Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Am Patientendossier sti mir all plaakeg do! 

Am Patientendossier sti mir all plaakeg do!
Image par Keith Bond de Pixabay

schonn zanter dräi Joer gondelt an de politesche Coulissen de Patientendossier. Et geet ëm den Dateschutz, ëm net méi an ëm net manner!Schliisslech stellen sech ähnlech, wann net déi nämmlecht Froen, wéi an der Fichiersproblematik bei der Police. De 15. September 2017 gouf an deem Kontext e projet vun engem groussherzogleche Reglement ugeholl; 7 Méint drop, de 5. Abrëll gouf dozou d’CNPD, also déi national Dateschutzkommissioun hiren Avis eraus. Ouni elo haut an hei an den Detail ze goen: den Avis iwwer Dichtung und Wahrheit aus deem Reglement war en Desaster, d’Kommissioun war op ville Ponkten awer och iwwerhaapt net mat deem proposéierten Text averstaanen. Iwwert e Joer duerno, am Juni 2019 koumen eng Rei Amendementer zum Projet eraus, déi allerdéngs aleng un d’CNPD weider geschéckt goufen, zu kengem Ablack un déi Dammen an Hären Deputéierten, och net un déi, déi an der zoustännger Gesondheetskommissioun sëtzen.Den zousätzlechen Avis vun der CNPD war zwar manner schaarf ausgefall, dofir awer ëmmer nach net positiv!

Haut dunn koum et zu enger weiderer Sëtzung vun där Gesondheetskommissioun an den CSV-Deputéierten Laurent Mosar hat sech drop agestallt, endlech seng Froen kënnen ze stellen. Hie krut als Aentwert eng kal Douche: dat groussherzoglecht Reglement ass an der Tëschenzäit ugeholl. Etienne Schneider a “Schniggy”-Schneider ware formell: d’Reglement gouf de 6. Dezember vun der Regierung ënnerschriwwen an ass zanter Ugangs Januar a Kraaft!

 

dat ass schonn e ganz spezielle Prozedere! Et ass zar keng Première, datt d’Regierung – jo! Och déi vu fréier!- nawell gäre just e Kadergesetz erausgëtt, fir dann den Detail mat engem Reglement oder mat enger Hällewull groussherzogleche Reglementer nozeschéissen; a bekanntlech läit an deem Detail den Deiwel. An dësem Fall ass d’Parlament allerdéngs komplett hannergaange ginn, an et handelt sech ëmmerhinn ëm den Dateschutz vum Patient, also quasi vu Jenni a Menni! Stéchwieder sinn soins partagés, e-santé.

Image par Angelo Esslinger de Pixabay

Wéi laang ginn dem Patient seng Donnée gehaalen? Ween huet Abléck? Wéi gesäit et aus mam Schutz vu Mannerjähregen? Je, duerchaus déi nämmlecht Froen, wéi am Kontext vun der Police a vum Parquet, just mam klengen Ënnerscheed, datt hei jiddereen betraff ass, ugefaangen mat senger éischter Impfung als Kand bis zu senger leschter Medikamentatioun kuerz virum Exitus.

Interessant ass och de politesche Scharlatanismus, datt de Patientendossier vum August 2018 bis de 6. Dezember zejoert iwwerhaapt keng legal Basis hat. Dat gouf op Kleeserchesdag am Hauruck-Verfahren nogeholl. An et betrëfft engersäits de Patient, anerersäits all déi sougenannten “professionnels de la santé”, di nach ze definéiere sinn: also Dokter, Infirmier, Apdikter etc.

 

de politesche Scharlatanismus kann natiirlech och politesche Kalküll gewierscht sinn. De President vun der parlamentarescher Gesondheetskommissioun ass ëmmerhin de fréiere Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo. An dee Mann sot ëmmer: déi elektronesch Patientekaart kënnt. Ein Schelm, der dabei Böses denkt! Gutt 10 Joer méi spéit hätt hien elo säin Ziil areecht! Dobäi wier et sënnvoll gewierscht, eng Diskussioun ze féieren.

Image par analogicus de Pixabay

Beispill: Dir gitt bei den Dokter/Doktesch a loosst Ierch e Medikament opschreiwen. Mat Aerer Ordonnance gitt Dir bei den Apdikter. Dee gesäit den Ament schonn op sengem Schierm, wat Dir sos esou alles u Medikamenter schléckt, also net just imodium, ma nach Schlofpëllen, Antibiotika, Viagra etc. Den Apdikter ass wéi den Dokter eng personne de confiance, déi un hiere secret gebonnen ass; wéi awer ass et mat den Ugestellten an der Apdikt, zum Beispill mat enger aide en pharmacie? Déi Persoun huet iwwerhaapt keen Berufsgeheimnis. An et ass nach just eng Fro vun der Zäit, bis déi verschidden Apdikter informatesch matenaaner vernetzt sinn.

 

dat alles hätt natiirlech zu villen Diskussioune gefouert, an der Politik an ouni Zweiwel ënnert dem Vollek! Hei huet een bewosst oder onbewosst en anere Wee gesicht, eng solution de facilité. An et huet een – bewosst oder onbewosst- d’Parlament zum BIMBO-Theater deklaréiert!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *