Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Justiz

Frank Schneider: gone with the wind! 

Frank Schneider: gone with the wind!
Marc Thoma

Iwwer zwee Joer sinn et hier, wéi de fréiere Spioun an duerno Chef vun der Gesellschaft Sandstone heivir a Frankräich um Wee fir op Lëtzebuerg vun de franséische Polizisten festgeholl gi war. D’Demande vun der Arrestatioun koum aus den USA. De Mann souz Méinte laang am Prisong, duerno mat enger elektronescher Foussfessel a sengem Haus a Frankräich.

Artikelen iwwer säi Fall fënnt een op dëser Internetsäit méi ewéi genuch. Réischt spéit, ganz spéit huet déi groussherzoglech Press sech fir hien interesséiert, an nach a Moossen. E Spioun ass eben e gelungene Mënsch a sollt hie mol Problemer hunn mam Justiz- a Sécherheetsapparat, da soll hie kucken eleng eens ze ginn.

Och d’Politik huet sech schwéier gedoen. Et hat ëmmerhin ee Joer gedauert, bis eng Question parlamentaire iwwer d’Causa Frank Schneider gestallt gouf.  https://bit.ly/429pYEq

Duerno nees silence radio. Dobäi goung a geet et drëm, datt déi lëtzebuerger Autoritéiten dem Mann sollten hëllefen, net vun de Fransousen un d’USA ausgeliwwert ze ginn. Wär hien am Grand-Duché festgeholl ginn, wier dat iwwerhaapt keng Diskussioun gewiescht. Hien hätt deen Ament säi Prozess heiheem gehat! Esou awer souz de Mann wéi op Brennnesselen bei sech doheem fest an huet op säi Lous gewaart.

marc Thoma

Lëtzebuerg huet sech wéi déi dräi Afen beholl, och vum Staatsminister Xavier Bettel -virun deem de Schneider an engem Interview mam Marc Thoma reegelrecht op d’Knéien gaange war-, koum strictement näischt. https://bit.ly/439jtT8 .

Am November zejoert hat de Marc Cigrang an engem oppene Bréif un de Staatsminister d’Fro opgeworf: Mis à part la personne privée Frank Schneider, comment est-ce possible que le Luxembourg risque de jeter en pâture son ex-chef des opérations de son propre service secret ?  Reaktioun vum Regierungschef: Nada! Nix! Null! Just d’Zitat: Fir deen maachen ech kee Fanger kromm! An esou gouf et roueg ëm de lëzebuerger James Bond.

Wann een an der Lescht probéiert huet mat him Kontakt opzehuelen, krut een keng Äntwert, och kee Réckruff, keng SMS, keen näischt. No e puer Wochen mécht een dat stutzeg an et fänkt een un, dorëmmer nozefroen. Schliislech dann dach d’Confirmatioun, datt den Ex-Spioun säin Haus verlooss huet. Déi nächst puer Zeilen schreiwen ech ausdrécklech am Conditionnel, well an dësem neie Kapitel vun der Causa Schneider den Ament näischt sécher ass.

Et heescht, Ugangs Abrëll hätt déi franséisch Premierministesch Elisabeth Borne d’Decisioun geholl, de Lëtzebuerger un Amerika auszeliweren. Dat kann awer net eng ultrageheim Decisioun gewiescht sinn, well de Frank Schneider krut et mat a konnt sech mat Zäiten duerch d’Bascht maachen. De Mann schéngt déi lescht 18 Méint e Plang B fir den Noutfall preparéiert ze hunn, schliisslech huet alles musse ganz séier goen.

Marc Thoma

Krut hien dobäi vun anere Persounen gehollef? Et ass net auszeschléissen, ma hien eleng weess dat. Aus sengem Ëmfeld heescht et nämlech, datt hien esou guer senger Fra näischt vun dësem Plang verroden huet aus deem einfache Grond, fir Fra a Kand an der Enquête ze schützen.

Gewosst ass zanter Méint, datt eng bekannte lëtzebuerger Actrice a Regisseurin un engem Film, engem Documentaire iwwer d’Causa Schneider schafft. Den Interview mat him ass an der Këscht. Wéini dee Film soll ze gesi sinn, entzitt sech menger Kenntnis, et geet den Ament wuel an der Haaptsaach ëm de Marketing, well e Film dréien kascht Suen an hie soll jo ënnert dem Stréch eppes erabréngen.

Wou de Mann sech den Ament ophält, ass net gewosst. Deen Deel vum Plang B ass bis ewell mol opgaangen. Probéiert hien, wäit ewech vu Lëtzebuerg sech eng nei Existenz opzebauen? Kee weess et, alles wat een ze héiere kritt, sinn Spekulatiounen. Beim Frank Schneider selwer gäert déi Geschicht weider: sauer Mëllech déi eropstéisst. Hie war net där klengster Beamten, hat fir d’Sécherheet am Land geschafft a gouf vu Gambia – an der Haaptsaach vum Premier Bettel-, fale gelooss ewéi eng waarm Gromper.

Méiglecherweis weess hien ze vill: Méiglecherweis deelt hien dat Wëssen enges Dags der Ëffentlechkeet mat. Méiglecherweis…ma do sinn ech schonn erëm beim Spekuléieren. Op alle Fall eng trauereg Geschicht, mat där sech de Grand-Duché net ze bretze brauch!

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Interessant.
    Da wenschen ech dem Haer Schneider vill gleck fir seng zukunft.
    Affaire a suivre…

  2. Frank Bertemes

    Gläichfalls – och vu menger Säit. Eng méi wéi komësch Affaire jiddefalls wou d’Leit eemol méi wuel ganz wéineg gewuer ginn….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *