Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Enseignement

Rosen Polizisten! Dat misst net sinn! 

Rosen Polizisten! Dat misst net sinn!
rtl.lu

Et geet nach ëmmer ëm d’Unerkennen vum Schoulofschloss an der Carrière vum Polizist. E rezente Presse-Communiqué verdäitlecht, datt de Malaise déif sëtzt. Besonnesch natierlech an engem Super-Wahljoer. D’Association du personnel policier détenteur d’un diplôme de fin d’études secondaires, kuerz ADESP geet dervunner aus, datt an hiere Reien honnerte vu Polizisten diskriminéiert ginn. Op RTL.Lu heescht et esou guer, datt d’Police dowéinst a Flame stéing. Hei den integralen Text vun hirem Schreiwes un d’Direktioun an un déi ganz Chamber:

Den 9. Februar 2023, huet den Comité Directeur vun der Police sech folgendermoossen op senger “ChangeNet”-Websäit zu den neisten Entwécklungen an den Konsequenzen vum Geriichtsprozess ëm deReclassement vun den Polizisten mat Schoul-Ofschloss geäussert:

“UPDATE (09.02.2023)

De 7. Februar waren d’Plaidoirien virun der Cour administrative am Zesummenhang mat der Cour constitutionnelle hirem Uerteel N° 174 vum 9. Dezember 2022. Der Cour administrative hier Conclusiounen wäerten deemno relativ geschwënn virleien, sou dass ee neie Gesetzestext geschaf an d’Voie expresse op enger neier gesetzlecher Basis ka weidergefouert ginn.”

Vu dass d’Policedirektioun hei op d’Uerteel N° 174 vun der Cour constitutionnelle ageet, ginn mir als ADESP dovun aus, dass si dëst Uerteel och geliest huet.

Mir sinn, genau wéi eis Direktioun, der Meenung, dass den Gesetzestext, deen d’Police 2018 reforméiert huet, muss geännert ginn. Awer net fir rëm kënnen eng “Voie expresse” ulafen loossen an ze maachen wéi wann dann rëm alles an der Rei wier, mä dass endlech (an dorëms geet et eigentlech an deem Uerteel) d’Polizisten, déi virun 2018 bei der Police waren an een Schoul-Ofschloss haten, an d’Carrière B1 reclasséiert ginn!

Mir hunn den 14. Dezember 2022, also direkt no der Publikatioun vum Uerteel N° 174, eng “Entrevue urgente” beim Minister vun der Sécurité Intérieure ugefrot, fir kënnen zesummen eng Léisung fir d’Polizisten mat Schoul-Ofschoss ze fannen, an duerno d’ “Voie expresse” rëm kënnen ulafen ze loossen. Mir waarden also elo säit 2 Méint op dës Entrevue an et gesäit ganz duerno aus, wéi wann hei rëm géif probéiert ginn hannert den Kulissen iergendeppes ze bastelen an duerno d’Gewerkschaften, wéi schonn sou oft virdrun, virun “Faits accomplis” ze stellen.

Et ass traureg ze gesinn, dass eis Direktioun an hirer Stellungnahm vum 9. Februar 2023 net eng Sekonn drop ageet, dass et an dëser Saach eigentlech dorëms geet, dass säit elo geschwënn 5 Joer honnerten Beamten mat Schoul-Ofschloss an der Police diskriminéiert ginn. Dëst gouf esou am Uerteel vun der Cour constitutionnelle festgehalen!

Bis haut koum vun kenger Säit eng Entschëllegung dofir!

Wien ass dofir responsabel? Mussen déi Persounen nët d’Konsequenzen droen?

Säit geschwënn 5 Joer ginn an der Police d’Beamten mat Secondaire-Ofschloss duerch déi zwee net-appropriéiert Mechanismen “Voie Expresse” an “Out/In” gepeitscht, mam Argument, et wieren déi gëeegent Instrumenter fir säin Schoul-Ofschloss an der Police ze valoriséieren. Dat war FALSCH!

Am Uerteel vun der Cour constitutionnelle, dat d’Policedirektioun an hirer Stellungnahm zitéiert, geet et drëm dass an der Police säit geschwënn 5 Joer honnerten Beamten diskriminéiert ginn, well et KEEN ADÄQUATEN MOYEN gëtt, dass si hiren SCHOUL-OFSCHLOSS VALORISEIEREN kënnen!

An dann geet d’Policedirektioun hin an schreift, d’Gesetz misst geännert ginn, fir dass si d’ “Voie expresse” rëm kéinten ulafen loossen?

Mir kritiséieren dës Stellungnahm ganz schaarf. Et geet eis elo duer!

Zesummen fir eis!

De Comité

 

Related posts

2 Comments

  1. George A. DESSOUROUX

    Dat dote sinn 3 wonnerbar Stellungnahmen déi hir Wuerzelen am breede Vollék hun an doduerch de Liggebattien hir Spigelfechtereien iwwer -liewen. Merci Fränk BERTEMES a Guy KAISER.

  2. George A. DESSOUROUX

    Wonnerbar Artikelen oder Lieserbréif vun den Häre Frank BERTEMES a Guy KAISER. ImpfTerror an Iwwerbevölkerung sinn hausgemaachte Problemer fir déi ons Politik ganz alleng responsabel ass. Ouni emol vu WunnéngsNout a Kriminalitéit ze schwätzen …

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *