswiel dee richtege Choix ze huelen.

“…dat bedeit e Paradigmewiessel an dat verlaangt politesche Courage!…”

Eng breet Offer u verschiddene Fächer an déi eng ewéi an déi aner Richtung! Also duerchaus e bësselche Konschtgeschicht, Literatur, mä awer grad esou Schnuppercoursen an den Atelieren mat Handaarbecht. E Schüler dee mengt – oder éischter: deem seng Eltere mengen-, hie wär fir d’Kappaarbecht gemaach, am Léifsten mat enger Expectative fir eng Arbecht beim Staat,  gëtt villäicht esou faszinéiert vum Holz, datt hien sech fir d’Carrière vum Schräiner decidéiert.

Photo de Ono Kosuki: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-bois-jeune-en-bois-5974012/

Ech si mir bewosst, datt eise Schoulsystem doduercher zimmlech op d’Kopp géing gestalt ginn. Esou eng Decisioun verlaangt politesche Courage deen sech kaum vun engem Claude Meisch ze erwaarden ass. Ma grad an dësen Zäiten gëtt et ëmmer méi offensichtlech, datt mir mussen ëmdenken. D’Regierung trotert, datt jidder Haus sollt eng Solaranlag op den Daach installéiert kréien, datt jidder Gas- oder Pëtrolheizung sollt duerch eng Wärmpompel ersat ginn. A wien soll dat da maachen wannechgelift?! Et sinn net genuch Handwierker do! A wa Lëtzebuerg net géing an der Groussregioun rekrutéieren, mir misste wuel ouni Heizung auskommen. Wärmpompelen, Solaranlagen, Economie circulaire, Wandtechnik, Elektromobilitéit, et héiert sech schéin un, ma et sinn politesch Seefeblosen!

“…Enseignant a Studenten zesummen fir eng an déi nämmlecht Saach!…”

Tëscht 5000 a 6000 jonk Leit sinn den Ament an der Beruffsausbildung. Dat geet net duer, ëmsou méi wou si et net alleguerten wäerten bis un de Wupp packen. A wann een da weess, datt enorm vill Jugendlecher an déi “filière” gerëtscht sinn oder gedréckt goufen, also net grad fräiwëlleg do gelant sinn, da muss engem dat ze denke ginn. D’Motivatioun vun dëse Leit hält sech a Grenzen, si sinn net grad eng Hoffnung, spéider mol hiren eegene Patron ze spillen. Well och op deem Plang feelt et un Nowuess!

Photo de Oleksandr Pidvalnyi: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/garcon-a-la-recherche-sur-un-bureau-range-2781814/

Am Schoulministère gëtt dacks iwwer spéider Handwierker vu Persounen decidéiert, déi vun Tuten a Blosen keng Anung hunn. Wat soll schonn eng Geschichtsprofessesch vun Elektrotechnik verstoen. Wann een et ëmgedréit formuléiert, fält engem d’Bauzegkeet warscheinlech besser op: e Schlesser decidéiert iwwer d’Zukunft vu spéideren Historiker a Philosophen! Alles verstanen?

Engagéiert Enseignant hu sech zesumme gedoen an d’AMELUX an d’Liewe geruff https://www.amelux.lu/ Si setzen sech an fir e staarkt Handwierk an hätte gären eng Opwäertung vun den Diplomer. Hei hire Communiqué:

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Een absolut wichtegen Artikel a passt beschtens zu deem, wat verschidde Vertrieder vum Handwierk a leschter Zäit an de Medien zum Thema Handwierk a Personalmangel gesot hunn. Jo, d’Thema “Gesamtschoul” war viru laange Joren opgeworf ginn – fir dann natierlech (well dat total géint d’Opfaassung vum “gudde Lëtzebuerger” verstouss huet – den Här Kaiser seet alles dozou – an dat ass haut net besser) ganz séier “schubladiséiert” ze ginn. Déi Iddi ass awer haut ëmsou méi héichaktuell a misst erëm opgegraff ginn. Well a menger Famill Patrone sinn, mat deenen ech driwwer geschwat hunn, weess ech, datt si (an dat ass verständlech) nach een anere Problem an där Diskussioun monéieren: d’Peien, déi Handwierker an de Staats- a parastaatleche Laufbanen(Staat, Gemengen a CFL) mat hiren Opstiigsméiglechkeeten, déi do nu mol gebuede ginn, bezéien, an déi déi kleng a mëttel Betriiber nu mol net bezuele kënnen – an duerfir mussen am Ausland rekrutéieren….Dat ass ee Problem, dee scho längstens bekannt ass. Als fréieren RH-Mann bei de CFL weess ech, datt do souguer qualifizéirt Handwierker bei eis a gewësse Filièren vun där ënneschter Laufban aus hirer Spezialitéit aus dem Privatsektor eraus gewiesselt hunn, well eebe bedeitend besser bezuelt gëtt – an dat ass duerchaus legitim, a mir als CFL profitéiere jo och heivun. Dat ass awer fir d’Handwierksbetriber ee Problem, dee laang bekannt ass. Ee Paradigmewiessel wär deemno insgesamt gesinn ugesot, den “tronc commun” wär scho mol ee wichtege Bestanddeel vun deem ganzen a sécherlech sënnvoll! Il n’est jamais trop tard pour bien faire…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *