Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Dee leschte Beschass: de François Bausch géing als Minister ophalen! 

Dee leschte Beschass: de François Bausch géing als Minister ophalen!
gouvernement.lu

Den Nationalfeierdag ass glécklech iwwerstanen. Hallef Lëtzebuerg war op de Been fir mam Staatsminister e Selfie ze schéissen a fir mat Mogestäips d’Gastronomie ze ënnerstëtzen. De Xavier Bettel hat vollen Asaz gewisen fir esou vill wéi méiglech Wielerstëmmen ze fëschen, verschidde Gedrénksstänn ware schonn am spéide Mëttwoch Mëtten eidel gedronk. Luxembourg is back again! Vollen Asaz och fir munch Deputéierten. An déi maachen dat nämmlecht wéi déi normal Stierflech: si klapen a beschäissen.

D’Rumeur huet sech – grad ewéi schonn viru Méint- verbreet, den Tram- an Holzfällerminister géing aus der Regierung demissionéieren. Dat wär fir den Oktober oder November. Déi Rumeur huet e Mëttwoch an en Donneschdeg e puermol den Tour gemaach, sou datt wärend der Militärparad och de Polit-Karussel matgedréit huet.

U sech mécht et jo Sënn. De Bausch hat schonn virun enger ganzer Zäitchen dem Vollek matgedeelt, datt et fir hien no dëser Legislaturperiod Terminus ass als chef de gare, datt hien zwar nach eemol mat an d’Wahle geet, ma net méi als Minister, respektiv als Vizepremier zur Verfügung steet. An et géing de Fränz éieren, am Hierscht sengem Nofollger Plaz ze maachen, fir datt deen sech nach séier kann aschaffen fir besser Chancen bei den nächste Wahlen ze hunn.

“…Wien awer kann dem Fränz d’Waasser reechen?…”

deene Gréngen hier Personaldecken fänkt och un, dënn ze ginn. Et héiert een, den designéierten Nofollger géing François Benoy heeschen, e fréieren RTL-Mann dee bis ewell als Spëtzekandidat an der Haaptstad fir d’Gemengewahlen gehandelt gouf. Den neie Fränz géing also vum ale Fränz d’Päif iwwerhuelen, fir datt den Tram déi nächst Statiounen ka packen. De Bausch huet an deem Beräich gutt Aarbecht geleescht an hannerléisst kee Schluechtfeld.

Mam Ënnerscheed, datt de Bausch – d’nämmlecht wéi den Habeck- déi gréng Ideologie fale gelooss a seng Partei an d’Realpolitik gefouert huet. Aneschters de François Benoy: hien ass jonk, leit ënnert dem Klima-Weltënnergank-Syndrom an tréischt sech mat Vëlo an Trottinette. Hien huet allemol politesch ee vill méi wäite Wee ze goen ewéi just den Houwald erop op d’Hesper Kopp!

Weider heescht et an der Rumeur, datt deen Ament déi Gréng an der Stad Lëtzebuerg mat der Claudie Reyland als Spëtzekandidatin an d’Gemengewahle ginn. Si ass geléiert Déierendoktesch, duerchaus sympathesch a sëtzt fir déi Gréng am Gemengerot um Knuedler. Just héieren deet een net vill vun hier.

Déi Gréng hunn also och hiert Kräiz ze droen. Et kann een awer dervunner ausgoen, datt de François Bausch fir seng vill Aarbecht belount an als Deputéierten op de Krautmaart geschéckt gëtt. Jee nodeem wéi kéint hien dann do d’Roll iwwerhuelen als Oppositiounsleader!

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Deen enzege den anscheinend well bis 100 goen ass also den asselbuer…obwuel heen genug mescht gemach huet

  2. Phil

    Oh Här Kaiser, är Wieder an Gottes Numm!
    Géif de Bausch dach nëmmen goen, an säin Kolleg mam Wutz och. Hun an hirer grénger Ideologie dat ganzt Land ëmgeplout an vill Schued gemat deen d’Vollëk muss betalen. Wat nokënnt kucken mir… Haaptsach hien ass mol fort! Leider bleiwt de Schued bestoen… 🙁

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *